Comme suite à certains abus nous avons vu la nécessité de modérer ces pages. Vous pouvez nous envoyer une mail mais votre message restera caché jusqu'à ce qu'il soit approuvé par un modérateur. Pour cette raison il peut y avoir un délai entre l'envoi du message et sa visibilité en ligne.

 

162 Date: 2020-12-06 17:16

Claude Oswald a écrit:

Dëse Mëttwoch 2. Dezember 2020, eng gutt Woch virun der Ouverture vum Tramstronçon vun der Stäreplaz op d'Gare, stung am Lëtzebuerger Wort e Lieserbréif vun engem gewëssen Hamilius. Hien ass fir e Moratoire am Dossier Schnelltram op Esch a liwwert undeitungsweis e puer Argumenter :
 
Handlungsfreiheit wahren
 
Einige unverbesserliche Nörgler, zu denen auch der Unterzeichnende gehört, hatten vor Jahren Zweifel am Tram-Vorhaben der Stadt Luxemburg geäußert. Nach der Anbindung an den städtischen Bahnhof wird es nun vielleicht möglich sein zu beurteilen, in wieweit solche Bedenken berechtigt waren.
 
Wie das Urteil auch ausfallen mag: Für eine eventuelle Verbindung der Stadt Luxemburg mit Esch und Belval durch eine Trambahn wird es kaum aussagekräftig sein. Unabhängig von dieser Erkenntnis ist also die Frage, ob es nicht angebracht wäre, den Entscheid über dieses nächste Tram-Vorhaben einstweilen in der Schwebe zu halten. Schließlich sind Esch und Belval sowohl durch die Autobahn als auch durch die Eisenbahn an die Stadt Luxemburg angebunden, das Vorhaben ist also mithin kaum dringlich. Hauptgrund für einen provisorischen Aufschub könnte jedoch die Frage sein, wie die Corona-Pandemie unsere zukünftigen Lebensgewohnheiten ändern wird und dies nicht nur im städtischen Raum: In puncto regionaler Personenverkehr könnte sich die Sachlage daher wesentlich verändern. Hinzu kommt, dass in Zukunft Europa und somit auch Luxemburg wahrscheinlich wesentliche gesellschaftliche Entwicklungen bevorstehen, die ebenfalls nicht ohne Einfluss auf das Geschehen sein können.
 
Sollte man sich daher nicht vor schwerwiegenden, jedoch nicht dringlichen und somit vielleicht voreiligen Entscheidungen hüten, um sich, besonders finanziell, größtmögliche Handlungsfreiheit für eine ungewisse Zukunft zu erhalten?
 
Jean Hamilius,
Luxemburg
 
+++ +++ 
 
Ech kann duerchaus mat engem Moratoire liewen, wann et drëm geet, d’Fro vum Bedreiwer ze klären, oder déi eng oder aner Korrektur un der Trass ze berücksichtegen. Well ech muss soen, sou wéi de grénge Minister d‘Saach an der Press präsentéiert huet, huet hie mech e bësschen iwwerrannt. Vläicht geet et aner Leit ähnlech.
 
Wann de Moratoire allerdings just nëmmen e Prétexte sollt sinn, fir de Bau vun dëser Tramslinn op de Sankt Nimmerleinstag ze verréckelen an domat ze verhënneren, sinn ech dogéint.
 
Wat kënnten d‘Argumenter sinn, déi de séieren Tram op Esch a Fro stellen ? Ech spillen emol den „Avocat du Diable“ :
 
Den Télétravail kritt méi Importenz. Vill Leit schaffen an Zukunft vun doheem aus. Si brauche sech also weder mam Auto, nach mam ëffentlechen Transport ze déplacéieren.
 
Duerch d’Corona-Pandemie ergëtt sech eng Wirtschaftskrisis, bei där vill Leit hir Aarbechtsplaz verléieren. Dës Leit sëtzen an Zukunft zum groussen Deel doheem a brauche sech net méi ze déplacéieren.
 
Onofhängeg vun der Corona-Pandemie erliewe mer aktuell, dass eng Partie Banken, d‘Spuerkeess an d‘Post Filialen zoumaachen an de Leit un d’Häerz leeën, hir Operatioune vun doheem aus, iwwer Internet ze tätegen. Och dëst ergëtt eng Rei Déplacementer déi ewechfalen.
 
Ganz beléift ass an der Tëschenzäit den Online-Commerce, wou Leit Saachen iwwer Internet bestellen. Ech brauch net ze froen, ween net schonn e Buch bei Amazon bestallt huet. Ech gesinn et bei mir am Duerf, all Kéier wann d’Leit hiren ale Pabeier an de Kartong op den Trottoir stellen. Et ass souzesoe keen Haus, dat net vun Amazon beliwwert gouf. Ech gesinn iwwerall de bekannte Logo : Amazon hei, Amazon do, Amazon iwwerall.
 
Mer brauchen eis also fir eng Rei Artikelen net méi ze déplacéieren, an e Geschäft an der Stad.
 
Ech wëll awer d’Schoul net vergiessen. Et kann ee sech jo liicht virstellen, wat de Staat – d’Regierung – enorm vill Sue spuere kann, wann d’Kanner net méi an d’Schoul goe mussen, well se doheem bei hirer Tablett sëtzen a vun engem Enseignant „à distance“ enseignéiert ginn. Amplaz honnerte Schoulmeeschter a Proffen déi all Mount eng Pai musse kréien, geet ee Proff pro Fach duer. Deen hält Schoul fir d’ganzt Land, no engem bestëmmten Horaire dee fir d’ganzt Land de selwechten ass. Dowéinst brauchen d’Gemengen an de Staat och keng Schoulgebaier méi ze bauen, a si kënne sech den Entretien vun den aktuelle Schoulgebaier spueren. Déi gi ganz einfach verkaaft, oder ofgerappt, an da kënne mer Sozialwunnenge bauen.
 
Et kënnt natierlech sinn, dass déi Räich, oder Leit déi sech dat leeschte kënnen, weiderhin drop bestinn, dass hir Kanner de perséinleche Kontakt mat engem Enseignant hunn. Hei ergëtt sech eng Chance fir (deier) Privatschoulen, oder fir Enseignanten déi op eege Rechnung schaffen, an déi op d’Stonn bezuelt ginn, sou wéi eng „Stonnefra“ déi bei d'Leit botze geet.
 
Jee, op déi Manéier verstinn ech dem Jean Hamilius séng Bedenken. Wann dat doten alles kënnt, brauche mer wahrscheinlech keen Tram méi, an dann ass erëm vill Plaz op de Stroossen, fir déi puer Autoen déi nach ënnerwee sinn.
 
Claude

 

161 Date: 2017-12-03 11:53

Claude Oswald a écrit:

 
Moien Dir léif Leit,
 
Ech hoffen Dir packt Iech nach. Eisebunns- an Tramsfrënn si bekanntlech wéi kleng Kanner, déi jiddereen op d’Säit drécken, dee sech hirer Spillsaach bemächtege wëllt. Oder deen am Bild steet, wa si eng Foto maache wëllen.
 
Ech hunn an deem Kontext e schlechte Souvenir un eng Fotosonderfahrt mat engem alen Autorail an der Belsch, wou fanatesch Eisebunnsfrënn aner Leit niddergebrëllt an op een Hoer gestengegt hunn. Déi do gejaut hunn an null Toleranz bewisen hunn, waren net manner fanatesch wéi verschidde Fussballfans. Ech sinn deemools ganz ferm erféiert, an ech hu mer geschwuer, ni méi mat fanateschen Eisebunnsfrënn op den Ausfluch ze fueren.
 
Dofir soen ech mir, wann de Stater Tram mam laange Kënn, mat de grousse Radkëschten, den Y-Staangen an de bloebeliichte Puffsëtzer ageweit gëtt, halen ech mech wäit ewech. Well deen Dag sinn se all op de Been, déi fanatesch Eisebunns- an Tramsfrënn déi kee Pardon kennen. Ausserdeem drécke sech deen Dag déi fotogäil Politiker no vir, déi schonn ëmmer fir den Tram wollte gewiescht sinn, och wa se deen an den 1990er Joere bekämpft hunn.  
 
An elo ass jo en Automobilist um Kierchbierg duerch Rout gefuer an an den Tram geknuppt. Dat war bestëmmt e fanateschen Eisebunnsfrënd dee séng perséinlech Erënnerungsfoto vu virun der Aweiung wollt maachen. Hie ka sech domat bretzen, dass hien den éischten Automobilist ass deen an den Tram gerannt ass.
 
Aner Leit maachen an der Tëschenzäit de Geck mam Tram. Kuckt emol hei :
 
http://www.revoluxion.info/knuppi/
 
Schéinen Dag nach,
 
Claude

 

160 Date: 2017-07-12 12:15

Karl Marx a écrit:


Kein Sitzstreik
Tram-Monster wird auf die Leute losgelassen



25 Jahre lang wurde er angekündigt, und am Ende fand er nicht statt : Der berühmte Sitz-Streik bei der Ausfahrt des ersten Tram-Monsters gesteuert von einem gewöhnlichen Lohnempfänger ohne CFL-Mitarbeiterstatut.

Ausgerechnet am Tag als unser militanter Freund seinen großväterlichen Pflichten nachkommen musste, ordnete der Direktor von Luxtram die ersten Geh- oder Fahrschritte seines missratenen Monster-Babys an. Das war extrem hinterhältig, denn so konnte unser militanter Bopi sein Versprechen nicht einlösen und das Tram-Monster blockieren.

Die ganze Presse von Tageblöd bis RTHell war angerückt, um die Blutspuren zu fotografieren die der qualvolle Unfall hinterlassen würde. Es war alles umsonst. Der grüne Minister im Armani-Anzug und Krawatte blickte ganz traurig drein, und die beiden Polit-Hoheiten Poudre und Tension wussten sich keinen Rat, hatten sie doch bis zuletzt gehofft, die erste Ausfahrt des Tram-Monsters würde extrem spannend werden.

So aber mussten sie im Regen ausharren, und es war ziemlich langweilig.

Derweil zirkulieren Gerüchte, dass anlässlich der offiziellen Einweihung der Monster-Bahn im Dezember der liebe Bopi erneut seinen Bopi-Tag haben wird, so dass die angekündigte gewerkschaftlich militante Aktion endgültig vom Tisch ist. Bis dahin hat der Eisenbahnerlandeverband sich ohnehin in seine Bestandteile aufgelöst.

 

159 Date: 2017-02-27 09:52

Jangeli a écrit:

Et gëtt ëmmer méi blöd :

Et wier besser gewiescht en anstännegen Tram ze bauen, amplaz sech mat esou eefältege Schäinproblemer ze beschäftegen, wéi e Spëtznumm den Tram kréie soll.

Ech ka mech net erënneren, dass den alen Tram e Spëtznumm soll gehat hunn. Hie war den Tram. Punkt.

Ech ka mir allerdings virstellen, dass am aktuelle Fall d'Folkloriste sech ugesprach fillen. Respektiv alleguer déi kleng Leit déi da mengen, si géifen e wichtege Beitrag leeschten. Si goufen zwar net beim Design an och net beim Intérieur gefrot ; awer beim Numm dee guer net wichteg ass, däerfe si op eemol matschwätzen. Déi Gréng nennen dat Demokratie. Wow !

Hei sinn e puer Iddien, wat mer gradesou agefall ass :

Déi Stater Tzotzialisten nennen den Tram "Mady", an hie gëtt och weiblech, also eng Tram. D'Mady hat nämlech den Optrag kritt e "BTB" ze bauen, wousst awer näischt esou richteg domat unzefänken.

Mat deem Virschlag sinn déi Stater Blo natierlech net d'accord, an dofir nenne si den Tram "Lydie", fir drun ze erënneren dass hiert Lydie dem Mady säi "BTB" séngerzäit boykottéiert huet.

E Comitésmember vun der Tram asbl huet bei Gelegenheet den Tram vu Luxtram eng "beleidegt Liewerwurscht" genannt. Also och weiblech a passt deemno zum Trend vun der Zäit.

Déi aner Comitésmembere sinn domat net d'accord a nennen den Tram "René", well de Komerod René sech zënter 1991 zwee Been ausrappt, fir dass den Tram op Lëtzebuerg kënnt. De grénge Fligel am Comité proposéiert dogéint, ganz am Trend vun der Zäit, den Tram "Renée" ze nennen, als Undenken un eng fréier Comitésmemberin.

Verschidde Leit déi vun Ufank un géint den Tram waren, sinn och elo nach rosen. Si erdenke sech all méiglech béis Nimm : "Plogeescht", "Verkéiershindernis", "Sauerei". "Sauerei" wier iwwregens weiblech.

Unhänger vun alternativen Transportsystemer gesinn et aus hirer Siicht : "Superbus op Tramsrieder", "Seelebunn ouni Kabel", "iwwerierdesch Tunneleisebunn".

Um Enn setzt den Direkter vu Luxtram sech duerch, an dann nennt hien den Tram ganz einfach "André".

 

158 Date: 2016-08-30 10:56

Sarkast a écrit:

Moien Dir léif Tramsfrënn,

Wat hunn ech elo grad am bloe "Journal" gelies ? De schéinen Designer-Miwwel dee fir d'Arrête vum Tram virgesi war, an deen der Stad e neit Gesiicht sollt ginn, ass ofbestallt !

Et sollen elo ganz einfach an normal Arrête kommen, vun der Staang souzesoen.

Fänke mer also schonn un ze spueren ? Oder hu mer kee Geld méi, nodeem mer dem Artist séng Honorairë fir den Design vum Tram bezuelt hunn ?

Ei, ei, ei !

An da froen ech mech, ob net och nach op aner Plaze gespuert gëtt ?

Vläicht gi mer enges Dages gewuer, dass et mam Tram um Kierchbierg, mat der Standseelbunn a mam Eisebunnsarrêt Pafendall duergeet, fir déi dausende Beruffspendler op d'Aarbecht ze bréngen. Mer kréien also gesot, de Rescht géif sech net méi rechnen.

Dach ! Mer fueren eventuell nach mam Tram bis op de Glacis oder bis op d'Stäreplaz, an dann ass awer Schluss. Duerch d'Stad erof op d'Gare fuere mer mam "Mettis", well gescheit Leit à la Sepp Junior oder Francis Wagner ausrechnen, dass et mat engem "Mettis" duergeet. A wann et trotzdeem net duergoe sollt, da strécke mer eben 2 "Metissen" uneneen.

 

157 Date: 2016-02-17 10:42

Sarkast a écrit:

Moien,

Am Leitartikel haut am “Wort” gëtt d’Politik vun den CFL kritiséiert, fir d’Garen duerch simpel Bus-Haisecher ze ersetzen.

Ech weess, eenzel Leit hunn eppes géint Garen, oder si kënne sech dat net virstellen, wat eng Gare duerstellt …

Dann ass nach en Interview mam Minister Bausch, wou dëse fir e “Mettis” tëschent Ettelbréck an Dikrech plädéiert. Hie seet awer net ausdrécklech, hie géif d’Eisebunn ofschafen. Hie léisst déi Fro op. Wahrscheinlech hänkt et dann un eis, un der AÖT an un de Gewerkschaften, ob mer den néidegen Drock fir den Erhalt vun der Schinn maachen.

Sou e Minister Bausch ass jo flexibel an no alle Säiten op. De beschte Beweis ass säin Asaz fir eng direkt Fluchlinn Lëtzebuerg-New York -  eppes, wat eigentlech aus grénger Siicht eng Doudsënd misst sinn.

Mä wéi gesot :  2018 geet d’Gambia-Regierung ënner, well LSAP an DP massiv verléieren. Duerno kréie mer dann eng schwaarz-gréng Regierung, an de Bausche Fränz pilgert an d’Oktav, fir der Muttergottes Merci ze soen. Zu Lëtzebuerg ass alles méiglech !

Sarkast

 

Leitartikel : Das falsche Gleis

 „Der Abriss von Bahnhöfen wird sich als kontraproduktiv erweisen.“

 CLAUDE FEYEREISEN

Luxemburg wächst unaufhörlich. Der 700 000-Einwohner-Staat ist, unter Einbezug der Grenzpendler, (tagsüber) längst Realität. Mit allen dazugehörigen Konsequenzen in puncto Mobilität. Der zuständige Minister, François Bausch, will handeln und nicht länger, wie er den Vorgängerregierungen vorwirft, „mehr Einwohner“ mit „mehr Straßen“ beantworten. Ein ambitiöses Vorhaben, das längst keine Entgleisung der Fantasie mehr ist, sondern eine Notwendigkeit. Vor allem auf dem Hauptstadtgebiet, wo sich auch in Zukunft der Großteil wirtschaftlicher Aktivität konzentrieren wird. Die Berufstätigen von dies- und jenseits der Landesgrenzen werden mit ihren Gewohnheiten brechen und verstärkt auf die öffentlichen Verkehrsmittel, insbesondere die Bahn, umsteigen müssen, wollen sie einigermaßen zügig am Zielort „Arbeitsplatz“ ankommen.

Das Problem dabei: Das bestehende Schienennetz ist von seiner Grundausrichtung her radial ausgelegt, d. h. die einzelnen Linien fahren fast ausschließlich den Hauptbahnhof an. Ohne zeitaufwendiges, oftmals mehrfaches Umsteigen in einen Bus ist der „Job“ im Gewerbegebiet am Rande des Stadtgebietes derzeit nicht zu erreichen. Hier kommt demnächst die Tram ins Spiel, sie wird die Situation etwas entschärfen.

Ein weiteres, kaum kurzfristig zu lösendes Problem sind die bestehenden Infrastrukturen des öffentlichen Verkehrsnetzes: Sie sind nicht einladend! Der Umstiegswille der Pendler wird dadurch gebremst werden. Busbahnhöfe, die ihren Namen verdienen, sind Mangelware. Und die Bahnhöfe stammen größtenteils noch aus der Frühzeit der Eisenbahn – mitsamt entsprechender Ausstattung. Während die größeren – wie Esch/Alzette oder jetzt auch Ettelbrück – endlich modernisiert wurden bzw. werden, denkt die Eisenbahngesellschaft seltsamerweise darüber nach, an verschiedenen Bahnhöfen in ländlichen Regionen die Gebäude einfach abzureißen. So soll die „Gare“ in Kleinbettingen im Rahmen der „mise en conformité“-Arbeiten (so nennt man u. a. die Modernisierung der Bahnsteige bei den CFL) offenbar simplen Unterständen weichen. Wie sollen die Pendler zum Umstieg auf öffentliche Verkehrsmittel bewogen werden, wenn sie, zusätzlich zu den ohnehin fehlenden Annehmlichkeiten wie eine Cafeteria oder ein Zeitungskiosk, beim Warten auf den nächsten Zug auch noch Wind und Wetter trotzen müssen?

Kleinbettingen ist zudem ein Paradebeispiel unkoordinierter Vorgehensweise beim Pendler-Management: Gerade in Grenzgemeinden müsste die Eisenbahngesellschaft – und damit das Infrastruktur- und Nachhaltigkeitsministerium – dafür sorgen, dass potenzielle „Voyageurs“ aus- reichend Parkraum und einen adäquaten Bahnhof vorfinden. Eine Chance, als Alternative zur oftmals länger dauernden, aber subjektiv dennoch bequemeren Fahrt mit dem Auto akzeptiert zu werden, hat die Bahn, insbesondere in ihrer künftigen Rolle als Tram-Zubringer, nur dann, wenn sie bequemes Reisen ermöglicht. Das Wohlfühl-Empfinden muss sich bereits bei der Parkplatzsuche einstellen.

Sollten die Zukunftsarchitekten von Ministerium und Eisenbahngesellschaft sich weiter an die Meinung klammern, die Ersetzung der (immerhin beheizten) Bahnhofsgebäude durch notdürftige Unterstände mit einer höheren Frequenz der Züge zu kompensieren, dann sind sie auf dem falschen Gleis unterwegs. Auch die Tram wird ihre Rolle dann nicht in vollem Umfang spielen können.

+++ +++ 

Bausch : “Die Stadt Luxemburg wird das Zentrum wirtschaftlicher Aktivitäten bleiben, ihre Attraktivität ist weiterhin sehr hoch. Dennoch sind wir auch andernorts aktiv, beispielsweise in und um die Nordstad. Dort arbeite ich eng mit Staatssekretär Camille Gira zusammen. Wir wollen die Regierung überzeugen, für die Nordstad eine Entwicklungsgesellschaft ins Leben zu rufen, ähnlich der Agora, die auf der ehemaligen Industriebrache Belval tätig ist. Ohne eine Entwicklungsgesellschaft hat das Projekt Nordstad keine Chance. Dazu könnte dann auch der weitere Ausbau des Gewerbegebietes „Walebroch“ zwischen Ettelbrück und Diekirch gehören. Auch die Mobilität wird dort ein Thema sein, beispielsweise wäre ein Großraumbus ähnlich dem Mettis in Metz denkbar, um die Passagiere bequem und zügig zwischen beiden Polen hin und her zu befördern.”

 

156 Date: 2015-12-07 17:44

Claude Oswald a écrit:

Ech liesen um Internet op 3 Plazen, RTL, Tageblatt a Wort, dass eng Maquette vun engem Tram um Kierchbierg ausgestallt ass. Ech nennen dat Gefier mam laange Kënn de "Quasimodo". Dir kënnt an Dir sollt dat Gefier kucke goen. Ech betounen : Dir musst awer net. Et besteet keen Zwang. Et ass och net wéi an der Kierch, wou een zu allem "Amen" soe muss. Dir dierft Iech eng Meenung bilden, och wat de "Komfort" am Tram betrëfft. Wéi sëtzt een op de Sëtzer, wéi steet een am Gank ? Mir ass z.B. op enger Foto opgefall, dass d'Leit um haarden Holz sëtzen. Ausserdeem stëcht esou eng Këscht an de Fahrgastraum eran a verhënnert, dass ee séng Been riicht no ënne setze kann. Ech fannen dat schued, dass den neien Tram vun Ufank un mat Mängel behaft ass.

De Quasimodo mam laange Kënn.

Dat blot Geliichts ass vläicht schéin ze kucken ; awer et kann net driwwer ewechtäuschen, dass een um haarden Holz sëtzt a keng Plaz fir d'Féiss huet (lénks op der Foto).

Hei ass offesiichtlech méi Wäert op den Design geluecht ginn, wéi op d'Fro, ob d'Leit och kamoud sëtzen. Also wann dat d'Resultat ass wat no 24 Joer Tram asbl erauskomm ass, sinn ech einfach nëmmen enttäuscht.

Op dëser Fotomontage wëll ech weisen, wéi et misst sinn, fir dass d'Leit anstänneg sëtze kënnen. 

 

155 Date: 2015-11-27 21:36

Claude Oswald a écrit:

No der Sitzung dës Woch um Kierchbierg ass et mer kloer, dass net méi um Design vum Tram gefréckelt gëtt. Mir kréien och net déi aner Design-Virschléi ze gesinn déi d'Firma CAF fir Luxtram ausgeschafft hat, well déi sinn aus rechtleche Grënn an engem Safe agespaart.

 Ech bleiwe bei méngem Standpunkt, dass de Projet Tram eng Méiglechkeet gewiescht wier, de Public mat anzebannen a bei der Wiel vum Design participéieren ze loossen. Op déi Manéier hätten d'Leit sech mam Projet identifizéiert, an et wier effektiv "hiren" Tram gewiescht. Den Tram op der Affiche ass dogéint den Tram vu Luxtram.

 Ech sinn enttäuscht, dass ausgerechent ënnert engem grénge Minister dëst Matsproocherecht ze kuerz kënnt. Trotzdeem wëll ech heimat soen, dass ech den Tram als Transportmëttel net a Fro stellen.

 +++ +++

 Eppes anescht fällt mer op, wat näischt mam Design ze dinn huet :

 Ech hunn den Androck, wéi wann de Projet Tram haut dank dem gudde Management vu Luxtram op kee gréissere Widderstand méi stéisst. Den Här Von der Marck a séng Equipe maachen eng professionell Aarbecht.

Dofir wonnert et mech e bësschen, dass gescheit Käpp an de leschte Méint trotzdeem nach gemengt hunn, si missten den Tramsprojet kippen :

1) Den Tunnelbauingenieur Georges Schummer huet 2014 nach eng iwwerschaffte Versioun vu sénger Tunneleisebunn präsentéiert a geschriwwen : "Ech erwaarden mir, datt meng Proposen zur Kentnis geholl ginn (net taktesch ignoréiert - wéi 1999-2003), datt jiddereen Zäit kritt, se ze liesen a sech seng eege Gedanken driwwer ze maachen, an datt duerno eng sachlech Diskussioun ka gefouert ginn (anescht ewéi zënter 2003 bis haut). "

2) De fréieren AVL-Chef Georges Feltz huet zesumme mam Mathias Foehr eng Initiativ fir de Bau vun enger Seelebunn gestart. Hien huet d'Leit opgefuerdert, eng Petitioun géint den Tram ze ënnerschreiwen.

3) De leschte Virstouss géint den Tram koum vum fréieren CSV-Politiker François Colling. Hien huet eng ëffentlech Petitioun um Internet-Site vun der Chamber gestart, géint den Tram. Sénger Meenung no géif e "Bus à haut niveau de services" duergoen. Hie krout awer nëmmen 307 Ënnerschrëften an huet domat de Minimum vu 4.500 Ënnerschrëfte largement verfehlt.

Wéi ass et méiglech, dass dës Leit d'Zeeche vun der Zäit net erkannt hunn, an dass se net gemierkt hunn, dass den "Zuch" (am symbolesche Sënn) längst fort war ?

 

154 Date: 2015-11-18 14:28

Francis Wagner a écrit:

Moien,

Hat Där dat schons mat kritt: Den François Colling hat eng Petitioun géint den Tram a fir en BHNS lancéiert, déi e Samschden clôturéiert gouf.

Säin Triumph hält sech allerdings uerg a Grenzen: Am Ganzen konnt hien grad emol  307 Ennerschreften zesummekraazen.

Méi derzou op  http://www.chd.lu/wps/portal/public/PetitionDetail?action=doPetitionDetail&id=539

Bis dann,

Francis  

 

153 Date: 2015-09-20 14:42

Claude Oswald a écrit:

Et war am Joer 1999. De Sträit fir oder géint de “Bus-Tram-Bunn” war op séngem Héichpunkt ukomm. Déi zozialistesch Ministesch Mady Delvaux huet net vill vum Dossier kannt, a si huet och net vill Begeeschterung gewisen. Do war et fir déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer eng liicht Saach, fir Oppositioun géint de “BTB” ze maachen, a fir haaptsächlech géint den Tram ze stänkeren.

Am Stater “Cercle” war eng Konferenz, wou e futuristesche Bus virgestallt gouf – en Tram-Ersatz deen ouni Schinnen, ouni Oberleitung an ouni Chauffeur duerch d’Stad fuere sollt. D’Gefier sollt duerch magnéitesch Markéierunge guidéiert ginn. D’Lydie Polfer war ganz begeeschtert. Et huet mat séngem Busprojet dem Mady Delvaux säin Tram attaquéiert.

De “Phileas” – sou huet de Bus geheescht – géif also vill méi bëlleg ginn, wéi den Tram. Et kënnt ee sech d’Schinne spueren, d’Caténaire an de Chauffeur !

Wéi ech dem Lydie Polfer d’Fro gestallt hunn, ob dee Bus dann och d’Leit erkenne géif déi iwwert d’Strooss trëppelen, gouf hatt liicht rosen, well ech hatt a Verlegenheet bruecht hunn. Dofir ass et séier e Stéck zeréckgerudert an huet gemengt, et kënnt ee jo e Chauffeur op de Bus setzen.

An haut ? Wou steet d’Lydie Polfer haut ?

Vum Mady Delvaux schwätze mer net méi. Awer d’Lydie Polfer steet an der alleréischter Rei bei deenen, déi fir den Tram sinn. Hatt huet sech ëm 180 Grad gedréint.

Ech versti wahrscheinlech näischt vu Politik ; dofir stéisst esou eppes mech of.

 

152 Date: 2014-06-07 09:49

Claude Oswald a écrit:

Och nodeem d’Gesetz iwwert de Bau vum Stater Tram gestëmmt ass, dréckt d'Luxemburger Wort Lieserbréiwer of vu konservative Kräften déi géint den Tram stänkeren. Ënnert hinnen ass – oh, wat eng Schan ! – e fréiere Comitésmember vun der Tram asbl, de Léopold E. Wagner.  

Wat soll een dozou soen ?  

Dee Mann huet sech eemol ëm 180 Grad gedréint. Hie war am Ufank fir den Tram, huet duerno de Schummer kennegeléiert an ass zum Tramsgéigner ginn. Anscheinend huet de Schummer him de Verstand geklaut.  

Säi Lieserbréif ass de Beweis, dass bei den Tramsgéigner de schlechte Wëll ausschlaggebend ass. Si verharren an hirer Verweigerungshaltung.

Eng aner Theorie ass déi, dass de Leopold E. Wagner 1991 bei der Grënnung vun der Tram asbl eng Zort “U-Boot” war. Hie war vläicht ni fir den Tram, sollt awer an der Tram asbl e bëssche spionéieren (am Optrag vum Geheimdingscht), fir eenzel Comitésmemberen ze iwwerwaachen. Dat ass awer wéi gesot nëmmen eng Theorie.

 

151 Date: 2014-04-19 13:45

Claude Oswald a écrit:

Bei verschidde Leit hunn ech munchmol den Androck, dass se sech ongewollt lächerlech maachen. Ewell huet iergendee Witzbold eng Petitioun géint den Tram a fir e Referendum lancéiert, a scho maachen déi Leit voller Begeeschterung mat. D'Haaptsaach ass fir si, et geet géint den Tram.

Wat den Auteur vun der Petitioun am Détail geschriwwen huet, interesséiert si anscheinend net. Do steet nämlech : "But de la pétition: Den But as ganz kloer --> Demokratie --> Referendum : Volleck soll entscheeden ob sou een grousen Projet an enger Krisenzeit wou gespuert soll gin iwerhaapt an Fro dierf kommen. Des wéideren fannen ech et emma rem schlemm wann dovun geschwaat get dat geing den Mobilitéitsproblem léisen, mee hud dir schon dei betraffen Léit gefroot, an dat sin virun allem Frontaliéren, ob dei elo bis an Stadt eranfueren oder just bis an périphérie vun da Stadt dat wärt guer an glatt néischt un denen 150.000 Frontaliers änneren dei all Dag iwert eis Grenzen kommen an Autobuhnen vollstopfen. Et wier bei weitem mei schlau eng Vignette anzeféiren oder sech iwer aaner Mobilitéitsidéen gedanken ze maan (Ausbau vun da Franseischer Autobuhn ob duerchgänge 3 Spueren etc. )"

Wann also esou Leit wéi de Seelebunn-Feltz an den Tunnel-Schummer eng Petitioun ënnerschreiwen, wou hir Seelebunn an hiren Tunnel net emol ernimmt ginn, a wou am Géigendeel den Ausbau vun der Diddelénger Autobunn op 2 x3 Spure propagéiert gëtt, da stellen ech mir Froen. 

Ma vläicht ass et jo ganz einfach esou, dass Feltz a Schummer a Wierklechkeet ni fir den Ausbau vum ëffentlechen Transport waren, ma dass et hinne just drëm geet, den Tram deen net op hirer Mëscht gewuess ass, ze verhënneren. Oder awer si kréien - wat net onméiglech wier - eng Kommissioun, am Fall wou d'Seelebunn oder den Tunnel gebaut sollt ginn. Dat wier zwar vläicht legal, awer et géif en anert Liicht op hiren Äifer werfen, mat deem si sech fir eng Seelebunn oder en Tunnel asetzen.

 

150 Date: 2014-03-19 09:00

Claude Oswald a écrit:

De Leitartikel am Lëtzebuerger Wort vun haut ass dem Tram gewidmet ; awer den Text ass ënnert dem Strëch e bësschen zweedeiteg. Den Auteur ass net direkt géint den Tram, mengt awer, de Metzer "Mettis" wier méi bëlleg. 

Et muss ee sech d'Fro stellen, ob den Auteur de Gesetzprojet 6626 richteg gelies a verstan huet, an ob en d'Konzept "MoDu" richteg verstan huet ?

Claude

LEITARTIKEL
Lieber spät als nie

"Nach Baubeginn ist das Tram-Projekt nicht mehr zu stoppen."

CLAUDE FEYEREISEN

Zum Jahreswechsel 2009/2010 hatte es geheißen, die Stadt Luxemburg würde ihr Gesicht in naher Zukunft stark verändern. Die Rede ging von der Umgestaltung der "Porte de Hollerich", der Überdachung des Hauptbahnhofs, der Runderneuerung des Centre Aldringen und der Bebauung der Place de l'Etoile. Wirklichkeit geworden ist bis dato lediglich die Modernisierung der "Stater Gare". Obwohl unabhängig voneinander umsetzbar, haben die vier Projekte eine Gemeinsamkeit: Sie befinden sich direkt an der Trasse der geplanten Tram.

Der Startschuss für deren Bau dürfte als letzter Akt der CSV-LSAP-Regierung unter Jean-Claude Juncker in die Geschichtsbücher eingehen, zumal es das letzte Gesetzprojekt war, das Schwarz-Rot vor dem Einmarsch der Dreierkoalition ins Parlament einbrachte. Xavier Bettel und seine Mannen setzen in Sachen Verkehrspolitik auf Kontinuität und wollen den eingeschlagenen Weg weiter beschreiten - im Interesse des von Ex-Infrastruktur- und Nachhaltigkeitsminister Claude Wiseler auf den Weg gebrachten Gesamtkonzeptes namens "MoDu" (Stratégie globale pour une mobilité durable). Und genau darum geht es: um das Gesamtkonzept und dessen gesamte Umsetzung. Derzeit sind 345 Millionen Euro für den Bau der ersten Phase der Tram veranschlagt, ein weiteres Finanzierungspaket soll 2015 folgen.

Das Gesetzprojekt 6626 wurde mittlerweile auch vom Staatsrat durchgewunken. Eine formelle Ablehnung sucht man in dem Gutachten vergebens, dennoch kommt der Staatsrat nicht umhin zu bemerken, dass der erste Abschnitt der Tram das maßgeblich von den Pendlern verursachte Verkehrsproblem nicht lösen kann. Eine Feststellung, die einerseits reichlich Interpretationsspielraum lässt, andererseits aber auch der landläufig eher mäßigen Begeisterung für das Mega-Projekt entspricht, zumal es keines Urbanismus-Studiums bedarf, um wissen zu können, dass die Tram alleine (Stadt) Luxemburgs Verkehrsproblemen nicht Herr werden wird.

Dabei ist die Tram-Idee an sich keine abwegige: Im Vergleich zu den herkömmlichen Bussen kann man mit der Straßenbahn dem zu den Stoßzeiten stark erhöhten Passagieraufkommen besser gerecht werden. Allerdings ist die Tram eine sehr kostenintensive Lösung. Großraumbusse - ein solches Fahrzeug wird hierzulande derzeit von Sales-Lentz eingesetzt - könnten eine echte, günstigere, weil einfacher umzusetzende Alternative sein. Vorausgesetzt, diese Busse können auf ihnen vorbehaltenen Fahrbahnen beziehungsweise in den für die Tram vorgesehenen Korridoren (auf Kirchberg) verkehren.

Erschwerend hinzu kommt die Tatsache, dass das "MoDu"-Konzept nur dann aufgehen - sprich: das heimische Straßennetz entlasten - kann, wenn alle Phasen mitsamt dazugehörigen Peripheriebahnhöfen auch tatsächlich gebaut werden. Es bleibt demnach zu hoffen, dass - wie auch von Handelskammer-Generaldirektor Carlo Thelen in seinem Blog befürchtet - dem Staat nicht auf halber Strecke die Luft ausgeht. Denn die Tram macht nur dann Sinn, wenn sie auch ganz gebaut wird. Sollten jedoch Zweifel an der künftigen Finanzkraft des Landes bestehen, wäre jetzt noch Zeit, das "MoDu"-Projekt in seiner jetzigen Form zu stoppen und nach Alternativen Ausschau zu halten. Ein Blick nach Metz sollte jedenfalls nicht schaden ...



149 Date: 2013-12-03 22:10

Claude Oswald a écrit:

SOU ASS ET … :

D’Mady Delvaux (LSAP) huet den Tram net fäerdegbruecht.

Den Henri Grethen (DP) hat eng “Null plus”-Variant am Kapp.

De Lucien Lux (LSAP) huet kee Meter Tramschinn geluecht.

De Claude Wiseler (CSV) huet ëmmerhin e Projet de Loi an der Chamber deposéiert.

An elo kënnt de Bausche Fränz vun déi Gréng als neien Transportminister. Maar gëtt hie vereidigt.

Hie wäerd wahrscheinlech d’Éier hunn, den éischten Tram anzeweien.

Domat schléisst sech dann och de Krees, well et waren déi Gréng déi als éischt Partei zu Lëtzebuerg den Tram an d’Gespréich bruecht hunn. Awer dat ass schonn e Véierelsjoerhonnert hir.

Sou LUES si mer zu Lëtzebuerg !!!  

148 Date: 2013-10-26 13:30

Claude Oswald a écrit:

D’Wahle sinn eriwwer, de Xavier Bettel gouf Formateur vun der neier Regierung genannt, an d’CSV ass iwwerrascht iwwert den Tempo mat deem d’Welt an déi al Selbstverständlechkeete sech änneren. D’CSV motzt, ass rosen a schwätzt vu Wielerbedruch.

De Wolter ass de Mann “fürs Grobe”, an dat kënnt bei den Humpejange gutt un.

Maache mer eis näischt vir. Déi Schwaarz gi sech net esou séier geschloen. Si hunn nach eng mächteg Waff.

Dat ass net onbedingt d’kathoulesch Relioun, well sonndes ginn nëmme méi ganz wéineg Leit an d’Mass. Dem Klerus säin Afloss op d’Wahlen ass éischter marginal.

De Schwaarzen hir Waff ass d’Luxemburger Wort, déi Zeitung déi d’Wourecht konditionéiert, filtert an zerechtbéit. Wat dem Luxemburger Wort net an de Krom passt, gëtt eben net publizéiert. Déi Saachen déi net an der Zeitung stinn, existéieren tout simplement net. D’Method huet de Virdeel, dass kee behaapte kann, d’Luxemburger Wort géif léien.

Eng aner Method besteet doran, “empörte Bürger” zu Wuert kommen ze loossen. Dofir gëtt et eng Rubrik “Briefe an die Redaktion”.

Den Här Zeches huet mir an der Zäit matgedeelt, dass si an deem Beräich Här a Meeschter sinn. Oder anescht ausgedréckt : Och hei gëtt gefiltert. Et gëtt gekuckt, wat opportun ass. Wat zenséiert gëtt a wat net, dat décidéiere si.

Ëmgedréint hunn ech munchmol den Androck, eenzel Bréiwer wiere bestallt. Souguer wann ech erausliesen, dass déi betreffend Leit sech nëmmen iwwerflächlech oder guer net mam Thema beschäftegt hunn, gëtt hire Bréif verëffentlecht.

Haut steet esou e Bréif am Luxemburger Wort., wou ee ganz kloer den Androck huet, den Auteur wëllt de Projet vum Stater Tram torpedéieren. De “Mettis” ass d’Léisung, liese mer do. De Gelenkbus ass modern a vill méi bëlleg wéi deen almoudeschen Tram, kréie mer suggeréiert. Souguer de Kosenumm fir déi Lëtzebuerger Versioun vum Metzer Gelenkbus kréie mer gratis matgeliwwert. Haaptsaach ass, et bäisse genuch Leit un, an déi nei Regierung kritt et schwéier mam Projet Tram !

Et géif mech iwwregens net wonneren, wann den nächste Samschdeg e Bréif vum Georges Schummer am Luxemburger Wort sténg, deen den Tram gläichfalls ze torpedéiere versicht, deen awer an eng ganz aner Richtung geet. Sou e Bréif wéi en haut an der Zeitung steet, ass nämlech eng regelrecht Erausfuerderung fir den Tunnelbauingenieur.

 

147 Date: 2012-11-15 16:16

Francis Wagner a écrit:

Moien,

Hut Där den Bäitrag vum CSV-Fraktiounschef Spautz e Mettwoch (14.11.) am Wort (Säit 4) gelies? Do stellt dann aus heiterem Himmel en Top-CSV-Mann erëm den Tram a Fro.

Angeblech well de Staat  keng Suen dofiir hätt. Daat haat säin Parteifrenn Frieden jo och schons eng Kéier behaapt.

Um RTL-Site äntwert him de Minister Wiseler zwar, dat kee Wee laanscht den Tram géng féieren, me et schéngen schon bizarre Zoustänn an déer Partei ze herrschen (bal sou bizarre wéi an der LSAP,  wann och do zu aaneren Themen wéi dem Tram).

Op der Innotrans hat mech den Alstom-Chef Poupart-Lafarge gefroot, waat de Letzebuerger Tramsprojet kéint a Gefoor bréngen,  an ech soot him, dat Tramsgéigner déi angeblech eidel Staatskeesen als Virwand géifen benotzen.

Hien huet doropshin bemierkt, dat wär jo awer wuel net ganz seriö. Wann nämlech Letzebuerg sech keen Tram kéint leeschten, da kéint esou zimlech keen  aanert Land op der Welt dat méi maachen. Wat jo awer manifestement  nët de Fall wier.

Als Verteideger vum Tramsprojet  muss een op jidfer Fall verstärkt erfiersträischen, dat déi global Käschten vum Nët-Tram fiir eisen Haapt-Wirtschaftsstanduecht (nämlech d’Staat) däitlech  méi héich géifen leien, wéi d’Konstruktiounskäschten vum Tram.

Et muss en ferner ennersträichen dat et ouni TCSP an Zukunft grondsätzlech  net méi geet, mee dat do en BHNS schons mettelfristeg däitlech méi deier ze stoen kennt,  wéi en Tram.

Mat bäschten Gréiss,

Francis Wagner
Journaliste

Chef de rubrique politique étrangère & Europe
Directeur adjoint du groupe Editpress Luxembourg s.a.


Tageblatt
44, rue du Canal
L-4050 Esch-sur-Alzette
Tél.: +352 54 71 31-1
Fax: +352
54 71 30
fwagner@tageblatt.lu
www.tageblatt.lu

 

146 Date: 2012-01-11 23:11

Claude Oswald a écrit:

RTL huet eppes entdeckt wat sech beschtens eegent, fir nees eng endlos Diskussioun zu Lëtzebuerg auszeléisen :  De Metzer « Mettis-Tram ».

Dir kënnt op www.rtl.lu kucken, wann de « Mettis » Iech kee Begrëff ass.

Et ass, fir et direkt a riichteraus ze soen, e Bus a KEEN Tram. Punkt !

Ech si mir awer net sëcher, ob net eng Partie Leit op deen « Zuch » oder besser gesot op dee Bus sprangen an d’Argumenter opzielen déi fir de « Mettis » a géint e richtegen Tram schwätzen :

-       1) Et brauche keng geféierlech Schinne geluecht ze ginn, wou d’Velosfuerer dran trëlle géifen.

-       2) Et brauche keng gräisslech Caténairen opgehaangen ze ginn.

Eenzel Leit hunn esouwuel eng Allergie géint Schinne wéi och géint elektresch Dréit. Dat ass eben esou, an dat kënne mer net änneren.

Ech denken oder ech fäerten, dass grad a Krisenzäiten a wann et ëm den Index geet, de geplangte Lëtzebuerger Tram nees eng Kéier op d’Ofstellgleis gestallt gëtt. Respektiv dass eenzel Leit a Politiker sinn déi him d’Schinnen an déi elektresch Dréit ewechrationaliséieren.

De Metzer « Mettis » kënnt natierlech och eng Alternativ fir d’Schinn an der Nordstad sinn. Sou denke bestëmmt eenzel Leit, déi eng Allergie géint d’Eisebunn a géint déi staatlech Eisebunner hunn, oder déi diplomatesch ausgedréckt, kee « Potential » fir d’Schinn an der Nordstad gesinn.

Ech soe perséinlech, ech sinn no bal 21 Joer Tram asbl wou d’Resultat an der Stad Lëtzebuerg NULL ass, einfach mitt. Ech gleewen net méi un de Stater Tram, ausser e gëtt tatsächlech enges Dages gebaut, wann ech längst pensionéiert sinn a mech op d’Land zeréckgezunn hunn.

Ech kënnt mir virstellen, dass an der Stad Lëtzebuerg déi eng oder aner Partei op de « Mettis » spréngt, oder dann eben op de « Luxis ». Den ADR hat jo schonn an der Zäit wéi et de Schummer nach net gouf, vun enger Stad voller Gelenkbusse geschwäermt, als Alternativ zum BTB 2002 deen am Joer 2002 fuere sollt.

A propos BTB 2002 :  Wat ware mir alleguer naiv … !

Soit ! Et gëtt ee mat de Joere méi al, an da verléiert een déi jugendlech Begeeschterungsfähegkeet.

Ob déi Metzer mat hirem « Mettis » glécklech ginn, muss sech nach weisen. Och déi Nanzeger wollten en halwen Tram bauen, oder en « tramähnliches » Fahrzeug wéi déi Blo soen. Si sinn awer mat hirem « Pneuentram » ni esou richteg glécklech ginn.

Ech hu mir virgeholl, dëst Joer op den Autofestival ze goen an d’Liewe vun der aner Säit ze genéissen.  

145 Date: 2010-08-31 17:11

André Nagel a écrit:

Moien, 

Fannen déi Artikelsérie am Ament um Site ganz gudd, an ech verpassen och bal näischt op der Telé wat mat deem Thema ze dinn huet. 

War de leschte Weekend zu Paräis. Hunn endlech den T4 gesinn an ausprobéiert ! D'Paräisser hunn de Métro caséiert - bis op e puer Chantieren-, et gëtt nëmmen nach Tram gebaut: 

Den T2 ass bis un den T3 gebaut ginn. Sëcher wéinst den Ausstellungshalen bei der Porte de Versailles. 

Bis Enn 2012 gëtt den T3 bis op La Chapelle (!!) gebaut. Déi ganz "petite ceinture" mat dem Bus PC2 gëtt vertramt. De Chantier ass enorm an d'Gelenkbusser sinn um Sonndeg géint 11 Auer struppevoll. Si wësse sëcher firwat datt se den Tram do bauen. Den T3 ass um Enn 2mol méi laang wéi elo. 

Um T1 ginn vun St Denis aus 10 nei Arrêten gebaut, och bis Enn 2012. 

Déi Stuttgarter Politiker missten emol op Paräis kucke fueren! Meeschtens kënnt jo näischt Guddes aus Sarkozyland, mä tramsméisseg si se voll am Trend. 

Bescht Gréiss, Aender

 

144 Date: 2010-08-22 16:53

André Nagel a écrit:

Stuttgart 21

Et kann een nëmmen hoffen, datt se zu Stuttgart an deem Sënn erem d’Kéier kréien an hir Gare net em 90° dréien an an de Buedem tesselen.

Ech hu virun 2 Deeg alt erem eng Reportage doriwwer gesinn: „Wa Politiker bis eppes gefriess hunn, da loosse se net méi lass!“

Aender  

143 Date: 2010-07-25 14:24

Claude Oswald a écrit:

Ech liesen um Internet:

Massenpanik auf Loveparade in Duisburg

Duisburg (ddp). Bei einer Massenpanik auf der Loveparade in Duisburg sind am Samstag 15 Menschen ums Leben gekommen. Mindestens 45 weitere Personen wurden nach Polizeiangaben schwer verletzt, einige mussten reanimiert werden. Zu der Panik war es in einem Tunnel vor dem Loveparade-Gelände am ehemaligen Güterbahnhof gekommen.

Vor dem eingezäunten Gelände des Güterbahnhofs hatte sich der Besucherstrom gestaut, andere Teilnehmer wollten aber schon nach Hause. Der Tunnel war dabei ein Nadelöhr, in dem sich plötzlich Menschenmassen drängten. Dabei brach eine Panik aus, bei der mindestens neun Frauen und sechs Männer starben. Nach ersten Schätzungen waren insgesamt rund eine Million Menschen bei der Loveparade.

Auch nach dem Unglück tanzten Hunderttausende Menschen auf dem Gelände weiter. (...)

Et huet näischt direkt mat dem Här Schummer sénger Katakombebunn ze dinn, wou d'Haltestelle 50 Meter déif ënnert dem Buedem geplangt waren. An trotzdeem stellen ech mer d'Fro, wat am Fall vun enger Massepanik am Eisebunnstunnel zu Lëtzebuerg geschitt wier ...?

Et ass eng Fro, déi den Här Schummer ni zefriddestellend beäntwerte konnt. Vläicht war et him och egal, an hien huet dee Risiko bewosst a Kaf geholl ...  sou wéi et Leit gëtt déi äiskal iwwer Läiche ginn, an déi sech nach amüséiere wann aner stierwen.

 

142 Date: 2010-07-20 15:48

André Nagel a écrit:

Moien,

Zum Claude séngem alen Journal-Artikel kann ee soen, datt ëmmer erëm där al Iddien opkommen. Leschte Samsdeg hat den Här Nilles och erëm e Lieserbréif am LW fir säin "Téléveréckt" tëschent der Rhum an dem Fëschmaart an d’Gespréich ze bréngen.

Aender

De Mini-Metro als Ophänker am "Journal" am Joer 1989.  

141 Date: 2010-06-23 18:58

Claude Oswald a écrit:

Den Tunnelbaupromotiounsverein publizéiert folgenden Text op séngem Internet-Site a schéint mam Auteur d'accord ze sinn, well et liest ee kee Kommentar.

15. 6. 2010 Journal - Leserbrief Autor: Ern 

Den Autor von „Der Bus ist die bessere Tram“ (10.06.2010) möchte ich hiermit zu seinem Artikel gratulieren. Endlich, dass jemand in Ihrer Zeitung den angeblichen politischen Konsens so klar und deutlich in Frage stellt ! Ja, warum sich an einer Lösung Tram festklammern, die bei weitem mehr Geld kostet - das ja übrigens in absehbarer Zeit nicht da ist -, wenn Gelenkbusse den Benutzern denselben Komfort bieten, dieselbe Transportkapazität gewährleisten und mehr Flexibilität in der Streckenführung ermöglichen. Zudem steht diese Lösung schon zur Verfügung, und deren Machbarkeit braucht nicht erst durch teure Studien bewiesen zu werden. In einer Zeit, wo unser Staat auf sozialen Leistungen Einsparungen vornimmt, wäre es angebracht diese Studien sofort zu stoppen. Die haben unser Land schon Millionen gekostet! 

Ern

Dat heescht, eis "Tunnelbauer" si schonn zefridden, wann den Tram NET gebaut gëtt. Si kënnen absolut domat liewen, dass alles bleift wéi et ass, oder dass mer eng Stad vun de Gelenkbusse ginn ...  eng Léisung iwwregens, déi den ADR schonn a fréieren Zeite proposéiert hat.

Den Här Schummer wäerd den Eenzege sinn, deen iwwert dëse Verrod enttäuscht ass.

140 Date: 2010-06-23 18:13

Claude Oswald a écrit:

De folgenden Artikel deen ech um Internet bei www.wort.lu gelies hunn, huet näischt mam Tram ze dinn ...  an trotzdeem drängt sech e Vergleich op:

Freie Hand für Flughafen-Entwickler Lamparski
Luxemburger Unternehmer kann Anteile übernehmen

vb) – Grünes Licht für Frank Lamparski: Die Stadt Bitburg und der Eifelkreis haben dem Luxemburger Unternehmer grünes Licht für seine großen Pläne mit dem Flugplatz Bitburg gegeben. Der beschauliche Eifel-Airport soll schon in drei Jahren zum Fracht- und Passagierflughafen nationaler Bedeutung aufsteigen.

Jetzt ist es druckreif: Die Stadt und der Kreis verkaufen dem Unternehmer ihre Anteile für 100 000 Euro. Wenn das Geschäft über die Bühne ist, besitzt Lamparski Anteile von 95 Prozent an der Flugplatz-GmbH. Kreistag und Stadtrat beschlossen am Dienstag ein Papier, das das weitere Vorgehen festsetzt.

Demnach erhält Lamparski freie Hand, den ehemaligen Militärflughafen zu einem ernst zu nehmenden Flughafen in der Größenordnung des Findels oder des Hahns auszubauen. Innerhalb der nächsten drei Jahre soll Lamparski laut dem Papier fünf Millionen in den Bit-Airport investieren und unter anderem den Flugplatz mit Anlagen für den Instrumentenflug ausrüsten.

Hohe Vertragsstrafe

Wichtige Neuerung in der schriftlichen Absichtserklärung: Lamparski verzichtet darauf, für den Flughafen Nachtflugbetrieb zu beantragen. Für den Fall, dass das Projekt scheitert, muss Lamparski der Stadt und dem Kreis – die zusammen bislang 54 Prozent der Anteile halten – 800 000 Euro als Strafe zahlen.

Die große Frage, die sich die Öffentlichkeit in Luxemburg und der Eifel stellt, ist bisher unbeantwortet: Wo will Lamparski die enorme Summe auftreiben, die zum Ausbau des Flughafens nötig ist? Lamparski selbst stellte Investitionen von 400 Millionen Euro in den Raum, ohne die Geldgeber zu nennen. Er beharrte darauf, dass "internationale Fonds" die Gelder beisteuern würden. 

Suche nach Investoren

Ab jetzt hat der Unternehmer 18 Monate Zeit, um die restlichen Anteile zu übernehmen. Diese lange Frist räumten Stadt und Kreis ein, um ihm die Gelegenheit zu geben, Geldgeber für das hochfliegendes Projekt zu werben. Inzwischen soll ein unabhängiges Expertenteam den Businessplan prüfen.

Bevor die ersten Jumbo-Jets in Bitburg landen – wenn dies überhaupt jemals der Fall sein wird – muss sich Lamparski als Eigentümer auf rote Zahlen einstellen. Laut Recherchen des "Trierischen Volksfreund" schreibt der Flugplatz nämlich jedes Jahr 600 000 Euro Verluste.

(Foto: Claude Oswald)

Zénter den 1990er Joere braddelen eis Politiker schonn iwwert de Stater Tram, awer si bréngen et net fäerdeg, fir deen op d'Schinn ze setzen. D'Mady Delvaux (LSAP) huet mat séngem Train-Tram alias "BTB 2002" kläglech versot an ass am Wahlkampf 1999 total ënnergaang. Säin Nofolger den Henri Grethen (DP) ass mat enger "Null plus-Variant" komm, oder besser gesot mat enger grousser Null. 

De "Module K" respektiv d'Biergbunn vun Dummeldeng op de Kierchbierg sollt hirerseits e grousse, virprogramméierte Flop ginn.

De Lucien Lux (LSAP) huet duerno -  a während fënnef Joer -  kee Meter Schinn an der Stad geluecht. Hien huet awer fäerdegbruecht, am Keeldall eng Buslinn anzeféieren, déi der Eisebunn d'Clienten eweghëlt. Dowéinst musse séng Gewerkschaftsfrënn elo fäerten, dass d'Bunn definitiv zougemaach gëtt.

Den aktuellen "Nohaltegskeetsminister" Claude Wiseler (CSV) huet den Tram vun der Prioritéitelëscht gestrach, an esou verschwënnt den Dossier alt nees eng Kéier am Tirang.

Géint all deen Aarmut wierkt de Frank Lamparski wéi en dynamesche Senkrechtstarter. Et muss een net onbedingt e Fan vun der Fligerei sinn; ma et muss een dach zouginn, dass de Mann aktiv un d'Saach erugeet.

Provokativ gesot:  Vläicht sollte mer dem Frank Lamparski de Bau vum Stater Tram uvertrauen, fir dass et endlech virugeet ...!

(Foto: Claude Oswald)

139 Date: 2010-05-08 11:51

Claude Oswald a écrit:

Kennt Dir den Dessouroux ?

Hie war an der Zeit Vize-Präsident vun der FELES (FEDERATIOUN EIST LAND-EIS SPROOCH), vun där de Lucien Blau schreift: " (…) la FELES est travaillée par la hantise que la nation est menacée de perdre son identité, que sa survie serait mise en question par la diminution de l'instinct de survie ce qui se traduirait par un faible taux de natalité et sur le plan moral par " l'apparition d'un sentiment, d'un climat de décadence accompagnés d'une quête de valeurs matérielles, tandis que succombent les valeurs morales... ". L'identité nationale souffrirait aussi sur le plan culturel: " D'autres cultures et façons de vivre se répandent et on nous enjoint à nous adapter à des coutumes étrangères. Est-ce que cela est possible sans que nous perdions notre particularisme, sans que nous ne devenions schizophrènes, sans que nous perdions certains droits... Et si nous ne nous adaptons pas, nous serons exclus et isolés. "

La FELES refuse l'interculturalité qui selon elle n'a engendré qu' " un goulasch de peuples ". Le résultat en serait qu'une nouvelle culture ne nait pas, mais les cultures anciennes sont détruites.

(…) En 1988, la FELES adresse une circulaire aux députés ( 9-2-88) pour protester contre " le bradage de notre nationalité, puisqu'en 1987 une multitude d'étrangers sont devenus nouveaux Luxembourgeois, même si beaucoup d'entre eux ne parlent même pas notre langue. " En 1987, Georges Dessouroux, vice-président de la FELES participe à lui tout seul aux élections communales à Luxembourg-ville. La liste 6 "Lëscht fir de Letzebuerger" obtiendra 4467 suffrages. Les frictions au sein de la FELES feront que 1987 sera l'année, où deux mouvements d'extrême-droite voient le jour, le " mouvement national vert " (Greng National Bewegong) et le mouvement de libération de l'Oesling (" Eislecker Fraiheetsbewegung "). "

Klammer op : 't mengt ee bal, an denen hire Käpp wier Lëtzebuerg deemols matten am Krich gewiescht …

Klammer zou!

Dee selwechten Dessouroux deen also "de Lëtzebuerger" rette wollt, freet sech elo wéi de Geck um Bengel, dass den Tram an der Stad NET gebaut gëtt. Hie reit sech domat perfekt an d'Rei vun de Besserwësser an a gëtt séngem Ruff als notoreschen Nein-Sager gerecht.

Ech soe mir, komm, mer loossen dem Mann séng Freed, well et huet kee Wäert, dass mer äis déi nächst drei Joer géigeseiteg opreiwen a krank maachen.

Ech gleewe grondsätzlech NET un den Tram, sou wéi ech (scho laang) NET méi un dat gleewe wat d'Kierch erzielt. Mir hunn äis als Tram asbl zénter 1991 fir de Bau vun engem modernen Tram agesat, awer mir sinn net déi politesch Décideuren déi finalement décidéieren ob den Tram gebaut gëtt oder net. Ech perséinlech huelen den Tram zur Kenntnis, wann de Chantier effektiv ufänkt, an da brauch ech dee Moment kee Glawen a keng naiv Erwaardungshaltung.

Sou wéi d'Situatioun ausgeseit, gehéiert den Tram fir d'CSV aktuell NET zu de Prioritéiten, well d'CSV intern zerstridden ass. Déi ganz Saach gëtt eréischt am Wahlkampf 2014 geklärt, wa sech erausschielt ob de Wiseler-Fligel oder de Birden-Stein-Mergen-Fligel sech duerchsetzt. D'CSV ass bekanntlech e Monster mat ville Käpp, an do weess een ni wou een drun ass.

Claude Oswald

www.rtl.lu

George A. Dessouroux (2010-05-08 06:16:48)

Elo läit en um Stierwen, den Tram, an dat ass gutt esou. 2014 an der Virwahlzäit gëtt en och nach net gebaut, an domat ass en ab, wéi den Atomreakter zu Remerschen, an dee wor och gutt fort, dovunner profitéiere mir nach haut.

Den Tram vun der Gare iwwert déi nei Bréck an d'Stad ass pure Quatsch well ee jo emmer nach muss ëmklammen op der Gare, firwat geet den Här Wiseler konsequent net op dat Argument an? Ma well hie keng Äntwert dorop huet. Wéi eng GebietsMillen widderhëlt hien séch: ouni geet et net!

Quetschenoch Hàr Wiseler, esou Gebraddels hunn ech ewell héieren: ouni Atomreakter ginn zu Lëtzebuerg d'Luuchten aus ( Marcel Mart dixit als "AtomMinister vun der DP) oder ouni Haebicht ass den IndustrieStanduert Lëtzebuerg a Fro gestallt ( ween dat vu séch gin hat weess ech net méi sécher, wen et weess, soll mer et soen oder schreiwen. Merci.) Haebicht gouf ni gebaut, eng äifreg a kompetent Biergerinitiativ huet dee mat Erfolleg ofgeschoss. An e Gromperestaat si mer nawell net ginn.

An esou wäert et och mam Tram goen, et geet wonnerbar a vill besser OUNI.

Duerch dat confirméiert Emklamme lackelt ee kaum e Grenzgänger aus séngem Auto eraus an den Zuch an den Tram, dei sinn dach net vum Lämmes gebass...

Wa mer eppes Nohalteges wëlle maachen, an dofir sti jo den NohaltegkeetsMinister an och de Méco, da musse mer dem Zuch eng Chance ginn fir ennert der Stad erduerch ze fueren, et seet jo kenn, datt deen Zuch duerch déi ennescht Hell misst fueren, neen, e ka roueg racksteg duerch d'Péitrus, op halwer Héicht ongeféier, Richtung Stad fueren, ongeféier an der Mëtt tescht der aler an der neier Bréck, dann hätte mer 3 Brécken an der Péitruss, a keng provisoresch déi nees ofgerappt muss ginn, och do kéinte mer spueren.

A fir all deem blöde Gestëppels en Enn ze maachen, sollen d'Awunner aus der Stad ofstëmme wat fir eng Léisung si da gären hätten, den Tram oder den Zuch. Aus deem Grond muss och eng TunnelLéisung grad esou grëndlech studéiert ginn ewéi déi vum Tram, am anere Fall geet wéi mat der Nordstrooss, do louch och just ENG Variant vir, an dofir gouf déi gestëmmt, et wor racksteg déi falsch, haut musse mer bludden. Wëlle mer dat nach eng Kéier elo mam Tram? Eng Léisung déi um Enn just e puer Touriste vläicht ulackelt fir matzefueren?

Dat ass participativ Demokratie, mee domat hunn ons Politiker e Krämpchen, esouguer déi Gréng an nawell grad och de Méco.

Do kann een eigentlech just nach staunen.

Vive den Zuch ënnert der Stad, vive déi participativ Demokratie. Äddi Tram.

George

138 Date: 2010-02-14 09:29

Claude Oswald a écrit:

Eis Géigner vum Schummer-Verein fänken un ze philosophéieren:  Dogéint oder dofir?  Si soen, et kann een aus Prinzip géint eng Saach sinn. Si kennen awer keen deen aus Prinzip géint den Tram wier. Si sinn trotzdeem dogéint.

Am Originaltext liest dat sech folgendermoossen: 

"Abgesehen davon, dass es sehr wohl legitim sein kann, „aus Prinzip“ gegen eine öffentliche Investition zu sein, ist uns jedenfalls kein Mensch bekannt, der „aus Prinzip“ gegen die Tram wäre. Wir von der RER Luxembourg a.s.b.l. haben immer nur betont, (nicht „aus Prinzip“, sondern mit schlagfertigen Argumenten!), dass die ganze teuere Investition nicht zu den urbanistischen Gegebenheiten der Stadt Luxemburg passt und außer Verkehrschaos nichts bringt. Daran ändert auch die von offizieller Stelle groß angelegte Volksverdummungskampagne nichts (...)."

Sou nenne si dat also, wat d'Experten déi gewëssenhaft um Dossier Tram schaffen, maachen:  Eng "groß angelegte Volksverdummungskampagne".

Se sollen oppassen, eis Géigner, dass dee Schoss net no hanne lassgeet. Hir batterbéis Polemik léisst nämlech erkennen, dass si mat hirem Latein um Enn sinn, an dass hinnen näischt Gescheites méi afällt. 

137 Date: 2010-01-24 12:23

Claude Oswald a écrit:

Eis Géigner vum Schummer-Verein si sech fir keng Geschmacklosegkeet ze schued. Ewell ziele si d'Leichen, déi de Frankfurter Tram hannerlooss huet. Ech zitéieren, wat si op hirem Internet-Site schreiwen:

"Würde die „Tram léger“ in Luxemburg tatsächlich gebaut, bliebe uns eine ähnliche Unfallstatistik sicherlich nicht erspart: In Frankfurt: 31 Straβenbahn-Todesopfer in 40 Jahren auf knapp 4 Kilometern! Wie hoch müsste man ein Menschenleben in einer kalten Kosten-Nutzen Analyse einsetzen? Abgesehen vom allem menschlichen Leid."

Méi geschmacklos a méi primitiv geet et nun awer wierklech net. Wann dat do en Argument fir den Tunnel soll sinn ...  da misste sämtlech Stroossen ënnert de Buedem verluecht ginn, well d'Affer vum Autosverkéier ziele sech mat den Honnerten, wann net mat den Dausenden.

Et geseit ee ganz einfach, dass eise Géigner d'Argumenter ausginn, an dass hinne näischt Gescheites méi afällt. Si hätte besser anzepaken an opzehalen, éier si nach méi grouss Dommheeten an d'Welt setzen.

136 Date: 2010-01-07 17:24

Claude Oswald a écrit:

Disney World in Luxembourg ?



Den Här Schummer kritt Konkurrenz :  D'Firma Rollinger wëllt e Monorail bauen, deen op Stelzen an der Luucht fiert.

Et ass erstaunlech, wivill Leit um Internet-Site vun RTL déi Schnapsiddi "immens" fannen ...  och wa se bis elo nach keng Détailer gelies hunn. Ma d'Visiounen aus den 1950er Joeren, wéi eenzel Leit sech d'Zukunft ganz verréckt virgestallt hunn, mat atomgedriwwenen Autoen déi och fléie kënnten, wierken ëmmer nach no. Och de Monorail deen déi almoudesch Dampeisebunn ersetze sollt, ass e Kand aus där Zeit. Aus heideger Siicht ass hien also guer net esou nei.

Richteg spannend versprëcht déi Saach dofir ze ginn, wann d'Befürworter vum Monorail deen op Stelzen an der Luucht fiert, sech mat de Verfechter vun der Tunneleisebunn an d'Hoer kréien. Well et ass jo wuel kaum unzehuelen, dass de Staat d'Geld esou fëlleg huet, dass hien déi zwou Saache gleichzeiteg baue kann, de Monorail dee spéider och duerch d'Stad an iwwert de Kierchbierg fuere soll, an déi ënnerierdesch Eisebunn déi dem Här Schummer säin Dadda ass ...  nëmme fir dass zu Lëtzebuerg jidder Clippchen zefridden ass.

Et ass op d'mannst eppes bemierkenswäert:  Bei enger rezenter Ëmfro um Internet-Site vun RTL, wou den Tram géint déi ominéis Tunneleisebunn ausgespillt gouf, ware soi-disant 49,94 Prozent vun de Leit fir eng Tunneleisebunn. De muere kuerz no 9 Auer ware 50,03 Prozent fir de Monorail deen an der Luucht fiert, an et waren ëmmerhin nach 9,27 Prozent fir den Tram. Wéi mer dat alles ënnert een Hutt kréien, bleift mer e Rätsel.

135 Date: 2009-11-10 22:15

Claude Oswald a écrit:

RTL wëllt et genee wëssen:  Si hunn eng Ëmfro op hirem Internet-Site gestart wou d'Leit sech äussere kënnen, fir den Tram, fir den Eisebunnstunnel oder fir de Status quo. Dat soll wuel engem Referendum virgreifen, oder en Testballon fir e méigleche Referendum sinn. RTL fillt de Bols.

Dat Ganzt huet awer e puer Schéinheetsfeeler:  Déi Leit déi keen Internet-Uschloss hunn, sinn à priori ausgeschloss. Déijeneg déi e Computer um Büro an e Computer doheem stoen hunn, kënnen zweemol ofstëmmen ouni dass et opfällt. Aner Leit wunnen zu zwee oder drei oder véier a kënnen trotzdeem nëmmen eemol ofstëmmen, well de System am Prinzip net zouléisst, dass een zweemol vum selwechte Computer aus ofstëmmt. 

Ech hu mer awer vun engem Computerspezialist soe loosst, dass et technesch méiglech ass 10-, 20- oder 30mol ofzestëmmen ...  wann ee weess, wéi ee mat séngem Computer emgeet. Ech nennen dat Manipulatioun a Walfälschung. Aner Leit hunn do sëcher manner Skrupelen. 

Ech hunn haut den owent um 22.00 Auer bei www.rtl.lu geluusst, an ech hu folgend (Tësche)resultat fonnt:

Wat heescht dat also:  Sinn et 5.457 Persounen déi ofgestëmmt hunn, oder hunn eenzel Leit 10-, 20- oder 30mol ofgestëmmt?

Ma de Fall gesat, et wier alles "mit rechten Dingen" ofgelaf, wéi muss een dat Resultat -  wat jo nach net definitiv ass awer e gewëssen Trend weist -  interpretéieren?

D'Tunnelfrënn hunn déi meeschte Stëmme kritt, awer si hunn déi absolut Majoritéit verfeelt. Dat heescht jo dann net méi an net manner, wéi dass 50,36 Prozent vun de Leit déi ofgestëmmt hunn, NET fir den Tunnel sinn!

Wéi sollen d'Politiker sech no esou engem Vote verhalen? Oder solle si iwwerhaapt an esou engem techneschen Dossier wou dach vill Leit net den néidegen Duerchbléck hunn, op all déi Béierdëschgespréicher goen, déi een hei an do matkritt?

Mir schéint, RTL huet eng Iddi gehat; awer et soll een déi Ëmfro besser mat Virsicht genéissen. Och wann d'Tunnelfrënn um Enn 99 Prozent vun de Stëmme kréie sollten.

134 Date: 2009-09-07 09:06

Den Tunnel-Feind a écrit:

De Jakob vum Tunnel-Verein freet sech wéi e Geck, dass elo zu Karlsruhe den Tram "ver-metro-séiert" gëtt an domat dem Dieter Ludwig säi Liewenswierk zerstéiert gëtt.

Hie soll roueg laachen, de Jakob, well hie mengt souwisou alles besser ze wëssen.

A Wierklechkeet ginn et och ganz kritesch Stëmmen zu Karlsruhe, déi mat der "Metro-séierung" vum Tram guer net d'accord sinn. Ma vläicht fannen déi beim Jakob kee Gehéier oder si "persona non grata".

Den Tunnel-Feind

P.S. - Hei e puer Echoen aus dem Vollek, nozeliesen ënner http://www.stoppt-den-stadtbahntunnel.de/nein.htm :

Als alter, schwerbehinderter Mensch käme ich mit dem Ab- und Aufstieg im Tunnel nie zurecht. Will man uns wieder mal ausgrenzen?

Deshalb sage ich NEIN zur Kombilösung.

Beatrice von Porembski, Malerin

Straßenbahnen gehören zum Bild unserer City, und oberirdisch fahren ist viel interessanter. Es dürfen nur nicht zu viele Bahnen sein. Ich fahre täglich von Eppingen nach Karlsruhe mit der S4, die 300 km zurücklegt - muß diese durch das "Herz der Stadt" führen? Die großen regionalen Stadtbahnzüge sollten verlegt werden. Dazu ist keine U-Strab nötig.

Deshalb sage ich NEIN zur Kombilösung.

Catina Heinrich, Schauwerbegestalterin

Für behinderte, alte und und der Mobilität eingeschränkte Menschen, aber auch für Eltern mit Kindernwagen bedeuten U-Bahnen eine zeitraubende und umständliche Mühsahl. Außerdem steigt das Risiko sowie die Angst vor Übergriffen und Pöbeleien.

Deshalb sage ich NEIN zur Kombilösung.

Jörg Kreuzinger, Diplom-Verwaltungswirt (FH)
Vorsitzender Conterganverband Karlsruhe

Öffentliche Gelder müssen so eingesetzt werden, daß mit einem Minimum an Mitteleinsatz ein Maximum an Wirkung erzielt werden kann: Unterirdische Lösungen sind mindestens zehnmal so teuer wie oberirdische Lösungen gleicher Leistungsfähigkeit. Lediglich der Umbau der Krieggstraße ist eine sinnvolle Maßnahme, weil sie die Schaffung eines zusätzlichen NV-Angebotes mit der Entlastung der Kaiserstraße verbindet und der Entwicklung in die Fläche dient. Hinzu kommt, daß auch die jährlichen Folgekosten, für die es von keiner Seite Zuschüsse geben würde, eine enorme Dauer-Belastung für die VBK und indirekt für die Stadt darstellen würde.
Dies Alles vor dem Hintergrund, daß das U-Strab-Konzept für die Fahrgäste überwiegend Nachteile (z.B. längere Fußwege und Reisezeiten, Unbequemlichkeiten, usw.) mit sich brächte.

Deshalb sage ich NEIN zur Kombilösung.

Karl-Friedrich Bickel, Industriekaufmann i.R.

Nicht unter der Erde, sondern auf der Erde werden die Probleme gelöst. Deshalb stimme ich überein mit den Argumenten der Bürgerinitiative und sage

NEIN zur Kombilösung.

Prof. Dr. Klaus Gallwitz, Museumsdirektor i.R.

Das Schönste am Fahren ist der Ausblick nach draußen. Er ginge im Tunnel verloren.

In der Kaiserstrasse stören nicht die Strassenbahnen, sondern die überlangen Regionalbahnen, die umgeleitet werden können und sollten.

NEIN zur Kombilösung.

Prof. Dr. Waldemar Lemmingson, Augenarzt 

133 Date: 2009-07-05 08:37

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas de page web) a écrit:

D'Tramsgéigner an d'Tunnelfanatiker gi sech och no de Walen net geschloen, obschonn den ADR mat séngem "City Tunnel" d'Wale verluer huet. Et kritt ee richteg den Androck, wéi wann do eng Lobby dohannert stëcht, déi sech mam Tunnelbau eng gëllen Nues verdinge wëllt.

Wann een allerdings liest wat eenzel Lei zum Beschte ginn, kann een nëmmen de Kapp rëselen. 

Um Internet-Site vum RER-Verein schreift zum Beispill een: "All Staadt déi den Numm Staadt verdéngt, huet e Metro. Virwat soll Lëtzeburg schons erëm den Zuch verpassen a weiderhin 20 Joer nannendra sin. Den Här Lux soll dach sei Wahlresultat richeg interpretéieren a séng Konsequenzen zéien."

Do muss een net weit siche goen an der Groussregioun a sech d'Fro stellen: Sinn Tréier a Metz keng Stied? Oder vergleiche mir eis mat Paräis a London? Wat soll dee Schwachsinn?

Richteg polemesch geet et awer a folgendem Passage aus engem Lieserbréif zou, wou d'Tunnellobby sech an der Roll vun engem Märtyrer geseit: "Anstatt die Tramkritiker zu verteufeln, zu verketzern und zu verscheiterhaufen, sollte man ihre Einwände neutal zur Kenntnis nehmen und einer Begleitgruppe (was das auch immer sein soll) objektiv ausdiskutieren ..."

Och do kann een nëmmen de Kapp rëselen. Déi Leit hunn entweder vill Phantasie, wann et drem geet ze flunkeren. Oder awer si gesinn d'Männecher. Ma ob se dem Här Schummer domat en Dingscht leeschten, däerf ee bezweifelen.

Bis elo jiddefalls hunn d'Tramsgéigner wéineg sachlech Argumenter opzeweisen, an et fällt engem schwéier ze gleewen, dass si bereed wiere sachlech ze diskutéieren. Dofir kann ee sech ausmolen, wéi sou e "Begleedgrupp" funktionéiere géif, wou een deem aner de Kapp aschléit.

Ech mengen, d'Politik soll sech net vun e puer Verzweiflungstäter beaflosse loossen, ma si soll a Rou de Projet Tram virundreiwen. Well eis Stad Lëtzebuerg hätt et verdingt, endlech eng verstänneg Verkéierspolitik ze kréien. 

132 Date: 2009-05-23 12:40

Max ( pas d'adresse / pas de page web) a écrit:

Ech gesinn, dass de Reeff vun der "Unsinn" nees eng nidderträchteg Aktioun am "Wort" gestart huet, fir kuerz virun de Walen d'Wieler nach eemol géint den Tram opzestëppelen.
 
Hien als de groussen Häuptling vun der "Unsinn" mecht esou, wéi wann hien de legitime Vertrieder vum Vollek wier, dat sech géint déi béis Politiker wiere muss. Hie vergësst awer permanent an absichtlech ze soen, dass hien net als Präsident vun der "Unsinn" géint den Tram stänkert, mee als Comitésmember vum Katakombebunn-Verein. Hie mëssbraucht séng Kap als Präsident vun der "Unsinn", fir e perséinleche Feldzuch géint den Tram ze féieren.
 
Ech hoffen dofir, dass deen Emmerdeur enges Dages vun der Bildfläch verschwënnt, an dass mer dann endlech a Rou den Tram baue kënnen, sou wéi dat och an anere Stied am Ausland de Fall war.

Hei en Auszuch aus dem Reeff séngem Pamphlet:

"Etant donné que les autorités, aussi bien nationales que communales, prônent sans cesse vouloir assurer le maximum de transparence en intensifiant le dialogue avec les citoyens, l’Usill insiste à ce que ces autorités informent, avant toute décision, les citoyens en détail sur tous les aspects techniques, urbanistiques et financiers du projet «tram léger» par l’organisation de réunions publiques spécifiques et contradictoires où tous les citoyens auraient la possibilité de s’exprimer sur ces nouvelles infrastructures."

Et weess ee jo genee, wéi dat an der Praxis funktionéiert. Do sinn der e puer am Sall déi haard jeitzen, well se dogéint sinn, a well se sech onbedingt profiléiere wëllen. Déi aner hale sech da léiwer zeréck, well se net vun dene rosenen Hënn gefriess wëlle ginn. Mat Demokratie huet dat glad a guer näischt ze dinn.

Ech bedaueren am Fong d'Politiker, déi denen Emmerdeuren à la Reeff nolauschtere mussen.

131 Date: 2009-04-21 20:57

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas de page web) a écrit:

Ech hu gelies ( www.rtl.lu ) wat déi Jongschwaarz zum Tram soen ...:


(...)  Dofir fuedert d’CSJ:

ee performant Stroossen- an Schinnennetz,

eng konsequent Förderung an den Ausbau vum ëffentlechen Transport,

gutt Loftverbindungen zu de groussen europäeschen Flughäfen,

d’Ubannung vum Cargo-Zenter un d’Schinnennetz,

eng direkt Zuchlinn tëschent Lëtzebuerg an Esch-Belval,

datt déi europäesch Haaptstied Bréissel, Lëtzebuerg an Stroosbuerg mat enger Héichvitessenzuchstreck verbonne ginn,

Emgéiungsstroosse vu primären an sekundären urbanen Entwëcklungzentren,

den Ausbau vun der Autobunn Arel-Diddeleng op 6 Spueren,

den Bau vun der Westtangente fir den Autobunnsréng rondrëm d’Stad Lëtzebuerg endlech zouzemaachen,

de Bau vum Verbindungssteck Féiz-Eilereng op der Collectrice du Sud a vum Verbindungssteck Helleng-Fréiseng op der Saarautobunn,

déi séier Realiséierung vun de Peripherie-Gare ronderëm d’Stad Lëtzebuerg (Zéisseng, Houwald, Dummeldeng, Kierchbierg) an d’Vernetzung vun deene Gare mat Bussen an Tramlinnen.

Den Tram ass fir d’CSJ net als Patentléisung fir d’Verkéiersprobleemer vum ganze Land, mee haaptsächlech vun de Verkéiersprobleemer vun der Stad Lëtzebuerg, ze gesinn. Sollt den Tram awer ee rengt interurbant Transportmëttel ginn, dat net an eng national Gesamttransportstrategie mat agebonnen ass an déi eenzel Peripheriegare ronderëm d’Stad mateneen verbënnt, wann den Tram also just ee Prestigeobjet vun der Stad Lëtzebuerg soll ginn, da fuedert d’CSJ, datt d’Stad Lëtzebuerg an deem Fall d’Finanzéierung vum Tram och integral iwwerhëlt


de Bau vun engem Minettstram, deen déi wichtegst Agglomératiounen am Süde mateneen verbënnt

de Bau vu groussen Opfangparkingen hannert oder virun de Landesgrenzen,

den Ausbau vun der Stadter Zentralgare an den Ausbau vun der Escher Zentralgare,

eng Landesplanung, déi d’Leit méi no bei hiren Aarbechtsplaze wunne léist, Aarbechtsplazen do schaft, wou den ëffentlechen Transport an viru allem d’Schinn och hikënnt,

(...)


Ech wëll dozou folgendes soen: 
Ofgesinn dovun dass déi Jongschwaarz alles, an de Géigendeel wëllen, stellen ech mer d'Fro, wat si mat hirer Ausso zum Stater Tram bezwecken? 

Ech liesen:  Falls den Tram just ee Prestigeobjet vun der Stad Lëtzebuerg soll ginn, da fuerdere si, dass d'Stad Lëtzebuerg d'Finanzéierung integral iwwerhëlt.

Ech weess net, ob iergendeng Partei gesot oder geschriwwen huet, den Tram sollt e Prestigeobjet vun der Stad Lëtzebuerg ginn. Ech hunn éischter nach den Androck, wéi wann hei déi nächst Intrig géint den Tram gesponne soll ginn. D'CSJ weess nämlech ganz genee, dass den Tram gestuerwen ass, an deem Fall wou d'Stad Lëtzebuerg de Projet integral an ouni staatlech Hëllef finanzéiere soll.

Et ass u sech eng künstlech Froestellung, an ech gesinn net, wien dat iwwerhaapt beurteele soll, ob den Tram sech an eng national "Gesamttransportstrategie" afügt oder net. No wat fir enge Kritäre soll dat w.e.g. festgestallt ginn, a wien ass déi neutral Instanz déi dës objektiv Bewäertung maache soll? 

Wann ech zum Beispill mam Bus vu Fréiseng kommen, an ech huelen op der Stater Gare den Tram fir op de Kierchbierg ze fueren, ass dat dee Moment de Beweis dass den Tram sech an eng national Transportketten afügt oder net? Oder kréien ech op der Stater Gare vum Wattmann gesot, den Tram wier just fir déi Stater Leit réservéiert?

Et wier jiddefalls ze wënschen, dass déi Jongschwaarz an Zukunft méi präzis soen, wat gemengt ass, wa si dëst oder dat ënnerstellen.


130 Date: 2009-03-03 23:45 

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas de page web) a écrit:

Zu Köln ass e Gebäi an de Koup gefall. Dat Ganzt schéint mam U-Bahn-Bau ze dinn ze hunn.

Et ass mat Sëcherheet kee Grond, fir sech ze freeën; mais et weist awer ménger Meenung no, dass de Bau vun engem Metro, sou wéi e vum Här Schummer a vum ADR propagéiert gëtt, net onbedingt ouni Problemer ass. Et soll ee jiddefalls net mengen, ënnert dem Buedem wier alles e Kannerspill.

D'AFP schreift an deem Zesummenhang: 

Beim Einsturz des Historischen Archivs der Stadt Köln und zweier Nachbarhäuser sind möglicherweise drei Menschen verschüttet worden. Sechs der zunächst neun als vermisst gemeldeten Menschen hätten sich mittlerweile gemeldet, teilte ein Sprecher der Feuerwehr am Abend mit. Das Unglück steht nach ersten Erkenntnissen offenbar in Zusammenhang mit dem U-Bahn-Bau in der Kölner Südstadt.

Die Suche nach den drei Vermissten dauere an, sagte der Feuerwehrsprecher. Offen war zunächst noch, ob auch schweres Gerät zum Einsatz kommen soll, oder ob dies wegen der Einsturzgefahr benachbarter Gebäude zu gefährlich ist. Sicherheitshalber wurde ein Altenheim geräumt. Zuvor waren bereits andere Gebäude im Umkreis von 150 Metern von der Unglückstelle evakuiert worden.

Unter der Unglückstelle befand sich nach Angaben der Stadtverwaltung ein Hohlraum mit einem Gleiswechselbauwerk, das für die U-Bahn erstellt wurde. Um dort ein Absacken des Erdbodens zu verhindern, sollten große Mengen Beton in den Hohlraum gefüllt werden. Parallel dazu versuchten die Rettungskräfte, über ein Schulgelände an die Rückseite der Unglücksstelle zu gelangen. Nach Angaben der Feuerwehr schlugen Rettungshunde an der Unglücksstelle an.

Die Rettungskräfte vermuteten, dass sich sowohl die meisten Bewohner der beiden angrenzenden Wohnhäuser als auch die Mitarbeiter des Archivs in Sicherheit bringen konnten. Dasselbe gelte für Arbeiter, die unmittelbar vor dem Einsturzort an der Kölner Severinstraße an einer U-Bahn-Baustelle Auskleidearbeiten ausgeführt hätten. Auch zwei auf dem Archivgebäude mit Dacharbeiten beschäftigte Handwerker hätten das Haus vor dem Einsturz rechtzeitig verlassen. Archivmitarbeiter hätten kurz zuvor Geräusche gehört und daraufhin die Anwesenden warnen können.

Zur genauen Ursache des Unglücks gab es zunächst noch keine abgesicherten Hinweise. Nach bisherigem Kenntnisstand führte ein Erdrutsch in dem Gleiswechselbauwerk unterhalb des Archivs zum Einsturz des Gebäudes. Oberbürgermeister Fritz Schramma brach seinen Urlaub ab, um sich vor Ort ein Bild von der Lage zu machen.

Der langjährige Abteilungsleiter des Archivs, Eberhard Illner, erhob schwere Vorwürfe gegen die Behörden. Der Einsturz sei eine vorhersehbare Katastrophe gewesen, sagte er im Deutschlandradio Kultur. Zuletzt habe es in der vergangenen Woche Hinweise auf erhebliche Senkungsrisse gegeben, deren Eingang ihm die Stadt Köln offiziell bestätigt habe. Nach Angaben von Gutachtern dürften früher festgestellte Risse am Gebäude nicht für das Unglück verantwortlich sein.

Das Volumen des Schadens sei erheblich größer als beim Brand der Anna-Amalia-Bibliothek in Weimar, sagte Illner. In dem Archiv lagerten unter anderem auch die Nachlässe bedeutender Persönlichkeiten wie des Komponisten Jacques Offenbach oder des Literatur-Nobelpreisträgers Heinrich Böll.

129 Date: 2009-01-17 12:37

simsy@netcourrier.com [mailto:simsy@netcourrier.com] a écrit:

Bonjour,

J'ai regardé un peu votre site et une chose m'interpelle : 
Je suis de Tourcoing dans le nord de la France et j'ai aperçu une petite phrase sur le tramway de Tourcoing qui me choc un peu...

"Il note que le terminus à Tourcoing est malheureusement situé à une certaine distance du centre. La photo montre en effet que les alentours n'ont rien de convivial pour l'instant ... mais la faute n'est pas au tramway dans ce cas."



Il faut savoir que le terminus ce situe très bien en centre ville (100m de la mairie) et juste en face de l'église. Le tramway se retrouvera même voisin sur futur centre commercial de Tourcoing (2010)

128 Date: 2008-09-24 20:03

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas de page web) a écrit:

Le chef de file des contestataires à Luxembourg-Ville ne désarme pas. Il s’en prend une fois de plus au tram, en espérant que son titre de président de l’USILL fera le poids nécessaire pour intimider les décideurs politiques.

Hélas, ceux-ci ont été élus au suffrage universel pour faire avancer les choses, alors que Reeff n’est que le « chef » d’un clan qui entend imposer ses vues sans avoir à passer le test des élections. C’est injuste, mais pour Reeff et son clan c’est très pratique. Ils peuvent dire n’importe quoi, ils peuvent tout critiquer et faire semblant d’avoir toujours raison, et personne ne peut jamais les contredire. Il n’y a d’ailleurs qu’une seule USILL, tout comme il n’existe qu’un seul Dieu.

Son dédain pour les usagers des transports en commun, Reeff nous le fait savoir quand il parle de l’avenue Kennedy comme d’une belle avenue. Cette vue, il veut l’interdire à tous ceux qui ne roulent pas en voiture mais qui prennent le tram … ou plutôt le train. Reeff veut condamner toutes ces personnes à passer par le sous-sol.  Et comme il s’agit le plus souvent de navetteurs qui n’habitent pas en ville, il n’a rien à craindre. Il ne sera jamais sanctionné pour ce qu’il dit de méchant.

Pour le reste sa critique des « innombrables mâts porteurs » et des fils électriques est largement exagérée et ne fait que dénoncer la mauvaise foi qui lui sert de Leitmotiv. Il existe bon nombre de villes à l’étranger où la renaissance du tramway s’est accompagnée d’un embellissement spectaculaire. Des mâts ne sont pas forcément laids, quand les responsables politiques font appel à des artistes. Les exemples ne manquent pas, franchement.

Peut-être le successeur de Reeff comprendra-t-il mieux …

127 Date: 2008-06-11 21:54

Den Holzhacker ( pas d'adresse / pas de page web) a écrit:

Eise "Frënd" (tëschent Gänseféissecher) seet engem Zeitungslieser Merci an der Press, well deen him d'Gelegenheet ginn huet, fir nees eng Kéier vu sech schwätzen ze dinn. Hie kann also séng Litanei erofleieren, déi mer schonn 100mol héieren a gelies hunn, inklusiv déi sëllegen Hallefwourechten.

Virun allem huet eise "Frënd" Stil. Et muss een dat awer ironesch verstoen: Hien ass de grousse Messias dee just déi eege "Wourecht" akzeptéiert. All déi aner Leit déi eng aner Meenung hunn, sinn a séngen Aen "einseitig auf die Straßenbahn fixierte Tramliebhaber".

Oh, wéi ellen! Da mengt hie jo sëcher och d'Experten, déi de Moment um Dossier Tram schaffen ...

Wéi wier et dann, wa mir gradesou polemesch a gehässeg wéi eise "Frënd" wieren a behaapte géifen, hie wier en Tunnelfetischist, deen eeseiteg op säin Tunnel fixéiert ass?

Dann hätte mer nees eng schéin oder manner schéin, op jidder Fall awer leidenschaftlech Schlammschluecht ouni Enn, well jo keen nogëtt, a well och keen d'Gesiicht verléiere wëllt. An deem Sënn ass de Prellbock vun deem eise "Frënd" zum Schluss schreift, net den "tram léger"; mais de Prellbock steet do, wou eenzel Leit zu Lëtzebuerg net fäheg sinn, sachlech ze diskutéieren. Si sinn entweder schmiereg (wann een hinne Recht gëtt), oder awer si gi rechthaberesch a beleidegend (wann een hinnen NET Recht gëtt). Der Saach ass domat am wéinegste gehollef.

126 Date: 2008-05-29 22:52

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas de page web) a écrit:

Den Zuch an den Tram am Auto-Land Amerika, gëtt et dat?

Ech ka mech erënneren, dass ech e séier traurege Bericht an den 1970er Joeren op der Televisioun gesinn hunn, deen ech deemols op Tonband opgeholl hunn. Déi Zeit war déi rengsten Ënnergangsstëmmung: Zich sinn einfach ausgefall, wann net genuch Leit dra souzen, Strecke goufen zougemaach ... haaptsächlech am Persouneverkéier. Den Zuch war net méi attraktiv.

Den AUTO war Tromp. Den AUTO war d'Symbol vu Wuelstand a Fräiheet. All Mënsch wollt en AUTO hunn!

Doniewent huet de Fliger sech als "ëffentlecht Verkéiersmëttel" duerchgesat. De Fliger war mat Sëcherheet méi séier wéi den Zuch, a si haten och déi eng oder aner Zauberformel. Wéi déi éischt Düsenjeten (Boeing 707) opkoumen, hate si nach vill Propellerfligeren, déi vläicht e Stéck méi lues awer dofir net manner komfortabel waren (Lockheed Constellation, Super Constellation asw.). Ech hu mech informéiert an hunn an engem Buch gelies, dass si déi "recycléiert" hunn an als "Air-Bus" agesat hunn. D'Formalitéiten op de Flughäfe waren deemols eng Lapalie, an d'Sëcherheetskontroll quasi inexistent. Et huet een de Fliger geholl, wéi een de Bus an der Strooss geholl huet. Et ass duergaang, wann een 10 Minutte virum Départ um "Arrêt" war.

Soit!

Wéi ech kierzlech deen interessante Virtrag vum Här Georges Muller am Tramsmüsee lauschtere war, sinn ech nees liicht traureg ginn, wéi hien iwwer "Aufstieg und Fall der Trambahn" a franséischer Sprooch geschwat huet. Den Tram war deemno eng US-amerikanesch Iddi, fir ze soen, wa mer mam Zuch duerch d'Stad fueren, musse muer d'Schinnen an de Buedem klappen, sou dass d'Leit net driwwer falen. Et war d'Gebuert vun der Rilleschinn a vum "chemin de fer américain", wéi dat anscheinend déi Zeit genannt gouf.

D'US-Amerikaner waren och déi Éischt, déi sech Gedanken iwwert den Design gemaach hunn, an déi aus dene véiereckege Këschten eppes méi Ronnes gemaach hunn. E Philantrop, e Mënschefrënd hat den Design fir en Tram entworf, wou et souzesoe keng Ecke gouf, a wou alles schéin ofgerënnt war, fir dass den Tram am Fall vun engem Akzident de Foussgänger méiglechst mann wéi doe sollt. Dem Här Muller sinn d'Tréine komm.

(Deen Tram war effektiv schéin!)

LEIDER koumen duerno ganz aner a virun allem hannerhälteg Kreeser, déi de Stied proposéiert hunn, si géifen d'Tramsréseaue méi käschtegënschteg exploitéieren ... wat mer haut "privatiséieren" nennen. Den Drotzéier war anscheinend den General Motors-Konzern, deem den Tram grondsätzlech en Dar am A war. Nodeems si eng ganz Partie Tramsréseauen iwwerholl haten, hu se déi esou séier wéi méiglech "bussifizéiert" an d'Schinnen erausgerappt.


Et geseit een iwwregens nach haut, dass eenzel Leit den Tram fäerten, wéi der Däiwel d'Wäiwaasser, an dass déi Leit alles maache fir ze verhënneren, dass den Tram nees zeréckkënnt. Och zu Lëtzebuerg soll et där Leit ginn.

Soit!

HAUT liesen ech dann am Luxemburger Wort, dass déi héich Petrolspreisser d'US-Amerikaner lues a lues emstëmmen ... an dass finalement den Tram an de Stied nees populär gëtt. Ausgerechent zu Washington, an der Haaptstad vun der Auto-Natioun Amerika, soll nees en TRAM fueren.

Oho!

Ech hunn deen Artikel op eisen Internet-Site gesat, fir dass déi puer Leit déi mengen den Tram zu Lëtzebuerg dénigréieren ze missen, hir gelleg Freed hunn.

Claude Oswald

125 Date: 2008-04-21 23:09

Marc ( pas d'adresse / pas de page web) a écrit:

Wat féiert deen houeren RER-Verein nees op. Lo hu se iergendeng Etüd gesinn, wou se mengen, déi géif hirem Guru Schummer Recht ginn.

A se wëlle fir d'Wahlen am Juni e Referendum organiséieren, hunn ech héieren, ob d'Leit fir oder géint den Tram sinn. Egaaal waaat!

Wou kann dann e normale Mënsch deen net Expert ass, décidéieren, ob dem Schummer séng Katakombebunn besser ass wéi den Tram? Da musse mer esou demokratesch sinn an d'Leit och froen, ob se da gär 50 Meter ënnert dem Buedem op den Zuch warden!

Dat Eenzegt wat deen houeren RER-Verein erreecht, ass, dass nees géint den Tram polemiséiert gëtt wéi 1998, an dass de Projet no de Wahlen dat nächst Joer sang- a klanglos am Tirang verschwënnt. Awer domat ass net gesot, dass automatesch dem Schummer säin Tunnel gebaut gëtt. Et geet hëchstens an d'Richtung, dass erem 5 Joer verluer sinn.

Ech sinn jiddefalls géint deen Tunnel a fuerderen all Leit a Politiker op, kloer Faarw ze bekennen !!! 

124 Date: 2008-03-02 13:43

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas de page web) a écrit:

Et steet mengen ech méi um Spill, wéi "just" déi 4 Kilometer Schinn tëschent Ettelbréck an Dikrech. Zu Diddeleng ass eng ähnlech Situatioun, wou d'Eisebunn matten duerch "d'Duerf" geet; an esou kënnt dat Dikrecher Beispill zu Diddeleng Schoul maachen.

Duerno gëtt da gesot, déi Remëlenger Streck rechent sech net méi, an déi Wëlzer Streck huet net dat selwecht Potential wéi d'Streck tëschent Ettelbréck an Dikrech. 

Mer wieren also an der widdersprëchlecher Situatioun, dass mer zwar vill dovu schwätzen den ëffentlechen Transport an domat d'Schinn als Réckgrat ze förderen, ma dass mer um Terrain déi bestehend Eisebunnsstrecken der Rei no zoumaachen. Do muss esouguer e Géigner vun der Eisebunn zouginn, dass dat net enger gewësser Ironie entbiere géif ... an dass deen Emwelt- an Transporminister net ze beneide wier, deen esou eppes duerchsetze soll. Dee wier jo net méi glaafwierdeg. 

Wënsche mer also der Schinn am Sauerdall, dass se nach eng laang Zukunft huet!

123 Date: 2008-03-02 11:49

de klengen Hobbytrambunner ( pas d'adresse / pas de page web) a écrit:

Elo huet de Lucien Lux mat séngem Verspriechen, hie géif net zouloossen dass d'Eisebunnsstreck Ettelbréck-Dikrech "einfach esou" ofgerappt gëtt, fir muncherlee Opregung gesuergt. Eenzel Lokalpolitiker hate sech de "Kuch", wëll soen d'Eisebunnstrass scho gedeelt an eng schéi, nei Strooss - e regelrechte Boulevard fir d'Autoen - an hirer Phantasie gebaut, wou den ëffentlechen Transport grad wéi och de Velo beschtefalls eng Alibi-Funktioun kréichen, nom Motto: "Dat ass dach alles net esou wichteg ...!"

Eenzel Leit froe sech dofir, ob de Lucien Lux zevill séier geschwat huet, an ob séng Wierder just geduecht ware fir Gewerkschafter an Eisebunnsfrënn ze berouegen. Gewosst ass jiddefalls, dass de Lucien Lux beschtefalls sech selwer engagéiere kann, an dat och nëmmen esoulaang, wéi hie Minister ass. Bis d'Walen am Juni 2009 geschitt souwéisou näischt um Terrain, an duerno huet dem Lucien Lux säi Nofolger - falls deen net zoufälleg "Lucien Lux" heescht - fräi Hand.

Eng aner Méiglechkeet kënnt esou ausgesinn, dass d'Streitparteie sech drop eenegen, dass déi aktuell Eisebunnsstreck zwar ofgerappt gëtt, ma dass gleichzeiteg eng Machbarkeetsetüd fir en Tram gemaach gëtt ... mam Risiko allerdings, dass et deem Tram genee esou geet wéi dem Stater "BTB 2002", dee bekanntlech am Joer 2002 fuere sollt, ma wou anno 2008 nach ëmmer näischt dovun ze gesinn ass. 

Eng drëtt Variant muss ee sech folgendermoosse virstellen: Iergendee Verein oder Gewerkschaft organiséiert en Diskussiounowent zu Dikrech, fir no Weeër ze siche wéi een d'Schinn am Sauerdall dach nach rette kënnt. Hannen am Sall steet en hannerlëschtege Männchen op, streckt de Fanger aus a seet ganz scheinhelleg, hien hätt sech bewosst aus dem Streit erausgehal, ma et kënnt ee jo e Metro bauen, an da wier de Fall geléist. 

122 Date: 2008-01-19 23:07

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas de page web) a écrit:

Ech gesinn, dass den Interesse fir eist Guestbook staark nogelooss huet. Zénter dass net méi gestridden a polemiséiert gëtt, schéinen de Leit d'Iddien auszegoen. Dat gëlt allerdings gleichermoosse fir eis Géigner, déi mat hirem "Projet" vun engem schwaarze Lach ënnert der Stad net vun der Plaz kommen.

Vläicht huet et och domat ze dinn, dass zénter 1991 vill vum Tram, vu "BTB 2002" an aner flotte Projete geschwat gëtt, ouni dass awer konkret eppes um Terrain geschitt. Am Ausland hu se eis ewell laang iwwerholl, an da kann ech verstoen, wann d'Leit zu Lëtzebuerg op eemol mitt sinn. D'Begeeschterung léisst no, an et gleeft kee méi esou richteg un de Kleeschen.

Déi zoustänneg Minister a Politiker solle sech also en Häerz faassen a w.e.g. e bëssche Gas ginn, well 2009 wann déi nächst Wale sinn, ass net méi weit eweg.

121 Date: 2007-09-28 22:20

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas de page web) a écrit:

ZENSUR ass e leidegt Thema. E gewëssen Här huet mer haut via E-Mail virgeheit, mir géifen alles zenséieren, wat eis net passt.

Ech menge soen ze kënnen, dass dat net de Fall ass. An de vergaangene Méint war eis "Zensur" nämlech weider net aktiv. 

Wann natierlech Beiträg kommen, am Stil ...

Dir sidd dach all nëmmen riesen Rënnvéiher !!!!!!!

Ären Tram wier just gudd fir wann e puer sou frustréiert Leit wéi dir iech géift op d'Schinnen leen !

... da mengen ech dass mer net verpflicht sinn, esou e Schwachsinn ze verëffentlechen. Den Auteur vun deem Message ass eis iwwregens bekannt; respektiv wësse mer, wou en hirkënnt. 

Den Här Sch. huet am Zesummenhang mat dem Nordstad-Tram eppes geschriwwen, wat net déi ganz Wourecht eremgëtt. Hie léisst den Androck entstoen, wéi wann eis Frënn vun der ALACF sech nach net décidéiert hätten.

Hie schreift: "Also huet d'ALACF sech net fir den Nordstad-Tram, mee fir den Erhalt vum Schinneverkéier ausgeschwat! Ier de Comité sech am Numm vun hiere Memberen zum Nordstad-Tram, oder géint den Erhalt vun der aktueller Zuchstreck Ettelbréck-Dikrech bekennt, wärd en dach wuel d'Meenung vu sénge Membere froen, ob déi dee Wee matgoe wëllen? Alles aneschtes ass Spekulatioun a Wonschdenken."

Ech hu gemengt et wier wichteg, de Leit d'Wourecht ze soen. Dofir hunn ech probéiert folgende Passage aus dem Pressecommuniqué vun de 7 Organisatiounen déi sech dëser Deeg mat der Zukunft vun der Streck Ettelbréck-Dikrech beschäftegt hunn, ergänzend zu deem wat den Här Sch. schreift, am Guestbook vun eise Géigner ze verëffentlechen:

Les associations partenaires et signatrices revendiquent,

- le maintien du service ferroviaire sur la ligne Diekirch - Ettelbruck

- dans le cadre du projet d’urbanisation Nordstad ; la réservation d’un couloir propre et continu, entre Gilsdorf et Colmar-Berg (- Bissen) destiné à un système du type « train-tram », et notamment un couloir du côté ouest (côté « ville » ) au niveau de la gare d’Ettelbruck,

- la réalisation d’une étude de faisabilité portant sur la construction d’un système du type « train-tram » sur le tronçon Gilsdorf – Diekirch – Ingeldorf – Erpeldange – Ettelbruck – Schieren - Colmar-Berg – Bissen et sur les possibilités de connexion au réseau ferroviaire national,

- la réalisation de l’infrastructure pour un système du type « train-tram », à entreprendre en même temps que le chantier de la restructuration de l’axe central de la Nordstad,

- l’inscription du projet d’un système du type « train-tram » dans la Nordstad dans le plan sectoriel transport actuellement en élaboration.

Les associations partenaires et signatrices,

ALACF–Association Luxembourgeoise des Amis des Chemins de Fer a.s.b.l.

AÖT-Aktioun Oeffentlechen Transport a.s.b.l.

FNCTTFEL-Landesverband

GEDF-Groupement d’Etudes et de Documentation Ferroviaires a.s.b.l.

Nordstad Tram a.s.b.l.

SYPROLUX-FCPT

Dëst ass allerdings net gutt ukomm, an eis Géigner hunn deen Text carrément zenséiert. Den Här Sch. huet dat esouguer perséinlech a sénger Mail zouginn.

Ob et der Diskussioun eppes notzt, ass wuel eng aner Fro. Et ass jo traureg genuch, dass et net méiglech ass offen an éierlech, fair a kollegial, ouni Hannergedanken an Ënnerstellunge mateneen ze schwätzen.

120 Date: 2007-09-03 11:59

de klengen Hobbytrambunner ( pas d'adresse / pas de page web) a écrit:

De Rer-Verein huet nees en Ee geluecht ...:

Si schéinen éischtens gutt informéiert ze sinn, an zweetens schéine si elo endlech zouzeginn, dass den Tram eng gutt Saach ass! Dat héiere mer gär!

Ma well si nach net esouweit sinn, dass si och de leschte Schrëtt woen an iwwert hire Schied sprangen, fanne si natierlech en Hoer an der Zopp: Den Tram ass iwwerall gutt op der Welt, just net zu Lëtzebuerg. Zu Lëtzebuerg klaut hien den Autoen d'Plaz eweg, an hie klaut engem Ingenieur säin Hobby, deen onbedingt en Tunnel am Lëtzebuerger Sandsteen baue wëllt.

Déi Saach mam "Stroosseklau" war allerdings zu Stroossbuerg net vill anescht ... wann déi Leit vum Rer-Verein an de 90er Joere mat der Tram asbl op d'Plaz kucken an nolauschtere gefuer wieren, wiere si an deem Kontext eppes méi gewuer ginn. 

Vläicht musse mer dat bei Gelegenheet nohuelen, an da fuere mer alleguer zesummen op Stroosbuerg dee schéinen Tram kucken ... 't wier dach eng Iwwerleeung wäert!

119 Date: 2007-07-07 11:39

de klengen Hobbytrambunner ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Qui a peur de Reeff?

De Reeff packt sech net. Um Internet-Site vum Tramfrësserverein kann ee liesen: 

L’USILL ne demande pas une nouvelle plate-forme, mais un échange de vues, sous une forme appropriée telle qu’un hearing public où tous les citoyens auraient la possibilité de s’exprimer, notamment sur les projets à l’étude qui vont profondément changer l’aspect urbanistique de la Ville.

Et weess ee jo, wat dobäi erauskënnt. Et geet wéi beim Hearing iwwert d'Nei Bréck: E puer Fanatiker déi géint den Tram sinn, kommen dohinner jeitzen ... an da schreift de Jacoby nees an der Kommunisten-Zeitung, eine Mehrheit im Saal wier géint den Tram gewiescht. Sou ondemokratesch an onseriös kënnen eenzel Leit sinn. 

Fir mech ass dat alles Folklor!

 L’USILL est tout à fait d’accord de promouvoir les transports publics, mais la priorité doit être accordée au train classique qui constitue l’épine dorsale de ces transports et non pas au tram urbain. Ce projet est inadapté aux besoins des 120000 navetteurs qui viennent travailler à Luxembourg en provenance d’autres localités du pays et de la Grande Région.

Wou soll d'USILL -  Pardon, de Reeff -  wëssen, ob den offizielle Projet "inadapté" ass. Huet de Reeff Verkéierswiese studéiert, sou wéi säi grousst Virbild de Schummer? Oder ass dat einfach esou eng blann Behaaptung a bëlleg Polemik, well de Mann mengt, hie misst dogéint sinn, well déi aner dofir sinn?

Et kann een de verantwortleche Politiker nëmme wënschen, dass se sech vun där doten Zort Folkloristen net aschüchtere loossen!

118 Date: 2007-06-29 21:12

de klengen Hobbytrambunner ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Hei ass eng regelrecht Trouvaille:

Am "Wort" stung nämlech: "Lucien Thiel sagte, eine U-Bahn rentiere sich NUR für größere Städte." Den RER-Verein schéint dat behäerzegt ze hunn a geet nach e Schratt méi weit. 

Et ass op d'mannst eng bemierkenswäert Feststellung, a wahrscheinlech hu si an der Tëschenzeit agesinn: Wa schonn de Metro sech net an dene grousse Stied am Ausland rechent, wéi soll dann dem Schummer säi Metro sech zu Lëtzebuerg rechnen?

117 Date: 2007-05-23 12:50

de klengen Hobbytrambunner ( pas adresse / pas page web) a écrit:

D'Logik vun engem Tunnelfetischist

1) Verkéierswiesen ass eng exakt Wëssenschaft.

2) Eng exakt Wëssenschaft ass fräi vun Emotiounen an hëlt keng Rücksicht op ästhetesch Iwwerleungen. Se huet als eenzegt Zil, déi richteg Léisung erauszefannen.

3) E Wëssenschaftler leit ëmmer richteg, well soss wier hie kee Wëssenschaftler.

4) Den Här Schummer ass e Wëssenschaftler, awer keen Diplomat.

116 Date: 2007-05-22 13:11

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Deen Här deen den Tram zu Lëtzebuerg onbedingt verhënnere wëllt, huet sech nees an engem Lieserbréif zu Wuert gemeld. Hie beschreift d'Welt wéi ëmmer aus sénger Siicht.

Dat wier net weider schlëmm, ma an deem Lieserbréif steet dach - op d'mannst - eng Ongeheierlechkeet. Deen Här schreift nämlech e bëssche vun uewen erof: "Und wer bitte sind die "Experten" in der Tram asbl, die meine Kompetenz in Sachen Verkehrsplanung beurteilen wollen? Verkehrswesen ist eine Wissenschaft und hat zuweilen sehr wenig mit dem zu tun, was in esoterischen Kaderschmieden gelehrt wird."

Dat heescht jo dann net méi an net manner, wéi dass déi "normal" Leit de Bak zouhale mussen a kee Stëmmrecht hunn. Déi "normal" Leit, déi net wéi den Här Sch. "Verkéiersexpert" sinn, däerfen hir Meenung net soen, well si nämlech net dee néidegen Diplom hunn. Mat aner Wierder, kréie mer dee Moment eng "Demokratie vun den Experten", wou just nach diploméiert Leit an hirem Domaine matschwätzen däerfen. Déi aner däerfen net méi soen, wat hinne gefällt, a wat net. 

Ech froe mech allerdings, ob dës Aschränkung och fir eng Partie Comitésmemberen aus dem RER-Verein zielt, déi net "Verkéiersexpert" sinn? Oder däerfen déi hir Meenung soen, well se dem Här Sch. Recht ginn?

115 Date: 2007-05-09 09:56

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Nodeem den H. Schummer um Internet-Site vum www.rail.lu geschwat respektiv geschriwwen huet, froen ech mech, ob domat dat lescht Wuert gesot ass?

Respektiv froen ech mech, ob dann elo d'Befürworter vum Tram "bekéiert" sinn, oder bereed sinn, sech bekéieren ze loossen?

Oder huet den H. Schummer net alles gesot?

Ech huelen zur Kenntnis, dass säi "Verkafsargument" fir den Tunnel - déi 15 Sekunden déi ee bräicht fir un d'Uewerfläch ze kommen - e Verkafsargument war, wat net déi ganz Wourecht seet. Ënnerierdesch ass eben alles e bësschen anescht.

Verréideresch schéint mer déi Ausso ze sinn, dass den alen Tram an der Neier Avenue gehënnert huet. Do sief op d'mannst d'Fro erlaabt, wien do wie gehënnert huet ... oder wie war fir d'éischt do, den Tram oder d'Autoen?

Wëlle mer à tout prix dem Auto de ganze Stroosseraum erhalen, a muss den ëffentlechen Transport dowéinst den zweete Preis kréien an an den Ënnergrond ausweichen? Dierfen déi "Déck" mat hirem Mercedes duerch d'Avenue fueren, an déi geplote Beruffspendler musse sech an engem Tunnel quëtschen?

Ech mengen, mat dëser Stellungnahm vum Här Schummer ass nach net all Fro beäntwert, an et ass och nach laang net jidderee mat him d'accord. Dat ass allerdings an enger Demokratie jidderengem säi gutt Recht.

114 Date: 2007-05-04 12:38

josiane ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Ech verstinn net wat eenzel Leit un der Iddee interessant fannen, fir duurch en deischtert Lach ze fueren.

Ech fannen d'Iddee vun engem Tram einfach super!

113 Date: 2007-05-04 12:01

Olga ( pas adresse / pas page web) a écrit:

In Russia (Peterburg) we have a metro very deep under a street, but I didn't like it. I liked a bus. It very practical in a city.

Maybe also an tram?

112 Date: 2007-05-03 10:00

den Aalen ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Ech froe mech, wat mecht den Här Schummer, wa säin Tunnel NET gebaut gëtt?

Gëtt hien dee Moment nach vill méi radikal an onverséinlech a geet op d'Ganzt ...??

111 Date: 2007-04-24 07:57

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Kréie mer nees eng Schlammschluecht, wéi mer se Enn de 90er Joeren erlieft hunn?

D’Géigner vum modernen Tram scheie keng Méi, fir hir Gehässegkeete lass ze ginn.

Hei sinn e puer „Kostproben" vun hirem Gekritzels:

De Birden – hire Präsident – behaapt: „Jeder Cent, der in diese Tram fließt, ist zum Fenster hinausgeschmissenes Steuergeld."

Egal wat!

Hire Lutgen schléit nach vill méi fest op d’Tromm. Fir hien ass de Schummer alles, an den Tram ass de leschten Dreck: „Le tram n'est rien d'autre qu'une variante folklorique du bus!"

Ech fannen dat e staarkt Stéck! Et ass eng Beleidegung fir all déi Leit, déi sech seriös mam Tramsprojet beschäftegen, an et ass eng Beleidegung fir all ons Buschauffeuren.

Hu mir dat dote néideg? Hu mir wierklech déi gréisste Klatz- a Betongskäpp hei am Land, déi muttwëlleg alles zerrieden an zerstéieren?

Et gëtt héich Zeit dass de Bagger ufänkt, an dass mer en Tram kréien, fir dass déi doten Zort Leit endlech ageseit, dass hir onkontrolléiert Agitatioune kee Sënn erginn an zu näischt féieren!

Claude Oswald

110 Date: 2007-04-07 18:34

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Haut (7. Abrëll) ass en interessanten Artikel vum Paul Back am JOURNAL, ënnert der Iwwerschrëft "La renaissance prodigieuse du tramway en France".

Ënnert anerem liest een do, dass deemnächst 22 franséisch Stied méi e proppert, performant, komfortabelt a séiert Verkéiersmëttel hunn. "On est donc très loin du discours public très péjoratif et peu éclairé des années 80 et 90, lors desquelles des villes comme Nantes, Grenoble et Strasbourg jouaient les précurseurs en matière de transport urbain collectif innovateur et furent pour cette raison non seulement fermement critiquées, mais en plus ridiculisées …"

Mer haten am Ufank wéi mer d'Tram asbl gegrënd hunn, naiverweis gemengt, zu Lëtzebuerg wieren d'Leit méi opgeschloss, a mer kënnte méi séier virukommen. An der Tëschenzeit hu mer leider eppes bäigeléiert, nämlech dass déi gréisste Betongskäpp ausgerechent zu Lëtzebuerg sëtzen. Dofir huet eisen Tram da leider Verspéidung kritt.

Ma ech sinn awer an deem Sënn zouversiichtlech, dass d'Géigner vum Tram ewell kloer an der Minoritéit sinn (och wann se nach esou hard jeitzen), an dass déi responsabel Politiker vun dene véier grousse Parteien erkannt hunn, dass eppes geschéie muss.

109 Date: 2007-04-02 13:27

den Aalen ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Mei léiwe Jacoby,

Du häss och besser du géifs emol den Expärten nolauschteren, amplaaz hei de Besserwësser ze spillen.

108 Date: 2007-04-02 11:15

Jean-Marie Jacoby ( jeanmariejacoby@yahoo.fr / pas page web) a écrit:

Die Frage ist nicht, was zwischen 9 Uhr 30 und 16 Uhr 30 passiert, die Frage ist, wie wir eine Mehrheit der 100.000 Arbeitspendler von 7-9 Uhr mit öffentlichen Verkehrsmitteln auf ihre Arbeitsplätze bringen und zwischen 16 Uhr 30 und 18 Uhr 30 wieder zurück nach Hause. Das geht nicht mit einer Tramlinie vom Bahnhof zum Kirchberg, die nur eine maximale Stundenleistung von 10.800 Passagieren bringt (20 x Doppelgarnitur à 540), unter der Bedingung, daß sonst nichts auf ihrer Trasse verkehrt und rote Ampeln automatisch auf grün schlaten, wenn die Tram kommt. Aalen, behalt' Dir Deine Datz und Deine Vorurteile oder werd' gescheiter!

107 Date: 2007-04-02 08:35

den Aalen ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Zitat: "Denn in der Zeit von 9 Uhr 30 bis 16 Uhr 30 hat die Hauptstadt kein Verkehrsproblem."

Da froen ech mech, wat mer déi ganzen Zeit mat engem schwéierfällegen an onflexiblen RER maachen? Sou en RER muss rondrem d'Auer rullen a sech rechnen, soss ass e net attraktiv. Wann vun 9 Auer 30 bis 16 Auer 30 de Bus vollkommen duergeet, maache mer dann d'RER-Statiounen zou??

106 Date: 2007-03-31 18:12

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Den Hearing huet aus zwee Deeler bestanen, an zwar engem sachlechen Deel wou d'Experten déi néideg Erklärungen iwwert d'Nei Bréck ginn hunn, an engem zweeten Deel wou d'Leit am Sall hir Froe stelle konnten.

Et waren allerdings eenzel Leit déi vun der Situatioun profitéiert hunn, fir e "Statement" ofzeginn, a fir "en passant" e puer Wuert géint den Tram ze soen. 

105 Date: 2007-03-31 09:36

den Aalen ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Ech ka mech nëmmen iwwert dem Jacoby sei Geschreibsel wonneren. Et ass zu kengem Moment ofgestëmmt ginn, an dofir ass et och net richteg ze behaapten, et wier eng absoulut(!) Majoritéit fir den Erhalt vun der Bréck an hirer aktueller Form ouni den Tram gewiescht.

De Jacoby dreemt vielleicht vun denen Zeiten wou eng KPdSU alleinherrschend a bestimmend war, a wou keng aner Meenung zougelooss war wéi déi vun sénger Partei. Do war et einfach fir vun "absolute Mehrheiten" ze schwätzen. Déi "absolut Mehrheit" war ëmmer fir d'KPdSU, an déi net domat averstane waren, goufen méi oder manner ferm an den Eck gedréckt, gesellschaftlech isoléiert an haten neischt méi ze laachen.

Jacoby, Du kriss eng Datz!

104 Date: 2007-03-30 19:54

Jean-Marie Jacoby ( jeanmariejacoby@yahoo.fr / pas page web) a écrit:

Leiwen Aalen, wenn Du mich zitierst, dann bitte richtig und vollständig, und laß Dir Argumente statt Beschimpfungen einfallen! Der Text lautet:

"Dabei wurde klar, daß die absolute Mehrheit für den Erhalt der Brücke als Steinbrücke, wie sie unter Séjourné errichtet wurde, ohne jede Nebenbrücke, eintritt, und daß deshalb eine Straßenbahn über die Adolphe-Brücke abgelehnt wird, weil sonst der Erhalt als Steinbrücke ohne Nebenbrücke oder Verbreiterung unmöglich ist.

Was macht die liebe Politik? Nimmt sie die geäußerte Meinung wahr und hält sie sich daran? Mitnichten! Tags darauf kündigt jener Transportminister an, der ein zugegeben unsinniges Modul-K-Projekt von den Schienen nahm, er werde dafür sorgen, daß kein Nachfolger die Tram von den Schienen nehmen könne (fragt sich, wie der das machen will), und kündigt die Gründung einer Betreibergesellschaft Stadt-Staat an zu einem Zeitpunkt, wo es in keinem Gremium einen Beschluß für den Unfug gibt, der keine Lösung bringt für das Transportproblem der Hauptstadt (und damit des ganzen Landes), das darin besteht, daß über 100.000 Pendler morgens dorthin zur Arbeit reinmüssen und abends wieder entschwinden. Denn in der Zeit von 9 Uhr 30 bis 16 Uhr 30 hat die Hauptstadt kein Verkehrsproblem.

Die beim Adolphe-Brücke-Hearing geäußerte Forderung nach einem Tram-Hearing greift weder Lux noch der hauptstädtische Schöffenrat auf in berechtigter Angst, argumentativ unterzugehen: schöne neue Welt!"

103 Date: 2007-03-29 20:47

den Aalen ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Stalins lustige Monster hunn erem zougeschloen. Déi Leit déi alles besser wëssen, schreiwen:

"Es ist schon erschreckend: am Sonntag nach dem samstäglichen Hearing, bei dem die MEHRHEIT im Saal sich für die Wiederherstellung der Adolphe-Brücke so wie sie war ohne jede Nebenbrücke aussprach, bei dem begründete Zweifel an einer Tramstrecke ebendort geäußert und bei dem ein Tram-Hearing gefordert wurde, erklärte Lucien Lux ganz impulsiv auf RTL, er werde dafür sorgen, daß keiner seiner Nachfolger den Tram wieder von den Schienen nehmen werde."

Do geseit een, wéi salopp dësen oder dee Journalist mat der Wourecht emspréngt. Et geet duer dass e puer Leit am Sall sech opregen, a schonn ass dat fir de Mann vun der KPdSU-Zeitung eng Majoritéit déi géint den Tram ass.

A Wierklechkeet gouf iwwerhaapt net ofgestëmmt bei deem Hearing, an dofir ass et komplett absurd ze ënnerstellen, et hätt eng demokratesch Majoritéit sech géint den Tram ausgeschwat!

102 Date: 2007-03-21 10:46

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Den Tram schéint elo lues a lues op d'Schinn ze kommen, wann ech de folgende Bericht am "Wort" liesen. Et schéint mer och wichteg ze sinn, dass déi véier grouss Parteien um landespoliteschen an um kommunalpolitesche Niveau hir Responsabilitéit an deem Sënn iwwerhuelen.

Claude

"Erst Brücke, dann Monument"

Hauptstädtischer Schöffenrat über Pont Adolphe / Paul Helminger wünscht einheitliche Schlussfolgerungen von Experten

(raz) - Nach dem öffentlichen Hearing über die Zukunft des Pont Adolphe wünscht sich Paul Helminger, dass die verschiedenen Experten einheitliche Schlussfolgerungen vorlegen. "Es muss geklärt sein, wie krank die Brücke wirklich ist und was daran getan werden muss", so der Bürgermeister der Hauptstadt am Dienstag beim City Breakfast.

Völlig unantastbar sein sollte die Brücke laut Helminger nicht: "Es ist zuerst eine Brücke, dann erst ein Monument." Ihre vorrangige Rolle liege darin , die Mobilität in der Stadt zu gewährleisten. Auch müsse sie sich mit der Stadt entwickeln - wie es die "Schlassbréck" getan habe: von der mittelalterlichen Zugbrücke über eine Steinbrücke bis hin zur letzten Umgestaltung im Jahr 1992.

Stadtbild bewahren

Wenn die Brücke bis zum Bogen abgebaut und mit Stahlbeton verstärkt wieder aufgebaut werde, verliere sie bereits ihren einmaligen Charakter. Wichtig sei es aber, das charakteristische Stadtbild, das auch in der visuellen Wahrnehmung von horizontalen und vertikalen Linien bestehe, zu bewahren.

Paul Helminger und Mobilitätsschöffe François Bausch halten es nicht für gerechtfertigt, die Diskussion über die Art der Renovierung der Brücke mit jener über die Tram zu vermischen. Die Tragfähigkeit der Brücke spiele natürlich eine Rolle. "Doch ob der Bus oder die Tram über die Brücke fährt: Wir brauchen so oder so eine gewisse Breite, um über das Tal zu fahren." Dem Auto eine Fahrspur wegzunehmen, wie es der Mouvement écologique vorschlägt, ist laut François Bausch derzeit nicht möglich. Bevor eine solche Maßnahme in Frage komme, müsse das Angebot im öffentlichen Transport noch weiter ausgebaut werden. Eine Fahrspur von nur drei Metern Breite wäre zudem nicht ausreichend, um zu anständigen Fußgänger- und Radwegen umfunktioniert zu werden, sagte Bausch.

Die ADR hat derweil nach dem Hearing über die Brücke ein weiteres Hearing "über das Pro und Contra zur Trambahn und ihren Alternativen" gefordert. Paul Helminger und Transportminister Lucien Lux würden auf "undemokratische Art" vollendete Tatsachen schaffen, meint die "Alternativ Demokratesch Reformpartei". Die Trambahn sei eine Lösung, die "ausschließlich eine bestimmte politische Klientel " bediene. Die "echte Zukunftslösung" bestehe in einer unterirdischen Zugtrasse . Paul Helminger erteilte dieser Idee gestern erneut eine Absage: "Der öffentliche Transport gehört an die Oberfläche", so der Bürgermeister. 

101 Date: 2007-03-19 11:24

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

De leschte Samsdeg huet een am Neien Theater beim Hearing iwwert d'Nei Bréck gesinn, dass d'Géigner vum Tram effektiv net désarméieren.

Ma déi Leit déi sech do an d'Broscht geheit hunn, hunn net onbedingt d'Meenung vun enger Majoritéit vun de Leit vertrueden, och wann dat vläicht esou ausgesinn huet.

Et si jo net déi déi am hardste jeitzen a sech opregen, déi ënnert dem Strëch och Recht hunn. 

100 Date: 2007-03-01 15:49

Anarchist ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Si ginn sech net … déi onverbesserlech Tunnelfetischisten.

Am „Wort" liest een haut, „immer mehr Bürger würden das Schummer-Projekt befürworten". Dat reimt allerdings guer net mat dem ADR sénger „groussarteger" Ënnerschrëftenaktioun um Internet, wou si bannent zwee Méint nach keng 100 Ënnerschrëfte gesammelt hunn. Vläicht muss de Schummer Transportminister ginn, fir dass säi Projet virugeet (höhö!).

Da liest een am Wort, dass de Jean-Marie Jacoby Member am Comité vum RER-Clippchen ass. Sou heescht dach och dee witzlose Journalist aus der KPdSU-Zeitung, deem näischt Besseres afällt, wéi d’Tram asbl permanent lächerlech ze maachen.

Op d’mannst wësse mer elo, dass de Jacoby „parti pris" fir den Tunnel ass, an dass mer eis vun him keng nüancéiert Berichterstattung ze erwarden hunn (ce qu’il fallait démontrer).

Allez ... déi Leit musse sech permanent Courage maachen, well ausser hinne selwer gleeft dach keen drun, dass déi Katakombebunn jemols gebaut gëtt!  

99 Date: 2007-02-25 11:14

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

An enger Fro un d'Regierung wollt de J.Y. Henckes vum 5/6-Grupp wëssen, ob d'Schummer-Variant eng Léisung wier.

Dem Minister Claude Wiseler séng Äntwert ass an deem Sënn ganz interessant:

"Fir déi verschidde Konzepter an Tracéë fir en éventuellen Ausbau vum Schinneréseau an der Stad Lëtzebuerg ze analyséieren, gouf am Juni 2005 op Initiativ vum Transportministère a vum Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg den Aarbechtsgrupp "Extension du réseau ferré dans la Ville de Luxembourg" geschaf. Dësen Aarbechtsgrupp besteet aus Vertrieder vum Transportministère, dem Bauteministère, de Ponts & Chaussées, de CFL an vum Fonds fir d'Urbaniséierung an den Ausbau vum Kierchbierg.

Aus der detailléierter Bewäertung vu verschiddenen Zeenarioen, ënner anerem och vum Konzept vum Här Schummer, ass den Zeenario "Système combiné de Train classique + Tram léger" zréckbehal ginn, deen ee Virsprong vun ongeféier 30% op déi aner Zeenarioe virzeweisen hat. Déi einfach Integratioun an dat urbaant Ëmfeld, d'Méiglechkeet d'Capacitéit um klassesche Schinneréseau oprecht ze erhalen, de Zeenario op kuerz Dauer ze realiséieren, de Gewënn un Attraktivitéit säitens de Passagéier a virun allem déi verstänneg Baukäschte sinn déi grouss Virdeeler vun dësem Zeenario."

Ech mengen, domat wier eigentlech alles gesot. Ob den Tram elo 30 oder 50 oder 100 Prozent méi attraktiv ass géintiwwer enger Tunnelléisung wou ee 50 Meter déif ënnert dem Buedem duerch en däischtert Lach fiert, doriwwer kann ee streiden.

Fakt ass, dass déi verschidde Varianten objektiv analyséiert goufen, an dass elo kee méi behaapte kann, d'Schummer-Variant wier déi bäschte Léisung déi fir Lëtzebuerg a Fro kënnt … et sief dann, et wier ee virageholl, an et wier een net bereed, sachlech ze diskutéieren.

98 Date: 2007-02-14 08:02

Anarchist ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Elo hu mer et dann offiziell: Déi Leit déi fir de Fändel mam Roude Léif sinn, hunn tëschent dem 22. Oktober 2006 an dem 11. Februar 2007 - also bannent manner wéi véier Méint - iwwer 26.400 Ënnerschrëfte gesammelt. De Roude Léif schéint an deem Sënn e regelrechte Renner ze sinn.

Anescht geseit et dogéint fir dem ADR séng "grouss" Ënnerschrëftenaktioun fir e Referendum géint den Tram aus. Dat Spill leeft zénter dem 5. Januar 2007 online, ma bis elo koumen hongereg 62 Ënnerschrëften um Internet zesummen.

Wann déi esou virumaachen, hunn si an dene nächste sechs Méint nach keng 1.000 Ënnerschrëften zesummen ... an domat ass eigentlech kloer gesot, dass d'Schummer-Variant e Flop ass.

Ma ob déi Leit déi onbedingt fir de Schummer sinn an näischt anescht gëlle loossen, dëst och agesinn, steet op engem aner Blad. Géint Verblendung a Sturheet ass bekanntlech kee Kraut gewuess.

97 Date: 2007-01-30 13:49

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Ech gesinn zwee wesentlecher Ënnerscheeder tëschent dem Pafendaller Lift an de Schummer-Liften:

1)Beim Pafendaller Lift kommen d’Leit iwwert den Dag verdeelt „gedrëpst", an et komme keng 300 Leit op ee Coup.

2)Beim Pafendaller Lift sinn d’Leit net gezwongen de Lift ze huelen, well si kënnen och ze Fouss biergop trëppelen an anengems de Panorama vun der Alstad bewonneren. Bei de Schummer-Liften dogéint sinn d’Leit dem Lift ausgeliwwert.

Ech weisen nach eemol drop hin, dass et net onbedingt agréabel ass, wann ee wéi d’Hierken an der Tonn, zu de Spëtzestonnen an engem Lift zesummegepercht ass, a wann d’Leit engem hiren Otem an d’Gesiicht blosen.

Ausserdeem ass et e bëssche contre la nature, mat engem Lift an den Ënnergrond ze fueren fir do op den Zuch ze warden deen all hallef Stonn gefuer kënnt, wann ee weess dass d’Liewe sech „en surface" ofspillt, an dass och de Verkéier un der Uewerfläch rullt. De Mënsch ass nun emol kee Maulwurf!

Ech menge ganz einfach dass déi puer Leit déi sech op déi ominéis Tunnelvariant fixéieren, e Fehler maachen. Et gëtt dach flott Beispiller am Ausland wou den Tram gutt funktionéiert ... also solle mer eis un denen orientéieren.

96 Date: 2007-01-27 16:01

Anarchist ( pas adresse / pas page web) a écrit:

SI GINN SECH NET ...

... A SI SOEN NET DEI GANZ WOURECHT.

Haut ass am "Journal" schonn erem e Bréif vum RER-Clippchen, wou si den Tram probéiere schlechtzemaachen.

DOGEINT HEIERT A LIEST EEN NAISCHT VUN DENE LEIT DEI FIR DEN TRAM SINN.

Ech stellen allerdings och fest, dass den RER-Clippchen et mat der Wourecht net esou genee hëlt, respektiv dass hir Geschichtskenntnisser mangelhaft sinn.

Elo wou d'Nordstad-Tram asbl gegrënd gouf, entdecke si op eemol d'Eisebunn a schreiwen eppes, wat total falsch ass a just beweist dass si sech ni seriös mat der Eisebunn beschäftegt hunn: "Bis in die fünfziger Jahre gab es eine Eisenbahnlinie Bissen-Ettelbrück-Diekirch. Als Zuglinie könnte sie wieder aufleben, wenn nötig noch über Diekirch hinaus."

Fir déi Herrschaften ass et virun allem wichteg, dass ni en Tram an déi Géigend kënnt. Si leiden ënnert engem regelrechten Anti-Tram-Komplex!

Ma wann si den CFL-Fahrplang gekuckt hätten, hätten si erausfonnt, dass nach bis 1967 Persounenzich op der Atert gefuer sinn, an net wéi vun hinne behaapt, "bis in die fünfziger Jahre".

Déi intellektuell Onéierlechkeet vum RER-Clippchen ënnerschléit och, dass de Schummer selwer virgesinn huet, séng Katakombebunn an der Stad Lëtzebuerg duerch eng Tramslinn ze ergänzen. Déi Herrschafte ginn nom Motto vir: "Es kann nicht sein, was nicht sein darf!"

Méng Conclusioun no deem Lieserbréif ass jiddefalls kloer: Am léifste géif ech deen houeren RER-Clippchen an déi reaktionär Sauband op de Mound schéissen!

Anarchist

95 Date: 2006-12-19 07:58

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Hei ass zur Ofwiesslung eng gutt Nouvelle, déi ech eise Lieser net virenthale wëll: Paräis huet nees en Tram "intra muros", wëll soen am Stadzentrum bannent de Grenze vum Boulevard Périphérique!

D'Fransouse waren deemno méi séier wéi mär Lëtzebuerger, déi mer eis dach esou gär domat bretzen, dass mer Champion vun de séieren Décisioune sinn ...

Die Straßenbahn kehrt nach Paris zurück

Paris (AP) Die Straßenbahn ist 70 Jahre nach ihrer Verbannung wieder nach Paris zurückgekehrt. Am Samstag wurde im Süden der Hauptstadt eine High-Tech-Linie eröffnet. Der zunächst knapp acht Kilometer lange Abschnitt soll im kommenden Jahrzehnt zu einem Ring ausgebaut werden. Für die Koalition aus Sozialisten und Grünen im Pariser Rathaus ist die Straßenbahn eine wichtige Etappe, um die Stadt vor dem Verkehrskollaps zu bewahren. Sie folgt dem Vorbild zahlreicher französischer Städte, in denen die einst eingemottete Bahn ihr Comeback schon gefeiert hat.

Die großfenstrigen Wagen der T3 gleiten seit Samstag leise zwischen der Porte d'Ivry und der Pont du Garigliano hin und her. Mit 20 Kilometern pro Stunde brauchen sie 24 Minuten für den Abschnitt und sollen täglich 100.000 Menschen befördern. Doppelt so viele wie der Bus, der auf dem verstopften Boulevard-Ring, neben den die Tram-Trasse gelegt wurde, kein Durchkommen fand.

Der sozialistische Bürgermeister Bertrand Delanoe hofft, dass viele Autofahrer auf die 311,5 Millionen Euro teure Bahn umsteigen. Nicht nur durch die Entlastung des Autoverkehrs, auch durch die begrünte Streckenführung und neun Großkunstwerke soll das Wohlgefühl der Anwohner steigen.

Seit dem ersten Spatenstich vor drei Jahren ist das Projekt jedoch umstritten. Die konservative UMP wirft Delanoe ein kostspieliges «Solotänzchen» vor, durch das nur neue Staus entstünden. Zudem seien bessere Verkehrsanbindungen der nordöstlichen Vorstädte weit dringender als eine neue Linie im Südwesten der Hauptstadt. Die Menschen in Clichy-sous-Bois, wo vor gut einem Jahr die Vorstandunruhen begannen, fordern seit Jahren vergebens eine Tram.

Ein Comeback der Elektrischen, die zuletzt 1937 über die Pariser Alleen ruckelte, ist indes in ganz Frankreich unumstritten. Ohne Emissionen und Benzinverbrauch gilt das einst abgeschaffte Verkehrsmittel als Technologie der Zukunft. Schon vor 14 Jahren wurde eine erste Tram in der Region Paris wieder eingeführt, die T1 zwischen den Vororten Bobigny und Saint-Denis. 1997 folgte die T2 westlich der Hauptstadt. Beide werden von doppelt so vielen Menschen genutzt wie erwartet. Auch in Bordeaux, Nantes und Straßburg gibt es hochmoderne Linien, im Dezember folgte eine Verbindung im Großraum Lyon. Kommendes Jahr springen vier weitere Städte auf den Zug (wëll soen op den Tram) auf.

94 Date: 2006-11-23 08:07

Tom ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Bei deenen ass souwisou de Wuerm am Holz!

93 Date: 2006-11-19 23:24

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Och dat soll et ginn, dass Leit mat onfaire Methode schaffen, wann se keen Auswee méi wëssen.

Oder soll ech soen, ech hätt Chance gehat, dass den Anti-Virusprogramm vun der Post funktionéiert huet?

Ech krout nämlech de 14.11.2006 eng Mail vum "rer@rer.lu" déi mat engem Virus verseucht war.

Et kann natierlech och sinn, dass dat alles Zoufall war ...

92 Date: 2006-11-14 14:23

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Ech wollt mech emol nees zu Wuert melden. Et ass nämlech roueg ginn déi lescht Zeit rondrem den Tram, och wann hannert de Kulisse fläisseg geschafft gëtt.

Ech wollt e Wuert zu dene bedauerlechen Tëschefäll soen, déi sech a leschter Zeit ofgespillt hunn, wou den ëffentlechen Transport d’Zilscheif vu jugendleche Randaléierer war. Haaptsächlech am Frankreich goufe Bussen a Brand gestach, zum Deel esouguer mat de Leit déi am Bus soutzen. Ma och bei eis musse Chauffeure sech gefale loossen, dass se verbal an tätlech ugegraff ginn, wéi dëser Deeg nach am Minett geschitt.

Ech soe „mussen", well et ass u sech e Skandal. Et ass wéi eng Krichserklärung un d’Adress vun der ziviliséierter Gesellschaft. Et sinn dat Virfäll, déi absolut verwerflech sinn.

Engem „normale" Mënsch kënnt d’Loscht vergoen, mam ëffentlechen Transport ze fueren ... an dat ass sëcher net esou gewollt. D’Politik ass gefuerdert, an et ass vläicht den Zeitpunkt komm wou och eis Gesellschaft gefuerdert ass, Faarw ze bekennen an ze soen, wat mer an Zukunft wëllen.

91 Date: 2006-09-07 14:31

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Ech gouf gefrot vun engem Member, wéi dat sech huet mat der Stater Braderie, wou anscheinend an enger Zeitung stung, wéinst der Braderie déi ëmmer nach e grousse Renner wier, kënnt keen Tram an der Neier Avenue gebaut ginn.

Ech hu mech gewonnert, well ech hat den Här Backes - de Präsident vum Geschäftsverband - esou verstan, wéi wann d'Braderie géif ofhuelen.

Ech gleewen och net, dass ee wéinst engem Dag Braderie am Joer keen Tram baut. An aner Stied hunn se bestëmmt ähnlech Manifestatiounen, an do hunn se och Léisungen.

Ech kënnt mer zum Beispill virstellen, dass een de Commerçanten am ënneschten Deel vun der Neier Avenue ubitt, hir Stänn op der Paräisser Plaaz opzeriichten.

Ech gleewen awer perséinlech net drun, dass een Dag Braderie am Joer déi Stater Geschäftsleit rett. Eis Stad kränkelt dorun, dass e gewësse Mix verluergaang ass. Wann d'Leit haut dëst an dat brauchen, hunn se éischter d'Tendenz, dass se mam Auto an d'Grandes Surfaces rondrem d'Stad fueren, wou se (bal) alles fannen.

Ëmgedréint kann ee soen, ass der Stad selwer mat de "Monopol"-Geschäfter op der Gare an an der Uewerstad eng Zuchmaschinn verluergaang. An där Zuchmaschinne gouf et méi ... déi mëttler Joergäng erënnere sech bestëmmt nach un de "Sternberg", wou een Telleren an Tasen, Campingstill an elektresch Zich (vu Fleischmann) ze kafe krout.

Wann all déi Zuchmaschinne fort sinn, jo, wat bleift dann nach? A wat seet een de Leit, firwat se ausgerechent an d'Stad solle kommen, wann se den Androck hunn, an der Belle Etoile, am City Concorde oder am Auchan um Kierchbierg wier et méi attraktiv?

Dofir géif ech mengen, dass den Haaptproblem, oder "d'Argument" firwat mer keen Tram baue sollen, net d'Braderie ass. Dat ass e Pseudo-Argument, an dat ass Quatsch.

90 Date: 2006-08-30 18:02

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Ech wëll dem Här Lux eng Äntwert op séng Fro ginn.

Et ass leider wouer, muss ech soen, dass haut keen Zuch méi op Iechternach fiert. Ma an de 50er Joere vum 20. Joerhonnert war et net de Leit hire Wonsch de "Charly" ze moderniséieren. Si wollten éischter en Auto hunn. Dat kann ech réckwierkend esouguer verstoen.

Den Tram fiert also mat Sëcherheet net op Iechternach a kënnt och net vun Iechternach. Et kann een dat bedaueren, ma dat ass virleefeg eng Tatsaach ... ausser et géif ee mer soen, dass mer an de nächste Joeren oder Joerezéngten e radikale Mentalitéitswandel erliewen. Am Ausland ass et dat ginn, dass Eisebunnsstrecken op eemol nees "reaktivéiert" goufen.

Ceci dit, hänkt et dovun of, wou Dir an der Stad schafft. Wann Dir net zoufälleg op enger Plaaz schafft déi an der Géigend vun engem Arrêt vum Iechternacher Bus leit, da schéint et mer kloer ze sinn, dass Dir op d'mannst eemol emklamme musst. Dat ass iwwregens net anescht an der Hypothes, wou de "BB", also de Metro sollt gebaut ginn, well och dee kënnt Iech net op Iechternach sichen.

Ech perséinlech sinn der Meenung, dass et net onbedingt gutt wier wann déi Iechternacher Busse géifen zu Dummeldeng ophalen, a wann d'Leit da forcéiert wieren den Tram oder den Zuch ze huelen, deen à l'arrivée zu Dummeldeng waméiglech scho gutt voll ass. We virdrun eng Sëtzplaaz am Bus hat, ass net begeeschtert, wann hien duerno stoe muss!

Ech si perséinlech der Meenung, dass een d'Bussen déi vun den Haaptstrecke kommen, bis op eng zentral Plaaz an der Stad féiere sollt. Dat muss net d'Gare Centrale sinn; dat kann och de Glacis sinn. Vun do aus kënnen d'Leit da mam Tram oder mam städtesche Bus virufueren, oder awer ze Fouss hir Arbecht erreechen.

Et ass eng Reorganisatioun vum Busdingscht geplangt, a vläicht ass et jo eng Iddi, wann d'Leit sech matzeiten zu Wuert melden. An deem Sënn géif ech Är Fro un d'Actioun Öffentlechen Transport virureechen.

89 Date: 2006-08-29 22:56

hubert lux ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Ech kommen vun Echternach and Stad schaffen mat dem bus bis opt gare

Wie ass dat dann mat dem Tram well bis op Echtrenach kent den jo net

Muss ech dann emklammen oder wie get dat ?

Mat beschten greiss

Hubert

88 Date: 2006-08-11 07:55

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Ech hunn hei éischtmoleg e Beitrag zenséiert deen näischt mat der Saach ze dinn huet mee deen offesiichtlech an de Bereich vun der Pornographie geet.

Ech gesinn allerdings, dass och eis "Konkurrenz" net vun esou Knascht verschount bleift.

87 Date: 2006-08-02 20:50

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Gudden Owent!

Déi verschidde Begrëffer Metro, Tram a Stadtbahn sinn zwar geleefeg, an trotzdeem soen se am konkrete Fall alles an näischt aus. Et kann ee ganz kuriéis Ofweichunge vun der "Norm" feststellen.

E Metro fiert meeschtens ënnerierdesch, mee dat ass keen Dogma. Zu Paräis sinn z. B. eenzel Metroslinnen déi deelweis iwwerierdesch fueren an dowéinst e ganz spezielle Charme hunn.

Bei engem Tram denke vill Leit un den aalen Tram, sou wéi e bis 1956 zu Esch, a bis 1964 an der Stad Lëtzebuerg gefuer ass. Si setzen Tram mat "aalmoudesch" gleich, obschonn dass et am Ausland héichmodern Gefierer gëtt, do wou den Tram entweder ni ofgeschaft gouf, oder wou e neierdings nees agefouert gëtt. Déi Leit haten oder hunn eben eng aner Politik ...

E bëssche méi präzis ass vläicht dat däitscht Wuert "Straßenbahn", wou ee kloer e schinnegebonnent Verkéiersmëttel versteet dat am Straßenplanum fiert.

Eng "Straßenbahn" déi um Niveau "0" fiert awer hir eegen Trass huet wou se net vun den Autoe behënnert gëtt, gëtt meeschtens als "Stadbahn" bezeechent.

Déi eenzel Begrëffer kënnen eventuell eng gewëssen Hierarchie ausdrécken, wann ee sech seet dass eng "Stadtbahn" noutgedronge méi eng opwendeg Planung an "einschneidend Maßnahmen" am Stroosseverkéier verlaangt wéi eng "Straßenbahn", wou fréier vläicht d'Schinnen "einfach esou" an d'Strooss geluecht goufen, zu enger Zeit wéi et net vill Autoe gouf. Mee och dat géif haut net méi geschéien, an et géif wuel opgepasst ginn, dass d'Schinnen net grad do leien, wou ënnendrënner de Kanal oder d'Postkabele leien.

E Metro ass doutsëcher deier. E steigert vläicht de "Prestige" vun enger Stad; mee e kann emgedréint e Faass ouni Buedem sinn, iwwerdimensionéiert an iwwerhaapt net de Bedierfnisser ugepasst. En ofschreckend Beispill ass Charleroi, wou de "Metro" zu enger Zeit décidéiert gouf wéi déi wirtschaftlech Viraussetzungen an der Regioun ganz anerer waren, a wéi d'Beem nach an den Himmel gewuess sinn. Den "Embryo" vun deemols gëtt wahrscheinlech ni fäerdeggebaut, an zu allem Witz funktionéiert dee "Metro" och nach mat Gefierer, déi mer op der belscher Côte als Tram kennen.

Bei der Saarbrécker "Stadtbahn" fënnt ee Schëlder wou en "S" drop steet, wat awer näischt mat enger klassescher "S-Bunn" ze dinn huet.

Mir schéint et wichteg, dass den ëffentlechen Transport onofhängeg vum Numm gutt siichtbar an attraktiv fir d'Clienten ass. Den ëffentlechen Transport soll sech net ënnert dem Buedem verstoppen, do wou et net zwéngend néideg ass, mee e soll an der Strooss präsent sinn an Undeel huelen um städtesche Liewen. Schliisslech goufen d'Kierchtierm och no uewen an den Himmel gebaut an net no ënnen an de Kasematte verschanzt.

E lescht Beispill (fir haut), fir ze weisen dass d'Welt voller Widdersprëch ass: De neie Stroossbuerger Tram deen déi meescht vun eis kennen an deen och gutt bei de Leit - an esouguer bei de Geschäftsleit - ukoum, fiert am Bereich vun der Gare ënnerierdesch. Dat war technesch esou bedingt; mee et wëllt awer net heeschen, dass de Stroossbuerger Tram dowéinst e Metro ass. Am Stadzentrum fiert hie selbstverständlech an der Strooss.

86 Date: 2006-07-31 18:35

Jonathan NAGEL ( jonagel14@yahoo.de / http://jonny.dragon.lu) a écrit:

Gudden Owend,

e war lo den Weekend zu Stuttgart.

Do hun rem gesinn, nemmen mat Bus dat kann net vill ginn.

So mer mol d'Alternativen keint een an 3. Katégorien an deelen.

1. Metro, also eppes wat ganz ennert dem Buedem fiert, eppes wat ganz deier ass, an net on bedengt eppes fir Lëtzebuerg

2. Tram, eppes mei belleges wei Tram, mei séier opgerichtenes, klengt schon eichter no eppes fir Lëtzebuerg.

3. Stadtbahn, eppes wat een als Meschung vun Metro, Zug an Tram kéint bezeechnen. Op dat eppes fir Lëtzebuerg keint sinn wees e net. Mee wär frou wann een mer keint en bessen eppes dozou erklären keint.

Merci am viräus.

Mat frëndlechen Greiß

Jonathan NAGEL

85 Date: 2006-07-31 18:25

The dragon ( dragon@dragon.lu / http://www.dragon.lu) a écrit:

Gudden Nowend,

do kennen jo Kanner vun 6 Joër méi verstäneg mat en een schwätzen

Also ganz eierlech en puer Tipps (déi sinn ganz onofhängeg vum Inhalt vun desem Internet site) fir den Webmaster:

Et ginn puer einfach funktiounen fir sou Nervensehnen engem vum Hals ze haalen.

Et gett et eng Funktioun wou een kann d'Maximallängt vun engem Antrag op eng bestemmten Unzuel un Zeechen festleen.

An wann guer neit mei helleft kann een emmer na d'IP-adressen speren, dat heescht dass een vun verschiddenen Leit einfach net méi dei Meiglechkeet hun fir op en Site ze goen.

Mat beschten Greiß

The dragon

84 Date: 2006-06-19 10:14

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Déi komesch Homepage vun denen, déi eis am Kampf géint dee "béisen" Tram mat engem Metro beglécke wëllen, schéint iergendwéi verschwonnen ze sinn ...

... mee dofir ass een aner Witzbold, deen dorëmmer säin Onwiesen dreift an de Leit eppes versprëcht, vun deem mer all dreemen: "Ni méi am Stau stiechen - ni méi Stau!" Et wier allerdings ze vill schéin, wann dat Versprieche wouer wier, oder wann dat kënnt mat engem Eisebunnstunnel geléist ginn.

Originalzitat: "De Projet, ëm deen et hei geet, hu mer all gesinn: véier grouss Säiten am Wort vum 24. Januar 2002. Vläicht solle mer äis deen emol nach eng Kéier ukucken. Dat kascht näischt an et deet nik wéi."

Et kënnt een natierlech och soen: "Wat näischt kascht, dat ass näischt!"

Oder awer et stellt ee sech d'Fro, wéisou eng Dageszeitung engem bestëmmten Här véier ganzer Seiten "einfach esou" zur Verfügung stellt, wann de Cactus fir all Reklamm bezuele muss?

83 Date: 2006-06-15 16:27

Een dee rosen ass ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Pass op, Männchen, wann se Dech kréien, da gëtt Hackfleisch aus der gemaach!

82 Date: 2006-06-15 11:25

oder Laurent, wies de wels ( pas adresse / pas page web) a écrit:

nuecht

81 Date: 2006-06-15 10:34

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Oh Jang!

Du gleefs jo net, wat een alles bäiléiert ...

Et ass, wéi den Här Schummer seet: D'Leit verrode sech duerch all Wuert, wat se schreiwen!

Leider luch hien net ëmmer richteg; mee dat konnt hie jo net wëssen. Hien hat je kee Bléck hannert d'Kulissen.

An Déngem Fall, géif ech soen, ass mer eppes opgefall. Du schreifs, ech hätt "naicht" Besseres ze dinn.

Dat Wuert ass mer opgefall ... an op eemol ass et mer nees agefall, dass ech dat selwecht Wuert an där ongewéinlecher Schreifweis op enger Plaaz schonn eemol gelies hat. Mee do wars Du nach de Laurent.

De Laurent "tout court" oder de Laurent Hartz, dat kann ech net mat Sëcherheet soen; mee jiddefalls koumen dem Laurent "tout court" séng Beiträg am selwechten Zeitraum.

Lo si mer der Saach geschwënn op der Spur! Ech muss just nach e bësschen am Duerf froe goen, ob keen Dech kennt ... et géif mech jo wonneren, wann do net een aneren Här mat am Spill wier.

D'Wourecht leit dack méi no, wéi ee mengt!

Bis dann, léiwe Jang ... oder soll ech soen, Laurent?

80 Date: 2006-06-15 10:12

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Mäi léiwe Jang!

Wat mengs De, wat domm Leit dorëmmer lafen!

Et ass alt gutt, dass Däi Beitrag e bëssche méi "Niveau" huet ... oder wat soll ech konkret domat ufänken?

Du kanns jo mol ufänken Däi volle Numm ze soen, fir dass mer "von Angesicht zu Angesicht" diskutéieren ... Pardon, sabbelen, braddelen an tuute kënnen, wéis Du dat nenns!

79 Date: 2006-06-15 09:58

Jang ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Wat en Idiot ! oh claude... du muss och naicht Besseres ze din hun wi hei ze sabbelen, braddelen an tuuten

78 Date: 2006-06-14 12:57

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Et gëtt näischt, wat et net gëtt: Do sinn da Leit déi sech selbstverständlech net "outen", déi hunn eng nei Homepage gemaach, fir den Endkampf géint dee "béisen" Tram anzelauden. Dat Ganzt ass awer e bëssche witzeg, wann een dat liest.

Zum Beispill steet do: "Des Homepage as kengesfalls geduecht, fir Reklamm vum BB ze man, mee et as ganz einfach nëmmen e Resultat vun eiser Iwwerzeegung vis-à-vis vum Metro, deen an eisen Aan genee dat richtegt as fir eis Stad."

Ech hu mech gewonnert, well ech duecht ëmmer den Här Schummer wëllt ausdrécklech KEE Metro bauen. Si mer dann iwwer Nuecht esou gewuess, dass mer eis mat Paräis, mat London oder New York vergleiche kënnen?

Da steet do: "Demno verzichte mer op Kommentarer vun Anti BB Leit, déi eis net weider hëllefen, nee mir wëllen haaptsächlech de Leit hier Meenung wëssen iwwer eis Transportpolitik a Moment, wou mer elo schon x Joren op en uerdentlecht Konzept warden fir eis Stad, an et net färdeg brengen, eppes anstänneges op d'Been ze brengen."

Dat seet genuch. Et seet virun allem, wat fir eng naiv an ondemokratesch Astellung d'Auteure vun där Homepage hunn. An hiren Aen däerfen all déi "Anti BB Leit" KENG Meenung hunn, oder op d'mannst awer däerfen se hir Meenung NET soen.

Wen esou eppes schreift, huet e gestéiert Verhältnis zur Realitéit, an dee kann net erwarden, dass déi aner op séng Virstellungen aginn.

77 Date: 2006-06-14 09:52

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Dat hei geet jo op keng Kouhaut!

Ass et Iech all ze waarm?

Hei brauch keen deen aner ze iwwerzeegen, dass séng Iddi besser ass. D'Leit solle sech emol Zeit huelen an op den Internet bei www.gouvernement.lu kucke goen, bei de Ministère des Transports. Do fanne si all déi Informatiounen zum Tram, déi néideg sinn (ënner Mobilitéit.lu).

76 Date: 2006-06-14 09:14

explodéiert ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Ech mengen deen eenzegen deen frustréiert as sid Dir, soss wier der net direkt su frech, an Weg !!!

Sou Wieder wi houer schummeristen loossen ech mer net bidden, an ech sin KEEN schummer a kennen en mol guer net !!! Also loos deen aus dem Spill !

Äddi an vill Spaass nach mam Tram!

75 Date: 2006-06-14 08:03

Een dee geschwën explodéiert ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Et sinn ëmmer déi houer Schummeristen déi hei ufänken.

Du mengs, dat wieren elauter Frustréierter, déi fir hire "Guru" an de Krich zéien.

Wann déi houer Schummeristen emol endlech d'Maul hale géifen, da kënnt ee sachlech iwwert den Tram schwätzen.

De "BB" steet iwwerhapt nët zur Diskussioun. Déi Leit schloë just vill Schaum, fir sech sellwer an d'Gespréich ze bréngen.

74 Date: 2006-06-14 07:47

Een dem dat richteg Spaass mecht ( pas adresse / pas page web) a écrit:

A schwups get gelöscht, get ëmmer besser !!! Und tschüss

73 Date: 2006-06-14 07:34

Een dee rosen ass ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Blaani, kusch Dëch! Go home! Wat hues Du iwwerhaapt hei verluer?

72 Date: 2006-06-14 07:32

Chris ( pas adresse / pas page web) a écrit:

A weider geet et....

Lo geschwen bauen mer einfach en ënnerierdeschen Tram, dat wier dann d'Resultat vun e puer Gehierzellen di openeen stoussen...

71 Date: 2006-06-14 06:50

Georges ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Iwwerdreiwe schéint eng typesch Ausdrocksform vun den Schummer-Unhänger ze sinn. Et huet hei keen mat Steng geschloen ... oder sitt Dir esou sensibel, dass Dir bei all Wuert dat Iech nët gefällt, direkt gekränkt sitt?

70 Date: 2006-06-14 06:33

Chris ( pas adresse / http://BusBunn.hot.lu) a écrit:

A schon rem esou e Kabes. Den Här Schummer huet sech wéinstens Gedanken gemat wéi mer eis Stad kënne verbesseren, an dir fuert riit virun et nëmmen ze kritiséiren an hudd der selwer keng anstänneg Léisung parat. Den Tram as sëcher och keng Léisung, et ersetzt an engemSënn just eis Bussen, an werten net vill méi brengen, an och éiweg em Stau suergen. An den Här Schummer hei perséinlech unzegraifen huet och kee Sënn, hien huet ledeglech en Projet op d'Been gestallt fir endlech eisen Verkéierschaos ze verbesseren, a wat mat dir, dir schlot mat Steng drop, just well mir blöd Bauren Lëtzebuerger stur sin, an naicht gär hun, wat mir net kennen.

Also loosst eis dach zesummen an wi normal Mënschen schwetzen, op Tram oder Metro, mir brauchen eng effizient Léisung !!!! an keen dommt Geschwetz, dat man eis Politiker schon !!!!

69 Date: 2006-06-13 17:05

Georges ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Ouni e Konzept ass dem Schummer sein Tunnel-System e Faass ouni Buedem. Wéi soll dann iwwerhaapt Geld erakommen, an denen ënnerierdesche Statiounen wou d'Leit just op hiren Zuch ze warde stinn? De Schummer selwer huet jo behaapt, dat sollen einfach Haltestellen sinn.

Jo, mais, Haltestellen déi vill kaschten an neischt abréngen. Well d'Leit kaafen hiren Ticket anzwouch anescht (geschwënn elektronesch vun doheem aus).

A wat fir e Geschäftsmann wier dann esou verréckt a géif 50 Meter déif ënnert dem Buedem e Geschäft installéieren (ausbaggere loossen), wann all hallef Stonn en Zuch kënnt, an dotëschent ass tote Hose? Mer hunn dach nët dee Passage, wéi zu Paräis! Loosse mer dach verstänneg bleiwen.

Et mag jo berougend sinn, wa Leit vun hirem "Schummi" dreemen, mais dat sinn a bleiwe just schéin Dreem. An der Wierklechkeet sinn déi nët ëmzesetzen, respektiv sinn déi nët realistesch fir Lëtzebuerger Verhältnisser.

68 Date: 2006-06-13 14:39

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Den Här « Alain », an dann den Här Schaeffer …

Dir braucht eisen Internet-Site jo net ze liesen, wann en Iech mitt mecht. Et forcéiert dach keen Iech!

Mee Dir verbitt eis w.e.g. net, eis Meenung ze vertrieden. Dat Recht hutt Dir net. Mir liewen hei net an enger Diktatur, wou een Iech froe muss, wann ee wëllt iwwer eppes schwätzen.

Ass dat kloer?

Den Här Schaeffer ...

Ech liesen ëmmer nees dat Selwecht. D’Leit verstinn hien net. De BB bitt déi beschte Viraussetzungen, asw.

Ech hunn ni behaapt, d’Eisebunner sollten hir Zukunft duerch Streiker ofsëcheren. Dat ass an där Form eng Interpretatioun, respektiv eng béiswëlleg Ënnerstellung vum Här Schaeffer.

Ech hunn dat Dokument zitéiert, fir ze illustréieren, dass d’Liberaliséierung an d’Privatiséierung vun der Eisebunn sech europaweit an aner Dimensiounen ofspillt, wéi dat aus dene Pseudo-Argumenter vum Här Schaeffer, fir dem Här Schummer säin Tunnel ervirgeet. Wann de Bau vum „BB" eng Méiglechkeet wier, fir den Eisebunner hire Statut ze retten, da misst ee sech nämlech d’Fro stellen, firwat d’Gewerkschaften dëst net schonns laang erkannt hunn.

Déi ënnerierdesch Statioune beim BB kaschte virun allem, a si kaschten en Heedegeld. Och am Ënnerhalt, well sou wéi d’Zeiten haut sinn, muss ee wahrscheinlech eng Partie Iwwerwaachungspersonal virgesinn ... och an dene Stonne wou et méi roueg ass, a wou just d’Strummerten an d’Fixer sech an de „Kasematten" ophalen.

Wann awer d’Infrastruktur vum Betriib getrennt gëtt, sou wéi dat europaweit geschitt, dann ass glad a guer net sëcher, dass „d’CFL" eppes dovun hunn. Iergendeng Privatfirma gëtt mat der Gestioun vun denen ënnerierdesche Gare beoptragt, an iergendeng auslännesch Privatfirma kritt den Zouschlag a fiert mat hiren Zich iwwert den Eisebunnsréseau. Et sinn net d’CFL déi dat décidéieren!

Wou ass do de Gewënn fir d’Personal vun den CFL?

Mech stéiert virun allem, dass den Här Schaeffer a sénge Gedanke stoe bleift, do wou mer nach iwwert de BTB an de BB gestridden hunn. Hien ass nach am Kale Krich tëschent Amerika an der Sowjetunioun an huet net matkritt, dass an der Tëschenzeit munches anescht ass.

Firwat lauschtert hien net fir 5 Minutten dene Leit no, déi sech mat dem aktuelle Projet vum Tram beschäftegen? Firwat kënnt hien net op eis Generalversammlung diskutéieren, amplaaz sech op dëser Plaaz a seitelaange Monologen ze gefalen?

Ech kënnt gradesou gutt soen, dass et ermiddend ass, ëmmer nees déi selwecht Leier vum Här Schaeffer ze liesen, well op déi Art a Weis wéi hie virgeet, kënnt bestëmmt näischt Produktives eraus.

67 Date: 2006-06-13 12:33

Guy Schaeffer ( Guy.Schaeffer@web.de / pas page web) a écrit:

Privatiséirung vun den CFL (2)

Ech hun schon e puer mol geschriwen

„Ouni effiziente Réseau wéi dee vum Bus-Bunn Konzept, gët déi onvermeidbar Privatiséirung vun den CFL wahrscheinlech zu enger Katastroph fir d’CFL, hiert Personal a fir den Öffentlechen Transport an eisem Land."

Verschidde Leit hun déi Ausso bis haut nach nët verstan. Dofir wëll ech do méi an den Detail goen.

De Claude Oswald behapt, indirekt iwert en Beitrag den hien zitéiert, dat et eng einfach Léisung gëtt, fir op d’Bedrohungen duerch d’Privatiséirung ze reagéiren. D’Eisebunner sollen hir Zukunft duerch Streiker ofsëcheren. Sie sollen massiv an zesummen mat den Eisebunner aus dem Ausland streiken.

Wann d’CFL eng ganz gudd Infrastruktur hätten (esou wéi dat am Konzept Bus-Bunn geplangt asss) kéinten d’Einnahmen vun den CFL nennenswert gesteigert ginn. All Leit sinn d’accord, dat e ganz grousse Bedarf un engem verbesserten öffentlechen Transport besteht. D’Offer muss just un de Bedarf ugepasst gin.

Et gëtt öffentlech Betriiber, déi rentabel schaffen ouni solzialen Ofbau bei hire Leit ze machen. D’Spuerkees (BCEE) an d’Post (EPT) sinn ganz rentabel an (trotzdem ?) schaffen d’Leit do a ganz gudde Konditiounen.

Dest ass méigéech well des öffentlich Betriiber eng gudd Infrastruktur hun an duerch déi gudd Arbechtsbedingungen qualifizéiert Personal astellen a behale kënnen.

Bei dene Betriiber hun d’Leit hire Statut nët missen duerch massiv Streiker verteidigen.

D’CFL ass haut schon eng Aktiengesellschaft (S.A.) esou wéi vill privat Betriiber. Duerch d’Privatiséirung gëtt den Statut vun den Eisebunner nët obligatoresch geännert. Duerch d’Privatiséirung muss d’CFL rentabel schaffen. Do gëtt et nëmmen 2 Méiglechkeeten. Entweder et steigert en d’Einnahmen oder et reduzéiert en d’Käschten.

De sozialen Fridden an eisem Land ass e wichtege Viirdeel vu Lëtzebuerg. Massiv Streiker sinn méi schlecht wéi gudd an hoffentlech komplett iwerflësseg.

De Bus-Bunn Konzept bidd déi beschte Viraussetzung fir e leeschtungsfähegen Öffentlechen Transport an domat fir d’Zukunft vun den CFL.

Guy Schaeffer

66 Date: 2006-06-13 11:33

Alain ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Soll ech iech emol zitéiren wat dir fir e Kabes schreiwt, ëmmer an ëmmer erem !!!! Wat mat dir een midd mat ärer éiweger Leier. Frot mol zu Hollywood un, dohun se nach su eng Maschinn, déi iech an d'Vergaangenheet brengt, do kommt der doudsecher gudd un mat ärem Tram. Obwuel, firwat net en Tram an der Stad, dann as iwwerall minimum 5 Minutten Stau méi ungesot an der Stad, vlait loossen dann erem méi Leit hieren Auto stoen. A mir gin all op Tréier ankafen ! Weider sou Här Oswald !

65 Date: 2006-06-13 10:02

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Här "Alain"!

Dir beweist just, dass Dir kee Niveau hutt. Net déi Leit mat denen Dir rose sitt, si lächerlech, mee Dir selwer setzt Iech mat Ärem pubertäre Gejeitz erof!

Dat eenzegt Rëndvéi an dëser Ronn sitt Dir selwer!

64 Date: 2006-06-13 08:45

Alain ( kakuett@yahoo.co.uk / pas page web) a écrit:

Dir sidd dach all nëmmen riesen Rënnvéiher !!!!!!!

Ären Tram wier just gudd fir wann e puer sou frustréiert Leit wéi dir iech géift op d'Schinnen leen !

TRAM = DOUD !

BB = ZUKUNFT !

Där sidd esou lächerlech, an den Tram steet och nach ëmmer net, mat oder ouni ärem blöden Gefaasels hei...

Punkt, Schluss, Äddi an zou !

63 Date: 2006-06-06 08:27

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Ech hunn hei en interessante Beitrag um Internet iwwert d'Liberaliséierung vum Eisebunnstransport fonnt, fir all déi déi sech e bësschen am Fong mat der Matière wëlle beschäftegen. Et feelt do all Bezuch op dem Här Schummer säin Tunnel ënnert der Stad Lëtzebuerg, mee dat ass jo net verwonnerlech. Dat eent huet mat deem anere glad a guer näischt ze dinn!

Claude

Vor 15 Jahren begannen die europäischen Regierungen den Prozess der Liberalisierung und Privatisierung der europäischen Eisenbahnen. 1991 wurde die Richtlinie 91-440 erlassen, die den ersten Angriff auf die Staatsbahnen darstellte.

Eisenbahnerstreiks in verschiedenen Ländern haben über mehrere Jahre hinweg gezeigt, dass Widerstand möglich ist. Aber im Angesicht von Regierungen, Arbeitgebern und Kapitalisten, die keine Staatengrenzen respektieren, haben die Gewerkschaften insgesamt keine internationalistische Gegenwehr zustande gebracht. 1992 wurde zwar ein eintägiger europaweiter Streik organisiert, und sonst nichts mehr. Der Europäische Gewerkschaftsbund hat sich trotz seiner potenziellen Stärke bislang geweigert, Abwehrkämpfe und europaweite Streiks zu organisieren und zu koordinieren.

Wir brauchen kämpferische Gewerkschaften, die kollektive Aktionen auf die Tagesordnung setzen und nicht dem Irrglauben anhängen, dass der Kapitalismus die einzige mögliche Organisations- und Gesellschaftsform sei. Wir brauchen konkrete Vorschläge für die Entwicklung der öffentlichen Dienstleistungen und internationale Aktion. Dazu haben wir in den letzten Jahren ein gewerkschaftliches Netzwerk aufgebaut. Es hat sich entwickelt aus Veranstaltungen wie Sozialforen, Internationalen Märschen gegen Arbeitslosigkeit und vor allem durch alltägliche Kämpfe, Informationsaustausch, die Organisation von Streiks und internationale Demonstrationen.

Für den 18. März 2003 haben die Gewerkschaften RMT (Großbritannien), SUD-rail (Frankreich), ORSA - SULT - CUB (Italien), CGT (Spanien), SAC (Schweden) zu einem europaweiten Eisenbahnerstreik aufgerufen. Der März 2003 war für die europäischen Eisenbahnen ein bedeutsamer Tag: Es war der Zeitpunkt, den nationale Regierungen, das Europäische Parlament und die Europäische Kommission gewählt hatten, um den europäischen Schienengüterverkehr für den Wettbewerb zu öffnen und somit privaten Bahngesellschaften den Zugang zu unseren öffentlichen Schienennetzen zu ermöglichen.

Dies war erst der Anfang, denn auf die Umsetzung des so genannten "ersten Eisenbahnpakets" folgte ein „zweites Paket", das den Liberalisierungsprozess beschleunigte und ein „drittes Paket", das die Liberalisierung auch auf den Personenverkehr ausdehnt.

Die Bilanz der Privatisierung/Liberalisierung ist katastrophal. Europaweite Gegenwehr ist notwendig.

Abgesehen von einigen dogmatischen Technokraten in der Europäischen Kommission bezweifelt heute niemand mehr, dass die Privatisierung der ehemaligen Staatsbahn British Rail Schlimmes angerichtet hat. Instandhaltung und Infrastruktur wurden fast völlig aufgegeben, weil sie „unprofitabel" sind; keine Sicherheitsvorkehrungen für das Verhältnis der verschiedenen privaten Betreiberfirmen untereinander; und vor allem wurde die Sicherheit vernachlässigt, weil Sicherheitsinvestitionen mit den kurzfristigen Finanzinteressen der Kapitalisten unvereinbar sind, die heute im Eisenbahnbereich investieren und morgen dann ihr Geld ganz woanders anlegen.

In Italien wächst die Anzahl der privaten Eisenbahnbetreiber sehr schnell. Viele dieser Firmen missachten die Sicherheitsbestimmungen und werden manchmal von der zuständigen Behörde nicht einmal ausreichend auf Einhaltung der Bestimmungen kontrolliert, weil diese Behörde völlig unzureichend ausgestattet ist. Bei schweren Unfällen haben deshalb in den letzten Jahren insgesamt 42 Personen ihr Leben gelassen.

Seit dem 1. Januar 2005 hat die „linke" spanische Regierung die Politik ihrer rechten Vorgängerregierungen fortgesetzt. Die spanische Staatsbahn RENFE wurde in die RENFE-Zugbetreibergesellschaft und ADIF (Infrastrukturgesellschaft) unterteilt. Dies führt zu zunehmender Privatisierung und dem Zugang privater Zugbetreiber.

In Frankreich bereiten verschiedene Regierungen seit Jahren den Boden für die Privatisierung, indem sie die Staatsbahn SNCF organisatorisch zersplittern. Gemäß dem Wunsch liberaler Politiker hat die SNCF jetzt ganz bewusst Güterverkehre an private Betreiber abgegeben. Insbesondere CONNEX übernimmt zunehmend öffentliche Transportaufgaben (Schienenverkehr, Stadtverkehr, SNCM/Fähren von Marseille nach Korsika, etc.)

CONNEX ist jetzt seit mehreren Jahren in Schweden im Geschäft. Diese Firma führt frontale Angriffe gegen die Gewerkschaften und soziale Rechte durch und drückt auf eine Produktivitätssteigerung ohne Rücksicht auf die Sicherheit.

Diese Partisanen des "Liberalismus" interessiert nur der Profit. In Deutschland ist der Prozess weiter fortgeschritten und steht der Börsengang der DB AG auf der Tagesordnung. Jetzt melden sich Gewerkschafter und Bahnbenutzer dagegen im gemeinsamen Interesse zu Wort.

Diese Politik der Privatisierung und Liberalisierung führt zu wiederholten Tragödien, vielen hundert Todesopfern und Schwerverletzten im Namen der „wirtschaftlichen Effizienz". Sie stellt das gewerkschaftliche Streikrecht und die durch gewerkschaftlichen Kampf erkämpften Fortschritte in Frage. Die Folge sind Massenarbeitslosigkeit und zunehmende prekäre Beschäftigungsverhältnisse.

Angesichts dieser Offensive des privaten Sektors benutzen die „historischen Bahnbetreibergesellschaften" die gleichen Waffen: genau so wie die Firmen im privaten Sektor verschärfen sie den Konkurrenzkampf der europäischen Staatsbahnen untereinander. Letztlich sind sie bereit, die Rechte der Eisenbahner zu untergraben, die Sicherheit ihrer Fahrgäste einzuschränken, das Selbstverständnis eines öffentlichen Dienstleistungsunternehmens und die Regionalplanung aufzugeben.

Die "Eisenbahnpakete" stehen im Einklang mit anderen europäischen Verträgen, die sie uns aufzwingen wollen: den Richtlinien zum ÖPNV, die eine Privatisierung des Öffentlichen Nahverkehrs zur Folge haben, ebenso der Bolkestein-Richtlinie, die schlicht und einfach das Ende aller öffentlichen Dienstleitungen zum Ziel hat und das Sozialdumping institutionalisiert, und auch mit dem Europäischen Verfassungsvertrag, der in den Volksabstimmungen in Frankreich und den Niederlanden abgelehnt wurde und den auch viele Arbeiterorganisationen in Europa ablehnen..

Ein anderes Eisenbahn-Europa ist möglich!

Unsere Gewerkschaften SUD Rail (Frankreich), CGT (Spanien), ORSA (Italien), SULT (Italien), CUB (Italien), SAC (Schweden), LAB (Baskenland) haben sich für eine breite und konkrete internationale Aktion entschieden – mit der Zielsetzung, die kapitalistischen Gelüste auf den Eisenbahnbereich zurückzudrängen. Bei den Staatsbahnen muss das öffentliche Eigentum verteidigt werden, wenn wir das Recht aller Menschen auf erschwinglichen und sicheren öffentlichen Verkehr verteidigen wollen.

Ein anderes Eisenbahn-Europa ist möglich, in dem soziale Rechte, Arbeitsbedingungen, Sicherheit, öffentliche Dienstleistungen, Streikrecht und gewerkschaftliche Rechte und Freiheiten geschützt sind.

Wir rufen alle Gewerkschaften in Europa auf: Schließt Euch unserer Initiative an!

62 Date: 2006-06-03 12:40

Een dee rosen ass ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Schaeffer, go home!

61 Date: 2006-06-03 10:08

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Och den Här Schummer muss iergendwéi agesinn hunn, dass säin Tunnel net der Weisheit letzter Schluss ass, an dofir huet hie séngem "Projet" diskret en "T" (wéi "Tram") bäigefügt. Dat gëtt allerdings vun dene Leit déi farouchement géint den Tram sinn, verschwiegen.

Et wier dofir vläicht besser, wann esou iwwereifreg Leit wéi den Här Schaeffer sech emol géifen Zeit huelen an denen aner nolauschteren.

Firwat ass hien net op d'Generalversammlung vun der Tram asbl komm ... vu que dass hie jo permanent op eise Site luussen a kritzele kënnt?

Do wier hie vu kompetenter Seit opgeklärt ginn, an dann hätt och hien agesinn, dass de "BB" net d'Léisung fir d'Stad Lëtzebuerg ass.

60 Date: 2006-06-03 10:02

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Komescht Arguement: "Ech schloë nët viir, d’CFL ze privatiséiren. Déi Privatiséirung kënnt op ech dat wëll oder nët, si kënnt mat oder ouni Bus-Bunn, si kënnt mat oder ouni Tram."

Dat heescht, och de "BB" kann den Eisebunner hire Statut net retten (ce qu'il fallait démontrer).

A wann den Tunnel bis fäerdeg wier, géif de Réseau europaweit ausgeschriwwe ginn, an déi Leit déi bei den CFL hir Kuuscht verdingen, kënnten nawell de Fanger an de Mond stiechen. Dir sitt mir e Komeschen ... oder soll ech soen en tragikomesche Witzbold?

59 Date: 2006-06-03 09:53

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Här Schaeffer!

Et ass komplett iwwerflësseg, wat Dir hei schreift!

Dir hätt besser, Dir géift Iech emol richteg informéieren, amplaaz ëmmer nees de selwechte Kabes ze schreiwen.

58 Date: 2006-06-02 14:59

Guy.Schaeffer ( Guy.Schaeffer@web.de / pas page web) a écrit:

Privatiséirung vun den CFL

Ech hun schon e puer mol geschriwen

„Ouni effiziente Réseau wéi dee vum Bus-Bunn Konzept, gët déi onvermeidbar Privatiséirung vun den CFL wahrscheinlech zu enger Katastroph fir d’CFL, hiert Personal a fir den Öffentlechen Transport an eisem Land."

Verschidde Leit hun déi Ausso bis haut nach nët verstan. Dofir wëll ech do méi an den Detail goen.

Ech schloë nët viir, d’CFL ze privatiséiren. Déi Privatiséirung kënnt op ech dat wëll oder nët, si kënnt mat oder ouni Bus-Bunn, si kënnt mat oder ouni Tram.

Déi Privatiséirung ass eng grouss Erausfuerderung fiir d’CFL.

D’Haaptgeschäft vun der CFL baséiert op d’Zuchlinnen, d’Zich an d’Garen.

Duerch de Bus-Bunn Konzept ginn déi entscheedend ausgebaut:

Nei Zuchlinn vun der Stadter Gare duerch den Zentrum iwert den Lampertsbierg an den Norden oder op de Kiirchbierg.

Nei Zuchlinn aus dem Osten oder der Stadter Gare iwert de Findel op de Kirchbierg mat Verbindung op d’Nordstreck (op Dummeldéng oder iwert de Lampertsbierg an d’Stadt).

Zirka eng Dozen nei Haltestellen (Garen) op strategesch wichtege Platzen (do wou ganz vill Leit hin wëllen).

D’Konzept vum Bus-Bunn ass ausgereift a kéint séier realiséiert ginn.

Domat, an mat denen anere Verbesserungen vum Bus-Bunn Konzept kritt d’CFL eng Infrastruktur, déi den öffentlëchen Transport a besonnesch d’Zich ganz leeschtungsfäheg an attraktiv mëcht.

Esou gerüst kann och eng privatiséiert CFL optimistesch an d’Zukunft kuken.

Et ass awer nach nët kloer, op den Tram léger machbar ass. Hei stinn nach vill Froen op. Wann en all direkt an indirekt Käschten an Erspuernisser berücksichtegt gët den Tram léger wahrscheinlech vill méi deier wéi de Bus-Bunn.

Den Tram léger kann nët bis 2012 funktionéiren schon eleng well et mindestens 6 Joer dauert fiir de Problem vun der Neier Bréck ze léisen (Ausso vum Lucien Lux op enger Konferenz zu Steesel).

D’Kapazitéit vum Tram léger ass nët nennenswert méi héich wéi déi vun de Bussen déi haut schon an der Neier Avenue fueren.

E Konzept, dat eng massiv Behënnerung vum Individualverkéier (haut nach eng Majoritéit vun de Leit) implizéiert, ass schwéier politesch duerchzesetzen.

Heimat ass an de nächste Joren an eiser Haaptstadt (déi vun zentraler Bedeitung ass) keng nennenswert Verbesserung vun den Transport-Infrastrukturen an Aussicht. Wéi soll do d’CFL rentabel schaffen ?

De Bus-Bunn Konzept bidd déi beschte Viraussetzung fir e leeschtungsfähegen Öffentlechen Transport an domat fir d’Zukunft vun den CFL.

Guy Schaeffer

57 Date: 2006-05-27 09:40

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Dem Guy Schaeffer séng Stellungnahm op dësem Site liest sech wéi e Walplakat vun enger géignerescher Partei. Se ass virun allem zimmlech eeseiteg. Séng Meenung respektiv säi "Programm" ass alles, an denen aner hirt ass näischt.

Mer sinn eis natierlech bewosst, dass een dat an deem Sënn net fir boer Mënz hale muss, wat de Guy Schaeffer schreift. En Deel dovunner mag richteg sinn; mee e groussen Deel gehéiert an de Bereich Dichtung a Phantaisie!

Ech erënneren nëmmen drun, wat hien iwwert d'Liberaliséierung vum Transport schreift. Fir do eng Verbindung ze maache mat dem Här Schummer séngem Tunnel, ass net nëmmen abenteuerlech, mee am héchste Mooss onverantwortlech. Hie probéiert de Leit (= den Eisebunner) falsch Hoffnungen ze maachen, fir se op déi Art a Weis op séng Seit ze zéien; an dobäi weess hie genee, dass hie säi Verspriechen net hale kann!

Mee dovun ofgesinn, ass et eng Onmanéierlechkeet déi fir sech schwätzt, dass de Guy Schaeffer séng "Affiche" bei d'Tram asbl kliewe kënnt. Ech hat eigentlech gemengt, do géif en "gentlemen's agreement" bestoen, dass mer dat ënnerloosse géifen; mee dat schéint jo dann net fir de Guy Schaeffer ze gëllen. Hie kann sech alles erlaben!

Ech mengen awer dass hie schlecht beroden ass, an dass hie séngem Meeschter dem Här Schummer domat e schlechten Dingscht erweist. Wéi heescht et dach am Däitschen: "Blinder Eifer schadet nur!"

A bon entendeur, salut!

56 Date: 2006-05-26 22:12

Een dee rosen ass ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Ausser Behaaptungen gesinn ech neischt an deem Text, wat de Schaeffer schreiwt.

De Schummer huet bis elo glad a guer neischt bewisen! Och deen huet just Behaaptungen an d'Welt gesaat.

Déi Leit sollen dach mol ophaalen, déi aner fir domm ze verkaafen!!

55 Date: 2006-05-24 06:39

Tom ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Ech fannen ofgesinn dovunn, dass de Schaeffer sei Frust beim Noper ofreagéiert, onmanéierlech, wéi hee sech behëlt.

Hee schreift och neischt Neies mä hee schreift ëmmer dat Selwecht. Dat ass eng Frechheet an eng Zoumuddung vis-à-vis vun den aner Leit!

54 Date: 2006-05-23 13:34

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Här Schaeffer!

Ech muss Iech am Numm vum Comité vun der Tram asbl soen: Dir sitt en doutpeinleche Mënsch!

Gitt Iech dach!

Mir wëllen Iech net!

Gitt erzielt dem Här Schummer Är Story. Dee lauschtert Iech no, an dee gëtt Iech Recht.

53 Date: 2006-05-23 11:46

Guy Schaeffer ( Guy.Schaeffer@web.de / pas page web) a écrit:

« Tram léger » an de Projet Bus-Bunn

Jiddereen ass d'Accord, dat et wichteg ass, den öffentlechen Transport méglechst séier a massiv ze verbesseren.

Och Leit déi nie den öffentlechen Transport benotzen, profitéiren.

Hier Liewensqualitéit gët duerch eng Reduzéirung vum Individualverkéier an den Uertschaften verbessert. D’Stroosse gin entlaascht sou dat Stauen an Autosunfäll méi rar ginn.

E leeschtungsfähegen öffentlechen Transport verbessert d’Wettbewerbsfähegkeet vun eisem Wirtschaftsstanduert.

Wann en alles berücksichtegt (Infrastrukturen, CO2-Bilanz, Käschte vun den Unfäll, …) kann den öffentlëchen Transport duerchaus finanziell virdeelhaft fir eist Land sinn.

Den „Tram léger" bidd keng Léisung fir eis Haaptstadt.

D’Kapazitéit vum Tram léger ass kaum besser wéi déi vun de Bussen.

An dem Konzept mussen déi meescht Leit an e puer grousse Garen op manner leeschtungsfäheg Transportmëttel emsteigen a ginn mat grousser Wahrscheinlechkeet an de Stau geschéckt.

De Georges Schummer huet eng Alternative „Bus-Bunn" ausgeschafft déi liicht an de „mobilitéit.lu" intégréiert gi kann.

Déi vill nei Haltestellen am Bus-Bunn Konzept erlaben et, méiglechst vill Leit direkt mam Zuch un hirt Ziel ze bréngen. Dodurech dat d’Buslinnen reorganiséiert gin, kënnen déi aner Leit méiglechst séier un hirt Ziel bruecht gin.

Leider hun d’Regierung an d’Parlament d’Bus-Bunn Konzept praktesch ignoréiert an décidéiert den Tram léger ze ennerstëtzen. Si verloossen sech emmer erem blann op déi selwecht Experten, déi mat alle Mëttel en Tram-Konzept duerchsetze wëllen.

D’Oflehnung vum Konzept Bus-Bunn baséiert enner anerem op der Etude vum Büro Basler déi am September 2003 veröffentlecht gouf. Hei gët behaapt, de Bus-Bunn kéint nët funktionéieren.

Eng Etude, déi de Georges Schummer am November 2003 veröffentlecht huet, beweist, dat de Konzept Bus-Bunn machbar ass.

Et ass awer nach nët kloer, op den Tram léger machbar ass. Hei stinn nach vill Froen op.

De Bus-Bunn kéint bis 2012 funktionéiren an e grousse Beitrag leeschten fir eis Verpflichtungen vum Kioto-Protokoll ze respektéiren.

Den Tram léger ass bis dohin nët machbar (schon eleng wéinst dem Problem vun der Neier Bréck).

Anscheinend färten d’Leit ennerirdesch Garen, Lifter an Tunnellen.

Am „mobilitéit.lu" sinn och Tunnellen an ennerirdesch Garen virgesinn. Déi sinn ouni Diskussioun akzeptéiert gin. Vill auslännesch Stied géingen ouni ennerirdesch Garen an Tunnellen am Verkéierschaos ennergoen.

Déi ennerirdesch Haltestellen vum Bus-Bunn sinn iwersiichtlëch, kennen hell beliicht gin a vlaicht souguer vu Künstler sou gestalt gin, dat si richteg Touristenattraktiounen gin.

Déi modern Lifter vum Bus-Bunn Konzept diirften nëmmen eng kléng Minoritéit vu Leit ofschrecken.

De Bus-Bunn Konzept erlabt et, vill Leit séier a bequem un hirt Ziel ze bréngen an d’Stroossen ze entlaaschten. Do ass et irrelevant, dat en Deel vun de Leit (virun allem owes spéit) léiwer mam Privatauto fueren.

D’Oflehnung baséiert och op dem anscheinend immense Käschtepunkt vum Bus-Bunn.

Hei gin déi rieseg potentiell Aspuerungen, déi de BB Konzept am "mobilitéit.lu" erméiglecht, einfach ignoréiert.

De Projet BB léisst sech relativ liicht an de „mobilitéit.lu" integréiren.

E bedeit zousätzlech zu den 2600 Milliounen Euro vu „mobilitéit.lu", en Investissement vun e puer honnert Milliounen Euro.

Op der anerer Seit kënnen awer och immens Sommen doduerch gespuert gin :

75 Milliounen, well d’Polfermillebrëck nët muss verduebelt gin. Si gëtt duerch déi nei Linn iwert de Stadtzentrum an de Norden immens entlaascht.

?? Milliounen, well mer den Tram léger nët baue mussen. Virun allem d’Léisung vun de Problemer kéint extrem deier gin (Entlaaschtung vun der Neier Avenue, Nei Bréck, …).

?? Milliounen, well d’Umsteige-Garen bei den Foires-Halen, zu Dummeldeng, ... nët sou grouss musse sin, well déi meescht Leit einfach weider an d’Stadt fueren ouni ëmzesteigen.

?? Milliounen, well d’Stadter Gare entlaascht gët, an doduerch en Deel vun den 300 Milliounen €, déi fir den Ausbau néideg wiren, agespuert kënne gin.

?? Milliounen well eng grouss Zuel vu Bustrajeen (e.a. Schülertransport) duerch déi nei Zuchlinnen iwerflesseg gin.

Leider huet de Büro Basler nët probéiert des Aspuerungen méi genee ze bestemmen. Och déi nei Etude „Tram léger" huet déi Aspuerungen ignoréiert.

Wann een de Projet BB richteg an de „mobilitéit.lu" integréiert, kann dest de Gesamtkäschtepunkt vlaicht souguer reduzéiren. Op jidde Fall gët de Service um Client entscheedend verbessert.

Ee leeschtungsfähegen, attraktiven öffentlechen Transport kéint och verschidden deier Stroossebauprojekter iwerflësseg machen. Doduerch kéinten zousätzlech (honnerte ?) Milliounen € agespuert gin.

Wann en dann nach brücksichtegt, wat de Kioto Protokoll eis ouni effizienten öffentlechen Transport kaschte wärd, diirft keen Zweifel méi un der Rentabilitéit vum Bus-Bunn Konzept bestoen.

Ouni effiziente Réseau wéi dee vum Bus-Bunn Konzept, gët déi onvermeidbar Privatiséirung vun den CFL wahrscheinlech zu enger Katastroph fir d’CFL, hiert Personal a fir den Öffentlechen Transport an eisem Land.

Mir brauche Wuestum fir eise Sozialsystem ze finanzéiren. Dese Wuestum duerf eist Land awer nët an de Verkéierschaos féieren.

Mir kënnen eis et nët leeschten, op der enger Seit eng gudd Léisung mat alle Mëttel schlecht ze machen an op der anrer Seit honnerte Milliounen Euro an eng „Léisung" ze investéiren déi schon vum Konzept hier keng Chance huet eisen Öffentlechen Transport wierklech ze verbesseren.

Dem Georges Schummer sein Konzept a seng Argumentatioun sin op eng virbildlech Manéier um Internetsite http://www.busbunn.net dokumentéiert.

Dest Konzept gëtt enner anerem vun der Associatioun RER LUXEMBOURG a.s.b.l. ennerstëtzt (Site http://www.rer.lu/).

Informéiert iech! Wann dir feststellt, dat de Bus-Bunn vill besser ass wéi den Tram léger, musst dir méiglechst séier a méiglechst massiv de Bus-Bunn ennerstëzen. Wa mir nach lang waarden ass et wahrscheinlëch ze spéit. Da sinn d’Reserven vum Fonds du Rail verpolfert fir „Investitiounen", déi bal neischt bréngen an duerch de Bus-Bunn iwerflësseg gin.

Guy Schaeffer

52 Date: 2006-05-14 18:36

Jonthan NAGEL ( jonagel14@yahoo.de / http://dragon.lu/jonny) a écrit:

Salut,

ech war lo den 13. Mai rem zu Mulhouse. Ah! Härrlech en wonnerbaren Tram. Weini schaffen mir et endlech hei zu Letzebuerg en Tram ze hun? Ech hun schlieslech reicht 16 Joer an ech kann net soen ech setzen mech lo an den Auto an fueren op Saarbrëcken, Stroßbuerg oder Mulhouse an sou weider.

Guer net der vun ze schwätzen weivill Leit en einfach als Transportmëttel keinten Benotzen.

51 Date: 2006-04-04 19:25

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Et wier fatal, wann dat selwecht Trauerspill vu 1999 sech widderhuele géif.

Et wier fatal, wann e Projet avortéiert géif, well nees eng Kéier e puer Leit dogéint sinn.

Et wier nach vill méi fatal, wa mer op eemol keng handlungsfäheg Regierung méi hätten.

An et wier total fatal, wann an dësem Land den Immobilismus zur Regel géif ginn.

Ceci dit mengen ech, dass iwwert d'Vir- an d'Nodeeler vun dësem an deem Verkéiersmëttel scho vill a laang diskutéiert gouf. Et ass net, wéi wa keen deem aner nolauschtere géif. D'Tram asbl war mat där éischter Associatiounen eng, déi den Här Schummer invitéiert hat, fir him nozelauschteren. Dass si duerno intern doriwwer diskutéiert huet an zu enger aner Conclusioun koum, ass hirt gutt Recht.

Mer sinn och op Nanzeg gefuer an hunn eis d'Vir- an d'Nodeeler vum Trolleybus am Détail explizéiere loosst, wéi deen nach gefuer ass. Elo ass dee jo duerch eng Mëschung aus Bus an Tram ersat.

Mee wéi gesot, et schéint mer wichteg, dass mer emol en Ufank kréien, an dass mer vun der Plaaz kommen. Well alleng mat Biergerinitiative géint den Tram - sou wéi dat vu gewësser Seit ugekënnegt ginn ass - kréie mer d'Verkéiersproblemer zu Lëtzebuerg net geléist.

50 Date: 2006-04-04 12:29

Laurent ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Do gin ech iech ausnahmsweis emol eenmol recht här Oswald.

Mee et sief drun ze erënneren datt mer mam BTB och schon eng Kéier esou wait waren. Dofir freet iech net ze fréi op den Tram.

Ech hoffen mir fannen eenmol allzesummen di richteg bescht Léisung, an eis Stad get erem vill mi interessant. An deem Sënn bonne Chance en Donneschden.

Metro rules !!!

49 Date: 2006-04-04 09:24

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Wann ech glift, halt dach op, déi eng an déi aner. Dat bréngt dach näischt.

Den Tram leeft elo säi Wee, an dësen Donneschdeg wäerd eis Chamber sech mam Thema beschäftegen. Sou wéi ech eis Deputéiert aus dem Chambersbericht kennen, wäerten déi meescht hir Aufgab mat deem néidege Sérieux maachen.

Et ass natierlech ni auszeschléissen, dass deen een oder aner aus der Rei danzt.

Ech géif mer virun allem wënschen, nodeem dass de BTB-Projet 1999 zerried gouf, dass mer net nach eng Kéier 7 Joer mat onsënnege Polemiken a Streidereie verléieren. Dat ass jo awer sëcher net zevill verlaangt, vun denen engen a vun denen aneren.

48 Date: 2006-04-04 08:56

Tramullillittiiis ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Ganz genau esou een si dir dann och, well dir sid och net besser !!! Mat iech nëmmen all selwer geckeg...

47 Date: 2006-03-30 15:22

Sarkast ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Den "tramlutis" misst eigentlech "tunnelitis" heeschen, vu que dass hien total tunnelsüchteg ass.

Et gëtt eben esou Leit, déi sinn einfach eeseiteg, fir net ze soen fanatesch. Déi sinn zu allem fäheg, mee leider feelt hinnen de Verstand fir anzegesinn, dass et am Liewen net ëmmer sou geet, wéi si sech dat virstellen.

46 Date: 2006-03-30 14:54

Kommentator 1 ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Hei as vill méi e schéinen Internet-Site, fir déi Leit déi net esou bornéiert sin wéi den "tramulitis":

www.vag-freiburg.de

45 Date: 2006-03-30 14:45

Kommentator 1 ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Spillschoul, oder wat?

Dir gitt Iech anscheinend net, obschon dass ken Iech wëllt mat Ärem blöden Tunnel.

Halt dach op, déi aner Leit ze nerven!

44 Date: 2006-03-30 12:36

tramulitis ( pas adresse / pas page web) a écrit:

[img]http://www-rcf.usc.edu/~richarpm/images/Inside%20Metro%20tunnel.jpg[/img]

43 Date: 2006-03-28 16:13

Kommentator 1 ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Et as vielleicht eng Fro vun de "rapports de force". Den Här Jacoby schreiwt sech d'Fangeren wonn fir den Tunnel an der KP-Zeitung, mee sénger Leit ass ken an der Chamber. D'KP ass an der Chamber null.

Dofir ass vielleicht eng gewësse Roserei.

Mais och bei denen déi géint den Tram sin, as eng gewëssen Eeseitegket. Wou hunn SI dann studéiert, wann SI jo anscheinend déi grouss Experten sin?

42 Date: 2006-03-28 13:16

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Ech weess zwar elo net, wat ech mat dene Beiträg vum "Tramullittis" a vum "Kommentator II" ufänke soll.

Ech loossen se emol esou stoen, well si schwätze fir sech. Tëschent den Zeile liesen ech awer eraus, dass et sech em Leit handele muss déi rose sinn, well eppes décidéiert gouf wat hinne net gefällt.

Mer liewe jo an enger Demokratie, an do ka jidderee séng Meenung soen, oder enger Partei bäitrieden déi séng Meenung vertrëtt. Et gëtt jo och Vereiner déi eppes anescht vertrieden, wéi den Tram.

Den Här Schummer vu Schëtter ass fir en Tunnel, an dann hunn ech nach gelies vun deem Verein respektiv där "Initiativ" déi sech mat der Zukunft vu Lëtzebuerg beschäftegt, an déi fir den "AutoTram" ass. Dat ass eng Zort futuristesche Bus deen anscheinend duerch Kameraen automatesch gesteiert gëtt.

D'Fédératioun vun de Busentrepreneure plädéiert erwardungsgeméiss fir de (klassesche)Bus, deen eiser Meenung no, niewend dem Tram séng Daseinsberechtegung wäerd behalen, well en den Tramsréseau sënnvoll ergänzt.

41 Date: 2006-03-28 09:58

Tramullittis ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Zitat: Den Tunnelbléck Eenzel Leit schéinen ënner engem regelrechten Tunnelbléck ze leiden. Si gesinn just hiren Tunnel, egal ob dee sënnvoll ass oder net. Respektiv behaapte si einfach, ouni hiren Tunnel géif et net goen.

A WAT AS DANN MAT DEN TRAM LEIT ?

SOEN DEI NET DAT SELWECHT JUST FIR DEN TRAM ???

Sou huet et kee Wert mat iergendengem hei ze diskutéieren... Et mengt een et géif een mat daafen Leit hei schwetzen, genee sou wi an der Politik. An dofir brengen si et och net färdeg, eise Problem Verkéier sachlech an mat Iwwerleeung unzegon, well se och souwiesou all naicht dervun kennen !!!

An et huet och keen Parais mat Letzebuerg verglach ! Keen !

40 Date: 2006-03-28 08:04

Kommentator II ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Alleng mat all dëse bëllegen Aussoen gesait all Mënsch, mat welchen Leit mer et hei ze din hun. Schued datt net méi Niveau derhannert stëcht.

Schummt iech...

39 Date: 2006-03-24 08:24

Kommentator ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Den Tunnelbléck

Eenzel Leit schéinen ënner engem regelrechten Tunnelbléck ze leiden. Si gesinn just hiren Tunnel, egal ob dee sënnvoll ass oder net. Respektiv behaapte si einfach, ouni hiren Tunnel géif et net goen.

Je, je, je!

Misst een da net higoen a sech emol d'Fro stellen, ob et net och anescht geet. Amplaaz dass mer fir deiert Geld (wat elo ëmmer méi knapp gëtt) e saudeieren Tunnelsystem bauen, kënnt ee jo iwwert de Wee vum "télétravail" probéieren, ob net an Zukunft eng Partie Leit hir Arbecht doheem maache kënnen.

Et ass dach absurd, fir d'éischt e grousse Metro oder RER ze bauen an duerno déi groussstäedtesch Verhältnisser ze schafen, fir dass dee Metro (RER) sech och rentéiert.

Musse mer eis dann onbedingt mat Paräis vergleichen? Weem kann dat eppes bréngen?

38 Date: 2006-03-24 08:02

Sarkast ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Den ADR ass déi Partei déi 1999 geschriwwen huet:

"Wir sind nach reiflicher Überlegung zur Einsicht gelangt, dass das BTB-Projekt nicht realisiert werden darf, weil es nicht zu vertreten ist, über 20 Milliarden (Franken) in ein unflexibles Schienensystem zu investieren, dessen Kosten-Nutzen-Rechnung mehr als zweifelhaft ist und das die öffentliche Transportpolitik über Jahrzehnte festlegen wird. Ausserdem bringt das BTB-Projekt für viele Mitbürger eher eine Verschlechterung als eine Verbesserung der Situation.

Wir sind dennoch für den Ausbau des öffentlichen Transports mittels moderner und sauberer Transportmittel, wie z.B. Gelenkbusse, die wesentlich billiger zu stehen kommen, flexibler sind und das Stadtbild nicht verunzieren."

Dat muss ee sech op der Zong zergoe loossen: Gelenkbusse sinn e gutt Stéck méi bëlleg!

Et kënnt ee bal mengen, deemols wier dem ADR dat Bëllegst nach ze deier gewiescht ...

Mais op eemol wëlle si fir Milliarden (Euro) d'ganz Stad ënnertunnellen. Wou ass do d'Logik?

Déi eng Kéier ass hinnen alles ze deier, an déi aner Kéier ass hinnen neischt deier genuch.

Eng Partei déi esou am Zickzack fiert, ass onberechenbar. Et muss een drun zweifelen, dass déi e verantwortungsbewossten Ëmgang mat de Staatsgelder hunn.

Gott sei Dank sinn si net an der Regierung, mais an der Oppositioun. Do gehéiere si och hin.

37 Date: 2006-03-24 07:46

Kommentator ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Metro-boulot-dodo ... dat ass ongeféier d'Ideologie vum ADR, der Partei déi um rietse Rand vun der Parteielandschaft schwëmmt an déi eis neierdings nees mat hirem "Maulwurf" beglécke wëllt.

Et mag sinn dass zu Paräis vill Leit gezwongenermoosse mam Metro fueren, mee dat wëllt awer nach laang net heeschen, dass déi dat och wierklech genéissen.

Dogéint muss ech soen, dass ech zu Paräis léiwer mam Bus fueren, och wann deen e bëssche méi lues ass, well da gesinn ech wéinstens eppes.

An engem Metro wéi d'Hierken an der Tonn ze stoen ... naja, faut le faire.

Et ass nëmme gutt, dass den ADR net repräsentativ ass fir dat, wat d'Lëtzebuerger denken a fillen. Se si jo och neierdings nëmme méi zu 5 minus 1, nodeem se bei de leschte Chamberswale vu 7 op 5 Sëtz erofgerëtscht waren.

36 Date: 2006-03-22 06:34

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

D'Tram asbl vertrëtt de Standpunkt, dass den ëffentlechen Transport un d'Uewerfläch gehéiert. D'Mënsche liewe jo och un der Uewerfläch, an net an den Höhlen.

A firwat soll d'Strooss just dene gehéieren, déi sech mam Auto déplacéieren, während déi aner ënnert de Buedem goe mussen? Den Tram erlaabt an deem Sënn eng gewëssen Ëmverdeelung vum Stroosseraum, ouni dass dat awer heesche muss, dass den Auto komplett aus dem Stadbild verschwënnt.

An der Groussgaass hu mer eis iwwregens dru gewinnt, dass do - am Prinzip - keen Auto méi fiert (ausser déi Gefierer déi fir d'Livraisoun zoustänneg sinn).

En zweete Punkt sinn déi ënnerierdesch Haltestellen am Projet BB. Et ass net esou, wéi wann dat alles evident wier. Et gëtt Leit, déi hunn eben Angscht, esou déif erof ze goen, 50 Meter oder 60 Meter.

Et gëtt jo och Leit déi Angscht virum Fléien hunn, an déi dofir ni an e Fliger klammen. Et géif eis dach bestëmmt net afalen, fir déi ze forcéieren, oder fir déi ze kritiséieren.

Et ass mat Sëcherheet en Ënnerscheed, ob ee 5 Meter oder 50 Meter déif ënnert de Buedem goe muss. Bei 5 Meter kann een ze Fouss goen, während ee bei 50 Meter op de Lift ugewisen ass.

Haaptsächlech dann, wann et ass, fir vun ënnen erop nees un d'Uewerfläch ze kommen, soll dach keen eis erzielen, dass, am Fall wou 1.469 Leit (wéi d'Hierken an der Tonn) an engem duebelstäckegen Zuch matfueren, sou wéi den Här Jacoby aus der Kommunisten-Zeitung eis dat virrechent, dass déi alleguer madeneen bannent 15 Sekunden un der Uewerfläch sinn.

An da muss ee bedenken, wéi komfortabel oder - besser gesot - onkomfortabel dee Lift am Fall vun engem Fehlalarm ass; dat heescht, wann de Lift net funktionéiert, a wann déi 1.469 Leit ze Fouss d'Trapen eropgoe mussen. Virun e puer Woche war esou e Fehlalarm an der Philharmonie, deen eng déck hallef Stonn gedauert huet, obschonn dass d'Techniker op der Plaaz waren.

Vill Spaass!

Zu engem drëtte Punkt wëll ech nach Stellung huelen, nämlech de Referendum. Wann ech liesen dass den Här Reeff gären hätt dass d'Leit gefrot ginn, ob si gäre mam Tram fueren, da muss dach och déi aner Fro zougelooss sinn, nämlech ob d'Leit gäre mat engem Zuch fueren, deem séng Haltestellen 50 oder 60 Meter déif ënnert dem Buedem sinn. Wat ass un där Fro esou falsch?

Oder soll d'Demokratie just an déi eng Richtung funktionéieren, an d'Richtung vum RER?

35 Date: 2006-03-21 22:43

Sarkast ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Fuert esou virun. Dir sitt um beschte Wee de Leit Ärt richtegt Gesiicht ze weisen.

Deen Tunnel muss Iech komplett verblend hunn, an dofir fannt Dir all déi Leit déi net mat Iech d'accord sinn, blöd a lästeg.

Schreift e Buch iwwert den Tunnel, dann hutt Der eng Beschäftegung, an Dir kënnt Ärem Haass géint déi blöd Tramsfrënn freie Laaf loossen!

34 Date: 2006-03-21 14:15

Laurent ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Et as e Witz! Dir an ären Tram, dir mat iech dach selwer lächerlech.

Als éischt kritt een gesot, Tunnel an BTB as Geschicht, an mir sollen net erem unfänken ze diskutéiren, an elo war den H. Reeff an der Press, a schon get een erem ungegraff mat topegen Remarken.

Firwat soll den Här Reeff net neutral sin, just well en bei der USILL an och am RER täteg as ? Egal wéi, et geet eis all eppes un. Mir fueren jo gär an bequem, séier an schnell an d'Stad, dir net ?

An dann schwetz der vun engem Referendum fir den Tunnel ? Wou komm der dann ebeemol dorun. Ech froen mech heinsdo wou Leit kënnen esou stur an blöd sin, wann et och nëmmen em den Transport geet, wou mer alleguer an der Stad am Stau stin, egal wéi ech heeschen !

Firwat sid er all esou negativ angestallt wann et em ënnerierdescht bauen geet ??? Muss et dann wierklech en Tram sin an firwat ?

Hätt ech schon e puer positiv Argunemter gelies déi mech iwwerzeegen géifen, dann hät ech jo mol naicht dergéint. Ok, di éischt 15 Joer gesait eis Welt vlait besser aus, mee wat geschitt duerno ? Dann rappen mer spéidstens dann den Tram erem ewech, an loossen eis di nächst Topegkeet anfaalen....

Jeje...

33 Date: 2006-03-21 10:54

Sarkast ( pas adresse / pas page web) a écrit:

De Reeff hätt gär e Referendum, ob d'Leit den Tram wëllen oder net?

Fro: Wat fir eng Leit solle gefrot ginn? Nëmmen déi Stater Leit, oder d'ganzt Land, oder esouguer d'Grenzgänger déi all Dag bei eis schaffe kommen?

Dat schéint mer net kloer ze sinn ...

Mee beim Reeff weess ee jo net, wou een drun ass. Bal deet hien d'Kap vum RER op, wou hie bekanntlech

Tresorier ass, an dann erem ass hie Präsident vun der USILL (also vun de Stater Interessevereiner).

Op d'mannst kann ee soen, dass de Reeff als Präsident vun der USILL net neutral an där ganzer Fro vum ëffentlechen Transport ass, mee dass hie virageholl fir den Tunnel ass.

Wann hie sech allerdings als USILL-Präsident konsequent wier, da misst hien och e Referendum verlaangen zum Thema: "Wëllt Dir 50 Meter déif ënnert dem Buedem op Ären Zuch warden?"

Dat ass dach sëcher eng objektiv Fro, sou wéi se aus dem Schummer-Projet ervirgeet.

32 Date: 2006-03-18 09:12

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Ech wëll op dëser Plaaz betounen, dass jidderee séng Meenung soen däerf, mee dass ech net gutt fannen, wann d'Leit sech net eens sinn, vu wat se eigentlech schwätzen.

Et war de 14. Mäerz en Informatiounsowent zu Bouneweg wou all déi interesséiert Kreeser konnte gewuer ginn, wat aktuell - ganz nei - um Dësch leit. D'Philosophie vun deem Ganzen ass elo eng aner, an dofir huet et ménger Meenung no kee Wäert, fir nach doriwwer ze streiden ob de "BB" besser war oder de "BTB". Dat ass Geschicht!

31 Date: 2006-03-17 13:43

Laurent ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Zitat: Et gëtt och keng Ursach, firwat d’Haaptachs muss ënnerierdesch sinn, ausser et wëll een den öffentlechen Transport verstoppen.

Da sot mer wéi der dat wëlt mam Tram färdeg brengen, wann et net emol mat de Bussen klappt.

Zitat:Dir wärd awer matkritt hunn, dass d’Nei Bréck souwisou gefléckt muss gin, an dass am ënneschten Deel vun der Neier Avenue en Tunnel fir Autoen geplangt ass. Da léisst sech dat anengems maan, mam Chantier fir den Tram.

Dat heescht dir welt Tramsschinnen leen just vum ënneschten Deel vun der neier Avenue bis hannert di nei Breck! Herrlech...¨

Zitat: An der neier Etüde stinn och keng deier Hybridtramen méi, also musst Der Iech emol domat ausernee setzen. Mer kënne jo duerno madenee diskutéieren.

Als éischt wëlt der net mat enger Persoun wi mir diskutéiren, dann wëlt der et erem...

Dat heescht dir wëllt mat CFL Zisch duerch d'Stad fueren ? Oder dir verwandelt är Tram Ausstellung an richteg Tammen ëm...dat wier eng bëlleg Variant.

Merci fir är interlektuell Iwwerleeungen...

30 Date: 2006-03-17 13:27

Tram 2009 ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Iech iwwerzeegt neischt. Dofir ass et Zeitverschwendung, mat Iech ze diskutéieren.

Ech kënnt jo och soen, dass Dir mam BB oder mam Schummer an d’Bett gitt.

A spillt w.e.g. elo net d’Velosfuerer géint den Tram aus, well déi Nummer zitt net.

Et gëtt och keng Ursach, firwat d’Haaptachs muss ënnerierdesch sinn, ausser et wëll een den öffentlechen Transport verstoppen.

Dir wärd awer matkritt hunn, dass d’Nei Bréck souwisou gefléckt muss gin, an dass am ënneschten Deel vun der Neier Avenue en Tunnel fir Autoen geplangt ass. Da léisst sech dat anengems maan, mam Chantier fir den Tram.

An der neier Etüde stinn och keng deier Hybridtramen méi, also musst Der Iech emol domat ausernee setzen. Mer kënne jo duerno madenee diskutéieren.

29 Date: 2006-03-17 12:41

Laurent ( pas adresse / pas page web) a écrit:

OK, dann zielt mer mol wat an ären Aan besser get mam neien Projet "Tram léger" ! Vlait iwwerzeegt dat mech dann! Ech sin jo och fir eng schnell Léisung, an datt eis Situatioun besser get. Ech wël net streiden, mee acceptéiert dann och aner Meenungen, wat der net mat.

Fir mech as de BB di beschte Léisung, well en de Stadkär mat anbezitt, mir mat deem fueren kënnen wat mer schon hun bei der CFL.Also keng deier hybrid Trammen. Keng Chantier'en déi eis hënneren wann ënnerierdesch geschafft get.

Eng kuerz Nord-Süd Verbindung mat Anbannen vum Stadzentrum an dem Lampertsbierg, wou di meeschten Leit wunnen an och di meeschten Leit schaffen an och di meescht Studenten an d'Schoul gin. An dat soll d'Haaptverkéiersach sin a mengen Aan. A wéi wëll een dat anescht man wéi ënnerierdesch ?

Derbai kënt datt een keng Gefohr kritt fir d'Velosfuerer mat de Schinnen, nee et kann een esu guer Veloswee'er man matten an der Stad, wéi dat an all Groussdtad scho laang de Fall as.

Mir brauchen keng Stroossen opzerappen fir d'Schinnen ze leen an duerno rem zouzeman, an d'Plaatz vun de restlechen Ankeefer op der Gare get erem mi kleng an nach méi geféierlech. Méi attraktiv get eis Stad domat secher net. Am Géigendeel. Dach mir hun awer e "schéinen "Tram !...

Elo as et un iech !

28 Date: 2006-03-17 11:45

Tram 2009 ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Wann een schreift, kann ee villes behaapten.

Ech kann nëmme staunen: Den Här Hartz ass „doudsecher", dass den Tram keng Léisung fir Lëtzebuerg ass. Just den Doud selwer ass nach méi secher.

Den Tram ass eng optimal Léisung iwerall op der Welt, just bei eis net. Sou schwätzen all déi Tramsgéigner. Et ass pur Rhetorik!

De Projet BB ass also fir den Här Hartz am beschten, Punkt, färdeg! Wëllt hien esou mat denen aner Leit diskutéieren? Wen ass do arrogant?

Grad wéi gesot ass, dat war just e Beispill mam Londoner Metro. Mais e Beispill fir aner Leit eppes ze ënnerstellen. An dat nenen ech Polemik!

W.e.g., mer hunn elo de politesche Wëllen, fir endlech eppes ze maachen, an net, fir nach 10 Jor laang hin an hir ze braddelen. Halt dach op mat Ärem topege Gestänkers!

27 Date: 2006-03-17 10:45

Laurent ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Als éischt wollt ech dann emol unfänken, datt ech naicht géint en Tram hun, an och gären dermat fueren. Vu que datt ech oft genuch zu Köln sin, an do och meeschtens den Tram huelen. Mee et muss een awer och dann kucken wéini datt en Tram e Sënn huet.

Bei eis NET. An dann kréien ech nach hei ënnerstallt, ech hät den neien Dossier na net gelies. Soit. Deeen Dossier as a mengen Aan nach méi schlecht wéi den alen Dossier BTB, deen alt wéinstens e GesamtKonzept ungestëppelt huet.

Dat wat mer elo wëllen piddelen, dat as 1 Phase, déi awer doudsecher net eise Problem verbessert, an mer an 10 Joer nees eppes Neies mussen anfaalen loossen.

Zitat: Wann ee mer seet, den Tram wier „näischt", da muss hien emol op déi Plaazen am Ausland kucke goen, wou en Tram zur vollster Zefriddenheet vun de Leit funktionéiert, an dene Leit erzielen, dass si alleguer um Holzwee sinn.

Et as fir ze laachen. Een deen wierklech eppes dervun kennt, kann nie am Liewen eng Stad mat där anerer Verglaichen :) Jo, an villen Sied as dat eng optimal Léisung gewiescht, den Tram, mee an eiser Stad net.

Ech son iech eent, ech sin net géint en Tram well ech de BB ënnerstëtzen, mee ech hun mech informéiert an mer praktesch Froen gestallt wat as gudd umm BB, wat as manner gudd, an dselwecht och mat der Léisung Tram.!!!

An do war mer kloer gin, datt ech perséinlech de Projet BB am Beschte fannen, Punkt färdeg ! Well et a mengen Aan di eenzeg Etude as, wou ech kann an d'Zukunft kucken, an mir ëmmer weider ausbaufäheg wieren.

Ech hun och vun dem Projet gelies, wou mer den Tram simuléiert hun mat e puer Bussen hannert eneen ! An en as an d'Box gaang. En Tram as einfach net di richteg Léisung an eiser Stad ! An attraktiv get se och net doduerch!

Et sin einfach Leit di sech den Tram elo mat an d'Bett geholl hun, an dermoossen verléift sin, datt se net mi vun där Idee lass kommen.

Da fillt den Här Tram 2009 sech nach ungegraff. Zitat:Wen huet esou eppes gesot??

Dat do ass dach eng bëlleg Ënnerstellung!

Ech hun kengem Mënsch eppes ënnerstallt! Ech kennen just leider selwer Leit di soen en Tunnel wier net gudd, an schwärmen dann vun hierer schéiner Vakanz zu London, an wat den Underground fir e super Metro wier. Et war e Beispill...

Zitat:Dat ass déi selwecht Zort vu Polemik, wéi d'Unhänger vum Tunnel vun Ufank un gebrauch hunn, fir sech bemierkbar ze maachen.

Déi Leit déi fir de "BB" sinn, sollen emol sachlech a fair diskutéieren, amplaaz ëmmer nëmmen ze stänkeren!

A mengen Aan bas du genau e sou e Mënsch, arrogant an net mat em ze diskutéiren.

Du muss e Politiker sin oder gin !!!!

Ech hun ëmmer probéiert fair an sachlech ze diskutéiren. Mee et get engem mol net nogelauschtert, vu que datt et fir d'Tram Loveren just en Tram get.

26 Date: 2006-03-17 07:53

Tram 2009 ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Zitat: An dat sin meeschtens déi, déi zB vum Underground zu London schwärmen. Do as dann e beemol kee Problem méi.

Wen huet esou eppes gesot??

Dat do ass dach eng bëlleg Ënnerstellung!

Dat ass déi selwecht Zort vu Polemik, wéi d'Unhänger vum Tunnel vun Ufank un gebrauch hunn, fir sech bemierkbar ze maachen.

Déi Leit déi fir de "BB" sinn, sollen emol sachlech a fair diskutéieren, amplaaz ëmmer nëmmen ze stänkeren!

25 Date: 2006-03-16 16:03

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Wat soll ech dem Här Hartz äntwerten?

Hie schéint jo fir de „BB", also fir d’Tunnelléisung ze sinn.

Fakt ass awer, dass d’Politiker sech elo endlech eens sinn, fir eppes ze maachen. Dass dat net de „BB" ass, erklärt vläicht, firwat eenzel Leit enttäuscht sinn.

Mee wa mer elo nees ufänken alles a Fro ze stellen an eis an endlosen Diskussioune verléieren, dann, jo, da maache mer Politik! Awer am schlechte Sënn.

Wann ee mer seet, den Tram wier „näischt", da muss hien emol op déi Plaazen am Ausland kucke goen, wou en Tram zur vollster Zefriddenheet vun de Leit funktionéiert, an dene Leit erzielen, dass si alleguer um Holzwee sinn.

Ech gesinn och dofir kee Grond, firwat engem Mënsch schlecht sollt ginn, dee sech sachlech mat dem Tram beschäftegt. De „BB" hat fir mech sëcher ee Mérite, dass en de Stadzentrum mat ubanne wollt, mee en hat eng grouss Schwächt, dass e sech am Ënnergrond an enger phantastescher Déift verléiert, wou d’Leit gezwonge sinn, mam Lift ze fueren (ausser si wieren top a Form a wëllte 50 oder 60 Meter Héichtenënnerscheed ze Fouss bewältegen). En plus ass d’Feinerschließung beim „BB" méi schlecht wéi beim Tram; respektiv mussen déi meeschte Leit trotz enger Haltestell ënnert dem „Hamilius" nawell emklammen. Et stëmmt jiddefalls net, dass beim „BB" jiddereen direkt à destination gefouert gi wier.

Ech wonnere mech an deem ganze Kontext iwwregens och, wou den Här Hartz op eemol un d’Al Bréck respektiv un d’Al Avenue kënnt. Hie schéint déi nei Etüd nach iwwerhaapt net gelies ze hunn, a sech mat den Argumenter vun deem Text auserneegesat ze hunn.

Ech géif mer jiddefalls wënschen, dass déi Zeite wou déi eng an déi aner sech mat Schlagwierder iwwerheeft hunn, eriwwer sinn. Wann trotzdeem Leit mengen, si missten onbedingt dogéint sinn, dass eis Politiker hir Responsabilitéit iwwerhuelen, da mussen déi Leit eis w.e.g. erklären, wéi dann hei am Land d’Gesetzer gemaach ginn, déi néideg sinn, fir dass dat Ganzt op d’Schinne kënnt.

24 Date: 2006-03-16 08:37

Laurent Hartz ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Wéini fänke mer mol un, d'Politik op d'Sait ze leen, an dese Problem praktesch ze iwwerleen.

An mengen Aan as den Tram NAICHT wert an eiser Stad, vlait di éischt 5-10 Joer, an dann duerno ? Wat man mer dann. Geet dann di ganz Diskussiounen erem vu vir un ?

An wann ech dat héiren wat hei geschriwwen get, de BB wier net ekologesch a géing den Transport nach méi fuederen an der Stad, da get et mir schlecht. As dat wierklech en Argument ? NEE

Dogéint kann een 10000 Saachen man. Zb kéint een aus der aaler Avenue eng Zone Piétonne man, dat géing eise Geschäftsleit besser don wi wann mer elo en Tram derduerch fueren loossen. An ech kann mer net virstellen, datt een deen zB aus Frankraich mam Zuch op der Gare unkënnt frou as, fir dann nach 30 minutten am Tram ze kutschéiren fir op de Kirchbierg, wat mam Tunnel an 10 minutten géif goen. An dann di aal Brëck, as déi iwwerhat kapabel fir en Tram driwwer fueren ze loossen an deem Zoustand wi se as ?

Ech hun bis haut nach keen héiren, deen mir konnt en richtegen Nodeel vum BB soen. E get meeschtens mat Quatsch ofgelehnt wi zB: Keng Secherheet bei de Leit wann se mussen ënnerierdesch goen, an dat och nach an engem Lift...Kriminalitéit déi ënnerierdesch ebeemol méi grouss as asw. Wéi oft hun ech dat schon héieren...

An dat sin meeschtens déi, déi zB vum Underground zu London schwärmen. Do as dann e beemol kee Problem méi.

Wéini man mer Neel mat Käpp !!!

Wéini kënne mer eng Kéier d'Politik op der Sait loossen, an de ganzen Dossier mat Henn unpaaken ?

23 Date: 2006-03-10 08:48

Tram 2009 ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Lo fänke se nees un, déi "éternels détracteurs" déi alles besser wëssen an déi géint alles sinn.

Wann een dat liest, geet engem den Hutt héich:

Reeff: "Problem ist nicht der innerstädtische Verkehr"

Die Usill, der Dachverband der hauptstädtischen Interessenvereinigungen, hatte sich bereits im Vorfeld gegen eine Tram ausgesprochen. Daran hat sich nichts geändert: "Das Problem stellt sich nicht innerhalb der Stadt, sondern mit den zahlreichen Pendlern", so Usill-Präsident Paul Reeff. Umgesetzt werden müssten zunächst die Anbindung mit klassischem Zugmaterial, wie es z. B. das Projekt von Ingenieur Schummer vorsieht.

Von den Beschäftigten auf Kirchberg hätten viele ihren eigenen Parkplatz. Schwierig sei das Nebeneinander der verschiedenen Transportmittel. Der innerstädtische Verkehr lasse sich besser mit Bussen durchführen, wobei übrigens die RGTR-Busse nichts in der Avenue de la Liberté verloren hätten. Und wer fahre außerhalb der Spitzenstunden und an Wochenenden mit der Tram? Laut Paul Reeff wäre eine teils ober-, teils unterirdische Schienenanbindung zwar teurer, würde aber auch mehr bringen. Eine Tram bedeute, das Geld zum Fenster hinaus zu werfen.

Kommentar: De Reeff schéint déi nei Etüd net gelies ze hunn. Hie gehéiert zu denen, déi alles besser wëssen, an iwwert déi den Transportminister sech oprege kann. Wéi steet dach esou schéin am Saatz: "... hatte sich bereits im Vorfeld gegen eine Tram ausgesprochen." Dat seet jo genuch!

Mee da verstréckt de Reeff sech ménger Meenung no an e Widdersproch, wann en d'Wichtegkeet vum Tram relativéiert: "Und wer fahre außerhalb der Spitzenstunden und an Wochenenden mit der Tram?" Dat Selwecht misst hie jo dann och vum Schummer séngem Tunnel behaapten: "Und wer fahre außerhalb der Spitzenstunden und an Wochenenden mit Schummi? (...) Ein Schummi bedeute, das Geld zum Fenster hinaus zu werfen."

Je, et muss ee sech do op déi eng oder aner folkloristesch Darbietung astellen, déi zwar zur allgemeinen Erheiterung bäidréit awer näischt Konkretes am Dossier bewierkt.

22 Date: 2006-02-22 13:23

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Ech géif vun dëser Plaaz aus all denen Interesséierte roden, "d'Revue" vun dëser Woch ze kafen, déi vun haut un an de Kioske leit. Do ass nämlech en interessanten Artikel iwwert den Tram zu Lëtzebuerg, am Kader vun denen Iwwerleungen déi eng Expertegrupp zesummegestallt huet an déi de 6. Mäerz der Ëffentlechkeet solle virgestallt ginn.

Et geseit deemno net esou schwaarz aus fir d'Entwécklung vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg, och wa mer ewell schonn e puer Joer Verspéidung op den ursprüngleche Fahrplang hunn.

21 Date: 2006-02-17 07:38

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Es bringt nichts, wenn die Kräfte verzettelt werden und wenn jeden Tag jemand anders ein neues Modell vorschlägt.

Die Tram asbl steht diesem Gummireifenspielzeug jedenfalls sehr skeptisch gegenüber und sieht darin keine echte Alternative, weder zur Schiene noch zum Bus.

Ich kann auch nicht verstehen, warum es in Luxemburg eine Phobie gegen Schienenfahrzeuge geben sollte. Diese wird meines Erachtens von bestimmten Kreisen nur herbeigeredet.

20 Date: 2006-02-16 16:23

Peter Stumpfwerder ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Ich glaube, in Luxemburg mag man keine Schienen und keine Fahrdrähte. Ich habe gelesen von einer interessanten Alternative, dem "AutoTram". Es gibt ein Verein der sich Gedanken über die Zukunft des Landes macht, oder so ähnlich heißt.

Vielleicht sollte man dieses "AutoTram" als wirkliche Alternative zu "Train-Tram" und Tunnellösung betrachten.

19 Date: 2006-01-12 08:04

Raymond ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Et as iirgendwéi net logesch, duurch de „BB-Tunnel" gët d’Logik op d’Kopp gestallt. Et wier méi ökologesch Verkéier ze verhënneren, mais duurch de „BB" gi mer forcéiert nach méi Verkéier an d’Stad ze zéien, fir dass dat Riiseninvestissement sech rentéiert.

Et ass bestëmmt och fir déi Leit déi all Daag aus der Lorraine vu Metz oder Nanzeg kommen, net attraktiv, all Daag dee weite Wee mussen ze maachen. Och wann um Enn en Tunnel ass.

Et misst ee méi op „Télétravail" setzen, fir dass d’Leit nët all Daag dee weite Wee musse maachen, da wier och manner Verkéier. Den Här Schaeffer ass dach e Mann vum Fach.

18 Date: 2006-01-11 09:27

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Ech kann nëmmen de Kapp rëselen, wann ech dat liesen wat de Guy Schaeffer hei zum Beschte gëtt. Mengt hie vläicht, hie kënnt mat missionareschem Eifer eng gutt Iddi - nämlech den Train-Tram - zerstéieren?

Oder mengt hie vläicht, déi Leit déi dem Schummer séng Dokumenter liesen, missten automatesch mat deem wat do steet, d’accord sinn?

Et besteet dach awer ménges Wëssens kee Glaawenszwang!

Da wëll ech awer eppes zum Inhalt soen.

De Guy Schaeffer dréint iergendwéi am Krees a kënnt net vun der Plaaz. Séng Argumenter sinn zum Deel widdersprëchlech (wat ech bei Gelegenheet schonn eemol erklärt hunn).

Hie fënnt schued, dass de Stadzentrum owes wéi ausgestuerwen ass, a wëllt deem mam „BB-Tunnel" ophëllefen. Or, hunn ech dach gelies, dass de „BB" haaptsächlech geduecht wier, fir an de Spëtzestonnen honnertdausende vu Pendler op d’Arbecht respektiv an d’Schoul ze bréngen. Wou sollen also déi honnertdausenden owes hirkommen, wann d’Schüler doheem léieren, a wann d’Grenzgänger gradesou gär a vill léiwer bei sech an hirem Kulturkrees eraus flanéiere ginn? Do ass dach eppes, wat net klappt!

Et muss een och an aller Däitlechkeet soen, dass d’Leit NET wéinst dem „BB-Tunnel" owes an d’Stad kommen; mee si kommen haaptsächlech an d’Stad, wann an der Stad eppes gebuede gëtt.

Wou ass da nach am Garer Quartier e Kino?

Den eenzege Kino am Stadzentrum (au sens large) ass den Utopia, an do kritt een owes ouni Problem eng Parkplaaz (gratis) um Glacis.

Och déi Leit déi an den Theater fueren, fannen um Glacis kamoud eng Parkplaaz, an et komme mat Sëcherheet net méi Leit an den Theater, wann do duebelstäckeg Zich (ënnerierdesch) fueren.

De Guy Schaeffer spillt allerdings mat de Wierder, wann et drop ukënnt, an da gëtt op eemol aus där ënnerierdescher Gare um „Hamilius" eng „ganz einfach Haltestell". Et kënnt ee bal mengen, e Busarrêt géif duergoen ...

Vläicht geseit hie jo selwer an, dass déi honnertdausend Leit déi do aus- an aklamme sollen, eng Utopie sinn. Eis Stad ass net mat Paräis oder Moskau ze vergleichen, an et mëcht vun dohir kee Sënn, de Leit ëmmer nees déi selwecht „Litanei" opzesoen. De „BB" gëtt doduerch net besser!

Dofir froen ech mech, ob de Guy Schaeffer sech net selwer lächerlech mecht, wann hien un enger technescher Léisung mordikus festhält, déi fir eis Verhältnisser drei Nummeren ze grouss ass, an déi guer net un déi reell Besoinën adaptéiert ass?

17 Date: 2006-01-10 14:10

Guy Schaeffer ( Guy.Schaeffer@web.de / pas page web) a écrit:

De Claude Oswald schreiwt a sengem Beitrag vum 1.1.2006 an desem Forum:

„De Guy Schaeffer soll ophalen, gebiedsmillenarteg ëmmer déi selwecht Litanei erofzeleieren …mengt hie vläicht, hie géif mat sénger Opdrénglechkeet aner Leit iwwerzeegen?"

Hien mengt domat wahrscheinlech meng Beiträg am Forum op http://www.rail.lu/indexde.html Thema Zum Lieserbréif am Wort "Elefantenrunde - öffentlicher Transport".

Wien sëch fir d’Thema Öffentlechen Transport interesséiert kann do noliesen, dat ech grad wéi de Georges Schummer déi verschidden Aspekter vum Thema sachléch analyséiren an erklären.

Well nët jiddereen all Diskussiounsforum liest, erlabe mir eis, verschidde Saachen a méi wéi engem Diskussiounsforum ze erklären oder richteg ze stellen.

Besonnesch de Claude Oswald fuerdert eis emmer erem mat Beleidigungen a falschen Argumenter eraus. Mir kënnen dat nët einfach esou am Raum stoe loossen. Mir mussen déi Saachen richteg stellen.

A sengem Beitrag vum 2.1.2006 an desem Forum huet hien gewisen, dat hien de Bus-Bunn Konzept vum Georges Schummer nët gelies huet oder zumindest nët richteg verstan huet.

Hien schreiwt:

„Jiddefalls schéint fir mech relativ kloer ze sinn, dass et net am Sënn vum IVL ass, dass mer an Zukunft sämtlech Awunner aus der Groussregioun op de Boulevard Royal kanaliséieren. Domat erledegt sech anengems d’Fro, ob et iwwerhaapt e Besoin gëtt, fir mat duebelstäckegen Zich op den „Hamilius" ze fueren, a fir op där Plaaz e Megabunker ze bauen."

De Claude Oswald schéingt nët ze wëssen dat:

- Vill Leit fannen et schued, dat eise Stadtzentrum owes wéi ausgestuerw ass. Duerch de Bus-Bunn Konzept wier de Stadtzentrum gudd erreechbar a kéint owes e neien Opschwong erliewen. Leit déi owes e Patt dënke wëllen, Jonker déi nach kee Führerschein hun oder eeler Leit déi nët gären (owes) mam Auto (duerch d’Stadt) fueren géingen dovun profitéiren.

Et ass nët am Sënn vum IVL alles op d’Gréng Wiss ronderem d’Stadt ze verdeelen. Fir en rationnellen Öffentlechen Transport ze erméiglechen brauche mir eng gewëss Konzentratioun (selbstverständléch kéng extrem an eeseiteg Konzentratioun op eng eenzeg Plaatz).

- Am Konzept Bus-Bunn sinn vill Garen um Territoire vun der Stadt Lëtzebuerg virgesinn. D’Buslinne gi rationnell agesat fir déi weider Verdeelung vun de Leit. All wichteg Attraktiounspunkten solle méiglechst gudd mam Öffentlechen Transport erreechbar sin. Et ass nët geplangt „sämtlech Awunner aus der Groussregioun op de Boulevard Royal ze kanaliséieren".

- Am Konzept Bus-Bunn ass eng ganz einfach Haltestelle am Stadtzentrum geplangt (1 Quai, Lifter op den 2 Enner vum Qai). Et ass kee „Megabunker" geplangt.

De Claude Oswald soll dach endlech d’Dokumentatioun iwert de Bus-Bunn op http://www.busbunn.net/ oder op http://www.rer.lu/ liesen.

Hie soll ophalen:

- E vaguen „Train-Tram" Konzept bedingungslos ze ennerstëzen, deen, trotz geplangte riesegen Ausgaben, eisen Öffentlechen Transport nët wierklech verbessere kann.

- D’Frënn vum Bus-Bunn perséinlech ze beleidigen oder lächerléch ze machen.

- De Bus-Bunn Konzept mat onfaire Methouden ze bekämpfen.

16 Date: 2006-01-02 09:17

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Ech wëll ergänzend nach eppes zu deem Thema soen:

Ech hunn extra nach eemol dat Dokument gelies vum IVL. Dat ass vum Januar 2004 an ass also nach net esou aal. Ergo kann do net alles falsch sinn, wat dra steet.

Do kënnt ganz kloer an e puermol dat Wuert "train-tram" vir. Déi Leit déi dat ausgeschafft hunn, hate sëcher eng Ahnung vun deem, wat se geschriwwen hunn, och wann den Här Schaeffer dozou eng aner Meenung huet.

Et steet do:

"Vergleichbar mit der Erschließung am Kirchberg ist daher auch in neuen Entwicklungsgebieten wie Cloche d’Or und Cessange eine Trasse für Train-Tram vorgesehen. Damit könnte Train-Tram deutlich mehr Siedlungsflächen auch fußläufig erschließen und zum Rückgrat des ÖPNV im Verdichtungsraum Luxemburg werden. Train-Tram sollte an die geplanten Peripheriebahnhöfe Cessange und Howald angebunden sein, um die Vernetzung von Train-Classique und Train-Tram zu gewährleisten. Durch die Einführung von Train-Tram verfügen die beiden Gebiete über eine sehr gute ÖPNV-Anbindung."

Ech kann dofir net novollzéien, firwat eenzel Leit sech aktuell wéi de Rumpelstilche behuelen a sech ëffentlech driwwer freen, dass et eng Rei technesch Problemer beim "train-tram" gëtt. Si maachen esou, wéi wann den „train-tram" definitiv a fir éiweg Zeiten dout wier.

Vläicht awer hunn déi selwecht Leit e grousse Problem mam IVL, well do eppes steet, woumat hiren Tunnel ënnert der Stad iwwerflësseg gëtt ... well nämlech de Sënn vun där "leeschtungsfäheger" Eisebunnsverbindung a Fro gestallt gëtt:

"Aus übergeordneter raumstruktureller und verkehrsplanerischer Sicht sollen extreme Konzentrationen der Büroarbeitsplätze auf Luxemburg Stadt vermieden (...) werden (...)."

Mat aner Wierder géif ech wëlle soen, dass dem Här Schummel säin Tunnel technesch (eventuell) machbar, awer "aus übergeordneter raumstruktureller und verkehrsplanerischer Sicht" net wënschenswäert ass. Ob den Tunnel an där Form wéi se vum Här Schummer virgesinn ass, jemols géif vun de Leit akzeptéiert ginn, ass nach eng aner Fro, déi den Här Schaeffer wuel net ze interesséiere braucht. Hie freet jo och keen em séng Meenung, mee hie behaapt einfach, dass et ausser dem Schummer sénger Iddi näischt Valables gëtt.

Jiddefalls schéint fir mech relativ kloer ze sinn, dass et net am Sënn vum IVL ass, dass mer an Zukunft sämtlech Awunner aus der Groussregioun op de Boulevard Royal kanaliséieren. Domat erledegt sech anengems d’Fro, ob et iwwerhaapt e Besoin gëtt, fir mat duebelstäckegen Zich op den „Hamilius" ze fueren, a fir op där Plaaz e Megabunker ze bauen.

Loosse mer dach verstänneg bleiwen an eist Geld do asetzen, wou et wierklech sënnvoll ass!

15 Date: 2006-01-01 09:28

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

De Guy Schaeffer soll ophalen, gebiedsmillenarteg ëmmer déi selwecht Litanei erofzeleieren.

E soll sech um Internet-Site vum "RER" austoben.

Oder mengt hie vläicht, hie géif mat sénger Opdrénglechkeet aner Leit iwwerzeegen?

14 Date: 2005-12-30 12:05

Guy Schaeffer ( Guy.Schaeffer@web.de / pas page web) a écrit:

Wonnerbaren Train-Tram.

A mengem Beitrag vum 23.11.2005 am Forum op http://www.rail.lu/indexde.html Thema Zum Lieserbréif am Wort "Elefantenrunde - öffentlicher Transport" hun ech de Claude Oswald invitéiert mat klore Viirschléi ze schaffen.

Ech hu festgestallt, dat d’Frënn vun enger Train-Tram Léisung néirens eng aktualiséiert Versioun vun hire Viirschléi publizéiren.

De Claude Oswald huet mir de 24.11.2005 an dem Forum geäntwert:

„Ech wëll dann awer nach betounen, dass d‘Tram asbl grad wéi all déi aner Organisatiounen an Associatiounen déi an der BTB-Plattform zesummegeschloss waren, sech ni zur Aufgab gesat haten, selwer en technescht Konzept auszeschaffen, sou wéi den Här Schummer dëst versicht. Si hunn sech villméi am Ausland kënneg gemaach, hunn sech op der Plaaz vu Fachleit berode loosst a si schliisslech zur Conclusioun komm, dass de Karlsruher Modell eng gutt Léisung a Verbindung mat den Erkenntnisser aus der Luxtraffic-Etüd wier."

D’Viirschléi vun den Train-Tram Frënn sinn immens vague. Dofir kann en och neischt géint déi Léisung soen.

Si ass immens bëlleg, wann en nëmen eng Linn baut an wéineg Train-Tramen asetzt.

Si ass immens leeschtungsfäheg, wann en vill Linnen a vill Train-Tramen asetzt.

Vill Leit benotzen déi Léisung, wann en déi puer grouss Stroossen a Brécken an eiser Haaptstadt fiir Tramslinnen reservéiert.

Déi Léisung ass wonnerbar. Si huet gleichzeiteg all Viirdeeler a keen eenzegen Nodeel.

Dat ass awer nëmmen esou lang richteg wéi se eng vague Iddi bleiwt.

D’Bus-Bunn Léisung ass haut schon immens schlecht.

Si ass vill ze deier (wann en nët berücksichtegt wéivill Suen doduerch kéinten gespuert gin a wann en se mat enger vill manner leeschtungsfäheger Alternative vergleicht).

Si ass nët machbar (wann en der Etude vum Büro Basler gleewt an d’Pläng vum Geoges Schummer ignoréiert).

Et sinn nët genuch oder zevill Haltestellen (jo nodem wat grad inn ass).

Si huet Iwerkapazitéiten oder ass ze limitéiert fir den Ufuerderungen vun enger ongewësser Zukunft gerecht ze gin, je no Loscht a Laun vum Kritiker.

Vill ze vill Leit färten déi ennerirdesch Haltestellen, wann en hinnen erklärt:

Déi ennerirdesch Haltestellen wiren esou oniwersiichtlech wéi den Aldringer. Si wire schlecht beliicht. Et misst en immens laang op de nächsten Zuch warden. Et géingen nët genuch Lifter geplangt. Ausser Kriminellen an Drogenofhängegen géing bal kee Mensch déi Haltestellen benotzen. D’Polizisten géinge färten déi Haltestellen ze iwerwaachen aus Angscht d’Privatsphär vun de Leit ze verletzen. Terroristen géingen léiwer ennerirdesch Haltestellen spréngen wéi Héichhaiser, Kliniken, Schoulen, Garen, Brécken oder Héichspannungsleitungen. ...

Mat e bessche Fantasie a schlechtem Wëllen kann en all konkret Léisung schlecht machen.

De Bus-Bunn Konzept huet awer de Viirdeel, dat en klor dokumentéiert ass, immens leeschtungsfäheg ass a séier kéint réaliséiert gin. Kukt op http://www.busbunn.net/ an http://www.rer.lu/ fir méi Informatiounen iwert dest genialt Konzept.

13 Date: 2005-08-07 08:37

Claude Oswald ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Ech wëll vun dëser Plaaz aus all Frënn vum Train-Tram invitéieren, keng Gedanke méi um Site vum RER-Club respektiv vum Schummer ze verschwenden, well déi Leit wëlle just Luef héieren a verdroe keng Kritik. Et ass och eng Illusioun ze mengen, si géife vun hirem "Credo" ofrécken.

Den Här Schummer schwätzt ëmmer nees vun "Tatsaachen", mengt awer domat séng Märecher déi hien esou zerechtbéit, wéi et him an de Krom passt. Hie spillt d'Problemer bei enger Tunnelléisung carrément erof.

A séngem leschte Beitrag liest een, dass 60 Prozent méi oder manner Käschte fir hie kee Problem sinn. Et geet jo net aus sénger Täsch, an hie seet eis léiwer net wat dëse Betrag a Milliarden ausmecht, fir déi d'Steierzueler - also mär all - opkomme mussen.

Dass säin Tunnel vollwäerteg ass, dorunner besteet keen Zweifel. Mee ob en och sënnvoll ass, dat ass eng aner Fro.

Bei eis fuere keng 100.000 Beruffspendler an der Stonn, mee just zu de Spëtzenzeiten, an déi fuere zum allergréissten Deel NET an d'Groussgaass. Qu'on se le dise!

Dofir gesinn ech och kaum, dass mer mat duebelstäckegen Zich am 5-Minuttentakt tëschent Esch an Ettelbréck via de Centre Hamilius fueren. Zu de normalen Zeiten huet ee beschtefalls all 30 Minutten esou en Zuch, an da stellt sech awer d'Fro, wéi attraktiv déi Haltestellen ënnerierdesch an de Kasematte sinn, wann een 30 Minutte warde muss? Do ass en Train-Tram deen iwwerierdesch all 5 Minutte verkéiert, vill méi attraktiv, an en huet schlussendlech déi selwecht Kapazitéit. Mee dat schéint dem Här Schummer net ze gefalen.

Et ass och net esou, dass an de Spëtzestonne wa 500 Leit madeneen um Centre Hamilius, awer 60 Meter déif ënnert dem Buedem ukommen, déi Leit madeneen a 15 Sekunden un d'Uewerfläch befördert kënne ginn. Dat ass eng Netto-Zeit bezunn op déi reng Faarzeit vun engem Lift.

An der Praxis mussen déi meeschte Leit e puer Minutten ënnerierdesch warden. De Lift muss emol fir d'éischt gefëllt ginn, éier hie fuere kann, an da sinn déi eng prësséiert a wëlle nach matfueren, an déi aner - déi schonn am Lift stinn - fannen, dass 6,25 Leit op de Quadratmeter eng Zoumuddung sinn. Souguer wann dat enger gewësser Norm sollt entspriechen.

A Russland gouf et emol eng Norm, dass jeweils e puer Familljen sech eng Kichen an eng Toilett gedeelt hunn, an trotzdeem huet déi Iddi sech nëmme mat Gewalt duerchgesat. Wann een d'Leit freet, dann ass et de rengste Cauchemar.

Dat Selwecht behaapten ech also vum Schummer séngem Lift, dass dee ni richteg beléift wäerd sinn. Déi Stater Leit wäerte souwisou ganz séier op hire Bus zeréckgreifen, dee fir si méi praktesch ass, wa si wëllen zum Beispill vu Bouneweg op de Belair fueren. Et denkt dach kee Mënsch drun, fir mam Bus op d'Gare ze fueren, mam Lift an den Ënnergrond ze fueren (do wou eng gewësse Clientèle sech ophält), 30 Minutten op de nächsten RER ze warden, an da nees vum Centre Hamilius aus mam Bus ze fueren!

Wat mir virun allem Suerge mecht, dat ass awer dee Fanatismus, dee vu Schummer & Co ausgeet. Munchmol hunn ech den Androck, dass déi Leit zu allem fäheg sinn, an dass se hir Géigner am léifsten iwwert de Koup renne géifen.

Jiddefalls ass hire Monolog an hire Stil wéi si déi (soi-disant) eenzeg Wourecht priedegen, keng Basis op där een eng valabel Diskussioun féiere kënnt.

Claude Oswald, Comitésmember Tram asbl

12 Date: 2005-08-06 20:05

Claude Oswald ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Ech weess net wen hei wen emmerdéiert. Dem Här Santori säi Kommentar ass jiddefalls an deem Sënn total iwwerflësseg gewiescht.

Wann him de Site vun der Tram asbl net gefällt, da brauch hien de Site jo net ze kucken. Et ass awer der Tram asbl hirt gutt Recht, fir op dëser Plaaz hir Meenung ze soen.

11 Date: 2005-07-29 20:49

guilio Santori ( santori@pt.lu / pas page web) a écrit:

halt dach endlech op d'Leit mat Ierem Tramsromantismus ze enmerdéeren.

Guilio

10 Date: 2005-07-05 03:55

Meyer Thomas ( thommy@econophone.ch / http://www.tramoldtimer-basel.ch) a écrit:

Herzliche Grüsse aus Basel.

Weiterhin viel Erfolg !

mfg

Thomas Meyer

9 Date: 2004-06-15 18:59

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Ech wëll dem Här "Pol" eng Äntwert ginn, obschonn dass dat wat hie schreift, net nei ass a keng nei Argumenter bréngt.

Dass en Tunnel technesch machbar ass, stellt kee Mënsch a Fro. Mee net alles wat technesch machbar ass, ass och wënschenswäert. Dat hu mer jo bei der Atombomm gesinn.

Ënnerierdesch Parkhäiser fannen ech schrecklech. Am Helleg Geescht-Parking, an deem düstere Bunker fillen ech mech net wuel. Mee et steet mer fräi, mäin Auto iwwerierdesch op de Glacis ze stellen.

Bei engem Metro-System hunn ech dogéint keng Wiel, an do ginn ech quasi forcéiert ënnert de Buedem ze goen.

Den Aldringen ass a méngen Aaen eng Feelkonstruktioun. Et ass d'Resultat vun abstraktem Denken, wou gescheit Käpp sech virgestallt hunn, d'Leit géifen ënnerierdesch op hire Bus warden, si géifen d'Trap erof an d'Trap erop goen, fir vun engem Quai op deen aner ze kommen, a si géifen ënnert dem Boulevard Royal erduerch op déi aner Stroosseseit goen.

Dat huet vun Ufank un ni esou funktionéiert, d'Leit stunge léiwer iwwerierdesch am Reen a sinn tëschent de Bussen erduerch a queesch iwwert d'Strooss gelaaf. Dat huet esouguer d'Lëtzebuerger Wort, wann och mat e puer Joer Verspéidung agesinn.

Den Här "Pol" seet dann zum Schluss, e géif den Tram eppes Wonnerschéines fannen, mee e soll awer net de Stroosseverkéier a virun allem net den Eisebunnsverkéier behënneren.

Ech gesinn do e Widdersproch, wann ee soi-disant fir den Tram ass a gleichzeiteg awer d'Argumenter aus de 60er Joere noplappert, den Tram géif d'Autoen hënneren. Et ass iwwregens net, dass no 1964 wéi keen Tram méi d'Autoe "gehënnert" huet, de Verkéier op eemol gerullt ass.

Op der Schinn gëtt den Tram wéi en Zuch behandelt an hënnert net méi a net manner wéi all aner Zuch. Soss misste mer jo och d'Zich ofschafen.

Mee fir dem Här "Pol" eng kleng Satisfaktioun ze ginn, well ech him Recht ginn, dass en Tram deen am Stau hänkt, kee Virdeel par rapport zum Bus bréngt. Dat ass eng allgemeng Wourecht, déi keen a Fro stellt.

Ech gesinn och net, dass mer mat duebelstäckegen Zich duerch d'Nei Avenue fueren (Gott bewahre!).

Et war also eng Partei, déi huet den Tunnel-Projet vum Här Schummer opgegraff an huet de Wieler gesot, wann si fir de "Schuman-Plan" wieren, da sollte si déi Partei wielen.

Déi Partei huet awer den 13. Juni 2 vun hire 7 Sëtz verluer, an deemno kënnt een dat esou interpretéieren, wéi wann d'Leit de "BB" net wëllen.

Déi Gréng haten den Tram op hirer Affiche a krouten 2 Sëtz bei.

Ech soe just: "Affaire à suivre …!"

8 Date: 2004-06-15 17:04

Pol ( pas adresse / pas page web) a écrit:

Äntwert op dem Här Oswald seng Bemierkungen enner Punkt 3:

Et geet net drem den Individualverkéier ze schounen, mee dorem d'Transportkapacitéiten fir an d'Stad an aus der Stad eraus ze vergréisseren. De BB schaaft eng zousätzlech Méiglechkeet de Verkéier zu Spetzestonnen (moies um 8 a mettes um 5) ze entlaaschten. Do brengt en Tram deen am Stau steet (oder de Stau eréischt produzéiert) och näischt.

Zu den ennerierdeche Statiounen:

Wa wierklech esou vill Leit fäerten fir an den Ennergrond ze goen: Firwat sin dann déi Parkhaiser déi 5 oder méi Stäck an de Buedem gin all Dag gefellt?

An: As et nët vläicht awer am Wanter bei Minusgraden, bei Reen oder Nuets méi agreabel op engem Kameraiwwerwaachten ennerierdeche Quai ze stoen wéi an engem Bushaischen?

A wann der wierklech net wesst, virwat keen ennert dem Buedem um Aldringen op de Bus waart: Wahrscheinlech well ennert dem Buedem kee Bus laanscht kennt deen déi Leit giff mat huelen :o)

Nom Projet BTB kéint nemmen maximal all 4. Tram duerch d'Staad fueren, fir 3/4 vun den Zich giff sech näischt änneren. Ausserdeem hätte mer da mat deenen neien Duebelstäckegen CFLs-Zich op eemol och hei déi paradox Situatioun dass d'Leit bis bei d'Stad kommen, an dann awer Enkpäss bestin fir eran ze kommen! (Train-Tram: max. 74 Meter, Zuch: max. 190m Duebelstäckeg!).

Wier et also net méi logesch, den Zuch bis an d'Stad an de Kierchbierg ze bauen an en Tram just dohinner ze setzen wou duerno d'Transportkapacitéit vun de Bussen eben net duergeet?

Ech fannen en Tram och eppes wonnerschéines a sin emmer frou wann ech mat engem fuere kann. Mee e soll awer net de Stroossentraffik a virun allem net den Eisebunnsresau behenneren!

7 Date: 2004-04-07 12:17

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Réponse à Monsieur Platjouw:

Il existe un livre sur les tramways municipaux à Luxembourg qui est fort intéressant et qui peut être retiré au musée des tramways, au prix de 39.- €.

Le livre peut également être envoyé par courrier (45.- € pour le Grand Duché, 47.- € pour les autres pays).

Pour tous renseignements: tél. 00352-4796-2385.

6 Date: 2004-03-25 15:55

Rene Platjouw ( tram2electroliner@hotmail.com / pas page web) a écrit:

Chers messieurs, je suis un Wattman a Amsterdam depuis 1977. Je suis tres interesse dans le nouveau plan pour tramways dans Luxembourg. Dans un mois un ami presente un soiree avec diapositives a le sujet des chemins de fer a Lux. Moi, je veux parler sur le sujet des tramway anciennes dans votre pays.

Quand vous avez quelques photos ou renseignement sur ce sujet,je vous prie de les me mettre. Jéspere que je ná pas fait trops de fautes. Est ce quiíl existe un livre sur les tramways a Luxembourg ?

avec mes salutations,

Rene Platjouw

5 Date: 2003-11-04 08:36

Callens Nico (adresse e-mail enlevée à la demande de l'intéressé le 09.08.2009 / http://www.bttb.be) a écrit:

Je suis heureux de pouvoir connaître vortre site Internet. Comme membre actif de "Bond van Trein-, Tram- en Busgebruiekers", association sons but lucratif belge qui s'occupe avec le thème des usageurs du transport public et fortement intéressé dans l'aspect "tram régionial hybride" et visitant vraiment souvent (plusieurs fois par an) le Grand Duché (coté de Reisdorf/Beuafort), j'aime de tenir au courant des évolutions sur le terrain du tram futur Luxembourgois.

4 Date: 2003-09-13 18:29

beaumadier ( lbeaumadier@nordnet.fr / http://mongy.free.fr) a écrit:

nous avons la chance ici, d'avoir un vrai tram vivant (petit reliquat d'un vaste réseau), et un tram touristique ! (Amitram)

3 Date: 2002-09-30 17:37

Claude Oswald ( oswaldcl@pt.lu / pas page web) a écrit:

Virum Här Schummer wollte schonn aner Leit en Tunnel gruewen.

D'Fro ass, ob een den ëffentlechen Transport an den Ënnergrond verbanne wëllt, fir esou den Individualverkéier ze schounen?

An da muss ee sech d'Fro stellen, ob d'Leit bereed sinn 50 oder 60 Meter déif an de Buedem ze fueren, wa se aus Grënn déi ee gutt verstoe kann, de Centre Hamilius a sénger ablécklecher Form ni esou richteg ugeholl hunn? Wivill Leit ginn dann d'Trap erof a warden am Keller drop, dass hire Bus kënnt - respektiv dass se vun engem Onéierlechen iwwerfall ginn? Op déi Fro konnt den Här Schummer mer ni eng Äntwert ginn.

Ech kann dofir dene Leit déi un enger moderner Stadbunn "en surface" zweifelen, nëmme roden, op Saarbrécke kucken ze goen. Dat ass jo net allze weit eweg, an zénter kuerzem fiert esouguer en direkte Bus bis op d'Plaaz.

2 Date: 2002-09-30 15:51

Georges Franck ( georges@velomobil.org / pas page web) a écrit:

Ganz interessant, äre Site.

Just eng Fro: Muss deen Tram do onbedëngt duerch d'Nei Avenue fueren? Do gët et ee Projet BB (Bus-Bunn) vun engem Här Schummer. Hudd Dir schon dovunner héieren? Wann jo, wat halt Dir dovunner?

Mir schéngt dat eng valabel Alternativ ze sin ...

Mä vläicht hudd dir och Argumenter déi dergéint schwätzen a kéint mir dat matdeelen? Firwat eigentlech nët op ärem Site?

E schéine Bonjour a bonne Chance fir d'Zukunft.

1 Date: 2002-09-27 07:14

Abbes ( jacobyal@pt.lu / pas page web) a écrit:

Bravo fir déi flott Presentatioun!